Detailer vun der Leasing Offer Autofestival 2023 - ALD

Entdeckt d'Detailer vun de Leasing Offeren, déi vun Ärem Agent an Zesummenaarbecht mat ALD Automotive ugebuede ginn. Wann Dir wëllt, bitt Iech Ären Agent och eng Assurance un déi op Är perséinlech Situatioun a Besoinen ugepasst ass.

An der Offer abegraffene Basis Service:

  • Finanzement baséierend um maartübleche Reschtwäert
  • Akkont (optional)
  • Immatrikulatioun
  • Entretien a Reparaturen
  • Taxe de circulation

Je no Äre spezifesche Besoinen:

  • option Aner Kontraktbedéngungen kënne virgesi ginn (Dauer, Kilometrage, Akkont)
  • option Zousätzlech Servicer kënne wärend der definitiver Konfiguratioun bäigefüügt ginn
  • option Den Auto kann och personaliséiert ginn (Optiounen, Felgen, Faarf, asw.)

Optional Servicer:

  • option Summer- a Wanterpneue jee no Ofnotzung (Platte mat abegraff)
  • option Ofdeckung vun de Locatiounsschied um Enn vum Kontrakt
  • option ACL Assistance
  • option Direkt Ersatz Gefier, fir d'Dauer vun de Reparaturen

Zousätzlech Servicer op Ufro:

  • option Opluedstatioun (elektresch Autoen)

Assurance LALUX

A punkto Versécherung profitéiert Dir weider vum Service vun Ärem LALUX Agent an all de Virdeeler vum easyPROTECT All-in-One Kontrakt. Ären Agent wäert Iech eng spezifesch Offer ubidden, andeems Äre perséinleche Bonus berücksichtegt gëtt.

Dank Ärem LALUX Agent hutt Dir Zougang zu de virdeelhaften Offere vun hire Leasingpartner. Andeems Dir hie kontaktéiert a jee no Äre Besoinen, setzt hien Iech mat engem Leasingpartner a Kontakt an Dir profitéiert vun enger privilegiéierter Offer.

Enn vum Kontrakt

Um Enn vum Kontrakt gëtt den Auto zeréckginn an en Etat des lieux vun engem onofhängegen Expert gemaach. Wann Dir Iech fir d'Ofdeckung vu Locatiounsschied um Enn vum Kontrakt entscheed hutt, ginn Iech keng Reparaturen verrechent. 
Just Schied, déi net op Verschläiss (definéiert am Katalog) zeréck ze féieren oder net Ärer easyPROTECT Auto Versécherung garantéiert sinn, kënne refakturéiert ginn. 
Et gëtt och en Decompte vum tatsächlech realiséierten an dem am Kontrakt festgehalene Kilometrage gemaach, deen op enger transparenter Matrix baséiert, déi all d'Dauer-/Kilometer-Kombinatiounen enthält, an déi bei der Ënnerschrëft vum Kontrakt präziséiert gouf. 

Konditioune vun der Offer

  • Speziell Offer gëlteg bis den 28. Februar 2025 a fir eng minimal Dauer vu 24 Méint
  • Konditioune valabel fir eng Bestellung am offiziellen Netzwierk zu Lëtzebuerg
  • Offer reservéiert fir Privatpersounen, déi zu Lëtzebuerg wunnen
  • Offer valabel ënnert der Konditioun vum Accord vum Kreditkomitee