Schütz alles, wat dir wichteg ass, a gestalt deng individuell Assurance easyPROTECT Discover
Entdeck wéi

Gewënnspill easyPROTECT Discover

Du fänks geschwënn däi Studium un? En Versécherungsoweis erlaabt et, dech op der Uni unzemellen an/oder de Kontrakt fir deng Studentewunneng ze ënnerschreiwen. Probéier elo däi Gléck a maach beim Gewënnspill easyPROTECT Discover 2024 mat: fëll de Formulaire aus a gewann mat e bësse Chance eng Wild Card vum Atelier fir op 10 Concerten vun denger Wiel ze goen (och wa se ausverkaf sinn). 

Gewënnspill vum 08.07.2024 - 31.08.2024
Reegele vum Spill

Gewënnspill

Matmaachen

easyPROTECT Discover

easy peasy, den ideale Versécherungsschutz fir Studenten

Déi éischt optimiséiert Vollversécherungsléisung fir Studenten oder Léierbouwen/-meedercher bis 27 Joer, déi zäitweis am Ausland wunnen. Mat easyPROTECT Discover hues du en All-in-One-Kontrakt, deen op deng Besoinen a Mëttel zougeschnidden ass. Genéiss däi Studium an aller Rouh!

Schütz däin Alldag

  • Komplett Haftflicht a Rechtsschutzversécherung am Kader vun dengen Alldag a Studenteliewen (ausser berufflech Aktivitéiten)

Schütz deng Geräter

  • Broch an Déifstall vu Computer- an audiovisuelle Geräter, déi sech an denger Studentewunneng befannen
  • Broch an Déifstall vun drobare Computer- an audiovisuelle Geräter weltwäit, 24 Stonnen den Dag
  • Broch an Déifstall vun dengem Smartphone weltwäit, 24 Stonnen den Dag

Schütz nach méi

  • Zeréckbezuele vun Aschreiwungskäschten op der Uni oder der Ausbildungsplaz bei Ofbroch vum Studium wéinst Krankheet, Accident oder Doud
  • Zeréckbezuele vu Reeskäschten am Noutfall (Krankheet, Doud, oder Accident vun engem Elterendeel)
  • Remboursement vun de Käschte fir Computerdonnéeën no engem versécherte Schued erëm hierzestellen

Schütz deng Wunneng

  • Ofsécherung vum gelounte Gebai géint Feier, Waasser a Glasbroch
  • Versécherung fir deng Miwwelen, onofhängeg dovun ob si dir gehéieren oder ob s du se gelount hues

Schütz deng Gesondheet

  • Assistance-Hëllefsdéngscht bei medezineschen Noutfäll
  • Zeréckbezuele vun Doktesch-, Spidols- an Zänndokteschkäschten am Ausland
  • Réckféierung am Krankheets- oder Doudesfall (vum Versécherten oder engem Elterendeel)

Personaliséier däi Versécherungsschutz a rechen deng Primm aus

Your situation

??,?? €

Primm pro Mount fir eng Assurance easyPROTECT Discover mat den ausgewielte Garantien.

Schütz och däin Auto (oder Moto)…

Entdeck déi verschidden Auto- a Motosassruancë vu LALUX

 

Wa Mobilitéit fir dech éischt Prioritéit huet, da schütz däi Gefier viru Glasbroch, Déifstall a Materialschued mat enger Autoversécherung vu LALUX. Entdeck déi verschidde Formele fir ënnerschiddlech Besoinen a Mëttel, du hues d’Wiel.

 

Entdeck easyPROTECT Auto