Versécherunge fir Familjen verëffentlecht den 03.05.2024
Eng Onfallversécherung fir de Schutz vun der finanzieller Zukunft vun Ärer Famill

An enger onberechenbarer Welt ass eng Onfallversécherung essentiel fir Är Famill ze schützen. Fannt eraus wéi dëse Schutz finanziell Stabilitéit am Fall vu schwéiere Schicksalsschléi bitt. mat Mat easyPROTECT Accident kënnt Dir Är Couverture esou upassen, dass se Äre Besoinen entsprécht.

  • easyPROTECT Accident

    Entdecken

    Schützt d’finanziell Zukunft vun Ärer Famill mat enger Onfallversécherung

    An enger Welt, an där zu all Moment eppes Ongeplangtes passéiere kann, ass eng Onfallversécherung en onverzichtbare Schutz fir déi Leit, déi eis am nooste stinn. Dëse Schutz geet wäit iwwer de Remboursement vun den Dokteschkäschten eraus. Et ass deemno e gesonde Reflex, sech fir eng Onfallversécherung ze entscheeden.

    Äert not Ëmfeld schützen: eng finanziell Ofsécherung am Fall vun engem béise Coup

    Am Mëttelpunkt vun all Onfallversécherung steet d’Versprieche vu finanzieller Sécherheet. Accidenter kënnen net nëmmen héich Dokteschkäschten, mee och esouguer en Akommesverloscht wéinst Aarbechtsonfäegkeet mat sech bréngen. Eng Onfallversécherung kann dës Käschten ofdecken an esou déi finanziell Laascht vun Iech ewechhuelen. Am Stierffall duerch en Accident kann dës Versécherung och Ärer Famill eng finanziell Stabilitéit ginn, fir datt si onerwaarten Depensen ofdecken an hire Liewensstandard hale kann.

    E séchere Pilier, fir datt Dir Äre Kapp a Rou leeë kënnt

    D’Gewëssheet, am Fall vun engem Accident ofgeséchert ze sinn, dréit enorm vill zu der Entspaantheet bäi. Dir kënnt Ären alldeeglechen Aktivitéiten nogoen an der Gewëssheet, datt Dir an Är Famill gutt geschützt sidd.

    easyPROTECT Accident këmmert sech an alle Situatiounen ëm Iech:

    • bei Ären Deplacementer als Foussgänger, Chauffer oder Passagéier
    • bei Äre gewinnten Aktivitéite wéi Aarbecht am Haushalt oder kleng Handwierksaarbechten
    • an Ärer Fräizäit, z.B. an de Vakanzen, beim net professionelle Sport (an och esouguer bei geleeëntlechen Extreemsportaktivitéiten)

    Eng effikass Optioun am Beruff

    E spezielle Versécherungsschutz fir Accidenter wärend der Aarbechtszäit ass als Optioun virgesinn. Wann Dir e Beruff ausüübt, dee mat ville Risike verbonnen ass, oder potenziell geféierlech Aufgaben ausféiert, ass dës Optioun e wichtegt Sécherheetsnetz.

    Äre personaliséierte Schutz

    De Choix vun där richteger Onfallversécherung ka vu ville Facteuren ofhänken, dorënner besonnesch Är Familljesituatioun, Äre Liewensstil an Är spezifesch Besoinen a puncto Versécherungsschutz.

    • Solo: Fir déi, déi eleng stinn oder déi haaptsächlech fir d’Akommes vun der Famill suergen, bitt dës Optioun e perséinleche Versécherungsschutz, deen Är finanziell Sécherheet am Fall vun engem Accident garantéiert.
    • Duo: Dës Formel ass ideal fir Koppelen oder Famillen ouni Kanner, si verbënnt de Schutz vun zwou Persounen an engem eenzege Kontrakt.
    • Famill: Wa Kanner an Ärem Stot liewen, bitt dës Optioun e breede Versécherungsschutz fir all d’Familljememberen a garantéiert domat eng kollektiv finanziell Sécherheet.

    Bonus: de steierleche Virdeel

    Vergiesst net, datt d’Primme vun enger Onfallversécherung vun de Steieren ofgesat kënne ginn.

    Ären Agent steet Iech ëmmer zur Säit

    Mam Choix vun der Onfallversécherung, déi am beschte bei Är Situatioun passt, kënnt Dir sécherstellen, datt Dir an Är Famill am Fall vun engem Accident geschützt sidd, an dat Gefill suergt fir laangfristeg Entspaantheet. Zéckt net, Äre LALUX-Agent ze kontaktéieren, fir Är spezifesch Besoinen ze ermëttelen an déi passend Versécherungen ze fannen.

    easyPROTECT Accident

    Entdecken