Wat ass eng privat Haftflichtversécherung?
D'privat Haftflichtversécherung séchert de Preneur d'assurance, säi Partner a seng net bestuete Kanner, déi mat him an engem Stot liewen, of als:
- Privatpersoun;
- Foussgänger;
- Vëlosfuerer;
- Sportler;
- Chef de famille;
- Bewunner vun engem Haus/enger Wunneng;
- Besëtzer oder Gardien vun Hausdéieren;
- Proprietär oder Benotzer vu Waffen;
- Proprietär oder Benotzer vun Haushalts- a Gaardegeräter.
Et gëtt recommandéiert, zesumme mat der privater Haftflicht och eng Rechtsschutzversécherung ofzeschléissen, déi souwuel berechtegt Entschiedegungsfuerderunge wéi och d'Verdeedegung géint ongerechtfäerdegt Fuerderungen ofdeckt.