Déi vereinfacht Gestioun vun Zousazpensiounssystemer fir Independanten easyPENSION PRO, den neie gesécherten digitalen Espace
Méi dozou...

easyPENSION PRO Independant

Den Espace Client fir Zousazpensioune fir Independanten

Fir de Cliente vun engem Zousazpensiounsplang fir Independanten e reegelméissege Suivi vun hiren Erspuernisser ze bidden, huet LALUX d'Plattform easyPENSION PRO geschaf.

Dës nei Plattform riicht sech u Selbststänneger an Independanten, déi eng lalux-Safe Future Zousazpensioun ofgeschloss hunn, déi hinnen erméiglecht fir hir Zukunft virzesuergen a vu steierlechen Avantagen ze profitéieren. 

 

Virdeeler

Ronderëm d'Auer verfügbar

easyPENSION PRO ass zu all Moment bei Iech doheem an an der ganzer Welt  ronderëm d'Auer verfügbar. Als Client kënnt Dir Är Zousazpensiounspläng verwalten an iwwerwaachen, wou a wéini Dir wëllt. 

Einfach Gestioun

Mat easyPENSION PRO huet elo jiddereen, dee Wäerter an engem Pensiounsproduit vun der 2. Sail huet, d'Méiglechkeet esou Wäerter op dëser Plattform ze kombinéieren a behält dësen Zougang bis zur Pensiun an och dann, wa se op en anere Patron wiesselen. Dëst mecht d'Iwwerwaachung vum Zousazpensiounsplang méi einfach. 

All Är wichteg Dokumenter zentraliséiert

Consultéiert Är individuell Certificaten direkt an Ärem easyPENSION PRO Espace.

Vill Fonktiounen verfügbar

Kuckt Är Erspuernisser, schätzt Äert Kapital fir Är Pensioun, frot en Dokument un, kontrolléiert Är Risikoofdeckung, kontrolléiert Ären Investitiounschoix. All dës Aktiounen sinn elo verfügbar.

Informatiounsvideoen

easyPENSION PRO - fir wien ass dat?

 

easyPENSION PRO ass e praktescht digitalt Tool fir: 

  • - déi, déi am Kader vun enger betriblecher Zousazpensioun veréschert sinn, d.h. Mataarbechter vun enger Entreprise, déi en Zousazpensiounsplang fir hir Mataarbechter ofgeschloss huet
  • - d'Ressources Humaines an Dirigeants d'entreprises, déi fir hir Mataarbechter e lalux-Staff Protect Zousazpensiounsplang ofgeschloss hunn
  • - Fräiberuffler an Independanten, déi e lalux-Safe Future Zousazpensiounsplang ofgeschloss hunn