easyPROTECT ass deen eenzege Kontrakt zu Lëtzebuerg, deen et erlaabt, all Är Assurancen ze regruppéieren: Haus a Wunneng, Auto, Familljenhaftflicht, Rechtsschutz, Accidenter a Reesen.
Komplette Versécherungsschutz, deen d'Passagéier, d'Gefier an Äert Gepäck schützt, a sech un Är Besoinen a puncto Mobilitéit upasst.
D'Multirisk-Assurance, déi Är Wunneng an hiren Inhalt schützt, onofhängeg dovunner, ob Dir an engem Haus oder an engem Appartement wunnt.
Déi onverzichtbar Assurance fir Studenten, déi zäitweileg am Ausland liewen: Studentewunneng, Haftflicht, informatescht an audiovisuellt Equipement, medezinesch Noutfäll, Assistance-Servicer asw.
Eng Onfallversécherung schützt Iech géint déi finanziell Konsequenze vun engem Accident am Privatliewen an/oder am Beruffsliewen.
Dës ëmfaassend Reitsportassurance bitt Iech, an Zesummenaarbecht mat R+V, Vereinigte Tierversicherung (VTV), de passende Versécherungsschutz fir Är Passioun: d'Päerd.
Bauversécherunge schützen Äre Chantier a versécheren Äert Gebai bis zu 10 Joer nom Enn vun de Bauaarbechten.
Am Fall vun engem Litige bitt de Rechtsschutz Iech Berodung an hëlleft Iech, séier eng Léisung am Gudden ze fannen. En deckt och d'Käschten an d'Honorairen of, wa geriichtlech Schrëtt sollten néideg ginn.
Profitéiert onbeschwéiert vun Ären Deplacementer op der ganzer Welt an d'ganzt Joer iwwer - Är Famill an Dir selwer sidd gutt geschützt.
Dëse Versécherungsschutz garantéiert Iech de Remboursement vun de Käschte fir Behandlungen, sief et ambulant, am Spidol oder fir d'Zänn, a gräift och beim Récktransport oder der Verlängerung vum Openthalt, wann dat néideg sollt sinn.
Déi ideal Assurance fir Är spontan Deplacementer: medezinesch Behandlungen, Traitementer am Spidol oder vun den Zänn a Récktransport am Noutfall, op der ganzer Welt.
Déi privat Krankeversécherunge vun DKV Luxembourg bidden Iech déi beschtméiglech Leeschtungen am Gesondheetsberäich - ugepasst un Är Besoinen.
Spueren, investéieren, Verméige schützen oder iwwerdroen? D'Lëtzebuerger Liewensversécherunge sinn um internationale Plang bekannt fir hir Capacitéit, Sécherheet a Performancë mateneen ze verbannen.
Séchert de Liewensstandard vun Äre Léifsten of oder garantéiert de Fortbestand vun Ärer Entreprise am Stierffall. D'Assurance décès vu LALUX-Vie ass eng klassesch Léisung, mat där Dir virsuerge kënnt.
Spuert fir eng Zousazpensioun a profitéiert gläichzäiteg vu bedeitende steierleche Virdeeler. easyLIFE Pension bitt Iech 2 Formelen un: eng mat garantéiertem Kapital an eng mat der Méiglechkeet, an Investmentfongen ze investéieren.
easyLIFE Reschtschold, onëmgänglech bei Projeten, déi iwwer e Prêt bei enger Bank finanzéiert ginn, schützt Är Famill viru finanzielle Problemer am Stierffall.
Sidd Dir op der Sich no enger interessanter a verantwortlecher Alternativ, déi Ären etheschen, sozialen an ekologesche Wäerter entsprécht? Mat easyLIFE Invest for Future kënnt Dir Kapitalschutz an d'Leeschtung vun Investitiounsfonge kombinéieren.
Dir wëllt Är Kanner schützen an hir Zukunft och am Stierffall ofsécheren? Mat easyLIFE Education kënnt Dir eng Kapitalversécherung ofschléissen a gläichzäiteg vun engem garantéierte Rendement profitéieren.
Garantéiert Spuerléisung ouni medezinesch Formalitéiten, fir d'Zukunft vun Äre Kanner ze sécheren. Wann et esouwäit ass, kréien Är Kanner 5 Joer laang all Trimester eng Rent ausbezuelt.