Infoen & Tools/FAQ/Firwat ass meng Handysnummer indispensabel, fir mech bei easyAPP Home anzeloggen?

Firwat ass meng Handysnummer indispensabel, fir mech bei easyAPP Home anzeloggen?

Eng gülteg Handysnummer ass indispensabel fir Iech bei easyAPP an easyAPP Home unzemellen a fir Iech anzeloggen.

Fir Är perséinlech Donnéeën ofzesécheren, kritt Dir bei der Umeldung / Kreatioun vun Ärem Kont a bei all Aloggen en eemolege Sécherheetscode (OTP – One Time Password) op Är Handysnummer geschéckt. Dëse Code besteet aus 6 Zifferen an ass 10 Minutte laang gülteg.

Wann Dir Är Handysnummer gewiesselt hutt, musst Dir Iech mat Ärer neier Handysnummer frësch umellen (en neie Kont kreéieren), fir datt Dir d'mobil Applikatioun easyAPP weider benotze kënnt.
Alternativ kënnt Dir och an de Clientsberäich vun easyAPP Home goen an Är Login-Donnéeën an der Rubrik „Mon compte” (Mäi Kont) änneren, andeem Dir op Ären Numm op der Startsäit klickt.