Don't Worry Be Happy 2024

Markenkampagne & Spot

Duerch d'Geschicht vun engem 9-järege Meedchen, dat ënnert dem opmierksame Bléck vu sengem Papp, bei enger Seefekëschtecourse wéilt matmaachen, reflektéiert dëse Spot perfekt d'Attitude vun engem Assuréierte vun der LALUX, och wann déi eng oder aner kleng Katastroph d'handwierklech Konstruktioun vun der klenger Coursemaschinne begleet. Dës Gefill vu Sécherheet iwwerdréit sech schnell tëschent den 2 Generatiounen.

Dëse Video ass méi wéi just eng Suite vum Slogan „Don't worry, Be Happy“ mee eng regelrecht Inszenéierung vun der Marken-DNA vun der LALUX, déi déi zwou Ekippe vu Vanksen an Eligans an dësem neien Opus subtil duerchstelle konnten, an déi och beweist, dass eng gutt Versécherung bei der LALUX hëlleft ënner allen Ëmstänn e Laachen am Gesiicht ze behalen.

Teaser format 9/16 - 6s

Teaser format 9/16 - 15s

Teaser format 9/16 - 15s

Mediathéik

All Videoën

LALUX op YouTube

Elo kucke goen