Professionnel Clienten,Pensioun verëffentlecht den 25.11.2024
Rent a Steieren: de verstoppten Atout vun Ärer Entreprise
Blog/Rent a Steieren: de verstoppten Atout vun Ärer Entreprise

Zu Lëtzebuerg kann Är Entreprise Iech, zousätzlech zu der Basisrent vum Staat, en Zousazpensiounssystem ubidden, mat deem Dir Är Pensioun ënner steierlech gënschtege Bedéngunge virbereede kënnt. Dësen Dispositif ass wéineg bekannt a gëtt nach ze mann benotzt, obwuel en duerchaus Är ganz Opmierksamkeet verdéngt. Loosst eis zesummen entdecken, wéi e funktionéiert a wat seng Virdeeler sinn.

De Lëtzebuerger Pensiounssystem an einfache Wierder erkläert

Zu Lëtzebuerg funktionéiert d’Pensioun wéi en Haus mat dräi Stäck (oder op dräi „Pilieren”):

  • Den 1. Pilier: d’gesetzlech Basisrent, déi vum Staat ausbezuelt gëtt

  • Den 2. Pilier: d’Zousazpensioun, déi vun der Entreprise ugebuede gëtt (de Sujet, deen eis haut interesséiert)

  • Den 3.e Pilier: déi privat Renteversécherung

En Zousazpensiounssystem – wat ass dat genee?

En Zousazpensiounssystem funktionéiert ewéi e spezielle Spuerkont, dee vun Ärem Employeur ageriicht gouf an exklusiv dozou bestëmmt ass, Är Pensioun virzebereeden, andeem:

  • Ären Employeur reegelméisseg Bäiträg, déi een „Allocations patronales” nennt, fir Är zukünfteg Rent abezilt

  • och Dir Är eege Bäiträg, déi een da perséinlech Cotisatiounen nennt, derbäisetze kënnt.

  • Souwuel dir selwer ewéi och Ären Employeur profitéiert vu steierleche Virdeeler op dëse Bäiträg.

Mee dat ass nach net alles! Dëse Regimm ass net op d’Pensioun begrenzt, e kann och de Stierffall an d’Invaliditéit ofdecken an domat fir e komplette Schutz vun Iech an Äre Léifste suergen.

Firwat sollt ee sech dofir interesséieren?

D’Realitéit ass frappant: Zu Lëtzebuerg kritt e Rentner am Duerchschnëtt méi ewéi dat Duebelt vun deem, wat fir hien am Laf vu senger Karriär cotiséiert gouf. E generéise System, dat stëmmt, mee et kann ee sech froen, wéi dat Ganzt op laang Siicht ausgesäit. De Message ass kloer: Et ass wichteg, sech haut schonn zousätzlech Erspuernesser opzebauen, fir d’Zukunft virzebereeden.

An hei kënnt de Pensiounsplang vun der Entreprise an d’Spill. Fir dovunner profitéieren ze kënnen, muss Ären Employeur dëse System an Ärem Betrib ageriicht hunn. Momentan bidden nëmmen 2.200 Entreprisen, déi zesumme ronn 70.000 Salariéen ofdecken, sou e System zu Lëtzebuerg un. Dat ass erstaunlech wéineg fir e Land, an deem sozial Innovatioun groussgeschriwwe gëtt. Eng Opportunitéit deemno, vun där nach vill ze mann profitéiert gëtt!

Wann Äre Betrib dësen Dispositif nach net ubitt, sollt Dir wëssen, datt en ëmmer méi als attraktive Virdeel gëllt, fir Mataarbechter unzezéien an ze fideliséieren.

Lounerhéijung oder Zousazpensiounssystem? Wat ass méi interessant fir Iech?

Fir datt Dir de finanziellen Interêt vum Zousazpensiounssystem besser verstitt, wëlle mer hei zwou Situatioune matenee vergläichen: Ären Employeur verfüügt iwwer e Budget vun 113 €, fir Iech en Avantage zoukommen ze loossen. Et ginn 2 Optiounen:

1. Optioun: Eng Lounerhéijung

Ugeholl, Ären Employeur decidéiert, Iech méi ze bezuelen. Da geschitt dat heiten:

  • Hien accordéiert Iech eng Erhéijung vun 100 € brutto.

  • Dorop muss hien ausserdeem nach 13 € Soziallaaschte bezuelen

  • Total fir den Employeur: 113 €

Mee vun Ären 100 € Erhéijung:

  • geet en Deel fir d’Sozialbäiträg of

  • geet e weideren Deel fir d’Steieren of

  • Ënnert dem Stréch bleiwen Iech nëmmen 62 € netto an der Täsch.

2. Optioun: Dee selwechte Betrag an Ären Zousazpensiounssystem abezuelen

Huele mer elo un, Ären Employeur setzt dee selwechte Budget fir Är Pensioun an:

  • Hie bezilt 94 € an Äre Pensiounsplang an

  • Hie bezilt nëmmen 19 € Pauschalsteier (20 %)

  • Total fir den Employeur: ëmmer nach 113 €

De groussen Ënnerscheed?

  • Dir profitéiert vun de ganze 94 €, déi an Äre Plang abezuelt goufen

  • Dëse Montant „schafft” fir Är Pensioun

  • Dir bezuelt den Ament keng Steieren op dëse Betrag

  • Beim Antrëtt an d’Pensioun bezuelt Dir nëmmen e klenge Bäitrag vun 1,4 % (de Bäitrag fir d’Fleegeversécherung)

Am Resümmee:

  • Mat der Lounerhéijung kritt Dir direkt 62 € netto

  • Mat der Pensiounsversécherung spuert Dir 94 € fir Är Pensioun

Dat ass, wéi wann Dir 50 % méi géift kréien, bei gläichbleiwende Käschte fir Ären Employeur! Dat nennt een eng „Win-win-Situatioun”:  Ären Employeur optiméiert säi Budget an Dir profitéiert vu méi enger grousser Zomm, fir Är Pensioun virzebereeden.

Perséinlech Cotisatiounen – Är konkreet Virdeeler

Zousätzlech zu den Allocatioune vum Patron kënnt Dir selwer och dëse järleche Betrag eropsetzen. Bis zu 1.200 € d’Joer (d. h. 100 € de Mount) spuere kënnen, an dat mat weesentleche steierleche Virdeeler – dat kléngt dach gutt, oder net? Dës perséinlech Cotisatioune ginn direkt vun Ärer Pai ofgehalen, ouni pauschal Akommessteier. Nach besser: Beim Austrëtt ass Äert Kapital zu Lëtzebuerg vun der Akommessteier befreit. Nëmmen de Bäitrag fir d’Fleegeversécherung an Héicht vun 1,4 % ass fälleg.

Un exemple concret

Wann ee beim Akommes vun engem Besteierungstaux vu 35 % ausgeet, da gesäit d’Beispill vum Thomas follgendermoossen aus:

  • Hie bezilt all Mount 100 € fir seng Zousazpensioun an

  • Am Joer mécht dat e gespuerte Betrag vun 1.200 €

  • Hie spuert420 € Steieren (35 % vun 1.200 €)

  • Ënnert dem Stréch kascht säin erspuerte Betrag vun 1.200 € hien nëmme 780 € netto

Eng berouegend Flexibilitéit

Dëse Pensiounsplang ass ausgeluecht, fir Iech bis zum Antrëtt an de Rentenalter ze begleeden, wou Dir da ganz natierlech iwwer Är Erspuernesser verfüge kënnt. Ausnamsweis kënnt Dir awer och an zwee spezifesche Fäll drop zougräifen:

  • Am Fall vun enger neier Aarbecht am Ausland

  • Beim Wiessel vum Employeur zu Lëtzebuerg, wann d’Gesamterspuernes ënnert dem Dräifache vum soziale Mindestloun (2024 ongeféier 7.700 €) läit

An d’Independanten?

Gutt Nouvelle: Och d’Independanten, déi hei am Land wunnen, ginn net vergiess! Mam Zousazpensiounssystem fir Independante kënnt Dir Är Pensioun virbereeden, mat der Optioun, och de Stierffall, d’Invaliditéit an Accidenter ofzedecken, an dobäi vu vergläichbare steierleche Virdeeler profitéieren ewéi d’Salariéen.

Mat lalux-Safe Future ass dat ganz einfach:

  • Dir kënnt bis zu 20 % vun Ärem Nettojoresverdéngscht abezuelen

  • Är Primme kënnt Dir vun de Steieren ofsetzen

  • Dir bezuelt nëmmen 20,9 % Pauschalsteier op de Cotisatiounen (net ofsetzbar)

  • Beim Antrëtt an de Rentenalter sinn déi abezuelte Leeschtungen akommessteierfräi, nëmmen de Bäitrag fir d’Fleegeversécherung an Héicht vun 1,4 % ass fälleg.

Gitt aktiv

An engem Kontext, wou d’Steierbelaaschtung zu Lëtzebuerg ëmmer nach héich ass, ass d’Zousazpensioun eng vun de wéinegen Opportunitéiten, fir e signifikant Spuerkapital opzebauen a gläichzäiteg déi direkt an déi zukünfteg Besteierung ze optiméieren. E reegelrechte positive Kreeslaf, deen Är ganz Opmierksamkeet verdéngt.

Loosst Iech déi Geleeënheet, fir Är Zukunft ganz entspaant virzebereeden, net entgoen. Wann Är Entreprise e Pensiounsplang ubitt, dann ass elo de Moment, fir dovunner ze profitéieren. Wann dat nach net de Fall ass, sollt Dir wëssen, datt ëmmer méi Employeuren drun denken, dëse System anzeféieren, fir Talenter unzezéien an ze fideliséieren.