Versécherunge fir Familjen,Liewensversécherungen verëffentlecht den 02.05.2024
Liewensversécherungen: Séchert Är Zukunft an déi vun Ärer Famill of

D'Liewensversécherung kann déi finanziell Zukunft vun Ärer Famill sécheren, falls Dir onerwaart stierft. Esou kënne finanziell Belaaschtungen erliichtert, d'Ausbildung vun Äre Kanner garantéiert an d'Ierfschaft optimiséiert ginn.

  • Liewensversécherungen

    Méi dozou

    An enger Welt, an där et zu all Moment zu finanzieller Onsécherheet komme kann, féiert einfach kee Wee dolaanscht, Är Famill ze schützen. D’Liewensversécherung ass dobäi ee vun de wichtegste Pilieren, fir dës finanziell Sécherheet ze garantéieren. Egal ob Dir jonk oder scho méi al, Jonggesell(in) oder bestuet sidd, den Ofschloss vun enger Liewensversécherung ka fir Iech a fir Äert not Ëmfeld den Ënnerscheed maachen.

    Keng finanziell Onsécherheet opkomme loossen

    D’Liewensversécherung ass am Fall vun engem virzäitegen Dout e Rettungsrank, deen Äre Léifsten e kruziale Schutz bitt. Hei kréien d’Beneficiairen, déi Dir bestëmmt hutt, e Kapital ausbezuelt, dat hinne bei den deeglechen Depensen, de Schoulkäschten oder einfach beim Erhale vun hirem Liewensstandard ënnert d’Äerm gräift. Eng immens wichteg Ressource, fir déi finanziell Stabilitéit vun Ärer Famill a schwieregen Zäiten ze garantéieren.

    Méi Informatiounen zur Determinatioun vun de Beneficiairen a wéi ee seng Versécherungszomm festleet

    Finanziell Belaaschtungen offiederen

    Iwwer déi alldeeglech Besoinen eraus hëlleft eng Liewensversécherung och, d’Käschte vum Begriefnes an aner finanziell Verflichtungen, déi mam Stierffall verbonne sinn, opzefänken. Si kann och benotzt gi fir Scholden, wéi en Immobilien- oder Studenteprêt, zeréckzebezuelen, an esou Är Famill vun zousätzleche finanzielle Belaaschtunge befreien. 

    D’Zukunft vun Äre Kanner garantéieren

    Fir Elteren ass eng Liewensversécherung en immens wichtegt Element. Si deckt net nëmmen déi direkt Besoine vun Äre Kanner of, mee séchert hinnen och déi néideg Ressourcen, fir hir Studie weiderzeféieren an hir Ziler ze erreechen, och wann Dir net méi do sidd. Dat erweist sech als besonnesch nëtzlech, wann Dir fir d’Haaptakommes vun Ärer Famill verantwortlech sidd.

    D’Plange vun der Successioun optiméieren

    D’Liewensversécherung kann och beim Plange vun der Successioun eng wichteg Roll spillen. Zu Lëtzebuerg muss op d’Leeschtungen, déi un d’Beneficiairen ausbezuelt ginn, an der Reegel keng Akommessteier bezuelt ginn, dat bedeit, datt Är Famill de Versécherungsbetrag integral ausbezuelt kritt, ouni zousätzlech Steiere mussen ze bezuelen. Ausserdeem kënnen d’Primme vun enger Liewensversécherung vun der Steier ofgesat ginn.

    De Kapp a Rou leeën - en onbezuelbaren Atout

    Wann Dir wësst, datt Är no Famill am Doudesfall finanziell versuergt ass, kënnt Dir Iech drop konzentréieren, eng erfollegräich Zukunft fir Är Famill opzebauen, ouni Angscht viru finanzieller Ongewëssheet mussen ze hunn.  Dat erlaabt Iech och, Äert aktuellt Liewen a vollen Zich ze genéissen, well Dir wësst, datt Dir déi néideg Moossname getraff hutt,  fir déi, déi Iech am meeschten um Häerz leien, ze schützen.

    Liewensversécherungen

    Méi dozou