Wéi laang bleift mäin easyAPP Home-Kont bestoen?
Ären easyAPP Home-Kont bleift esoulaang bestoen, wéi Dir op d'mannst een Assurancekontrakt beim Grupp LALUX (LALUX Assurances, LALUX Assurances-Vie an DKV Luxembourg) als Preneur d’assurances (an/oder als Assuré vun engem Krankeversécherungs-Gruppekontrakt vun Ärem Employeur) lafen hutt.
D'Benotze vu LALUX easyAPP Home ass net obligatoresch, gëtt awer staark recommandéiert, well se Iech d'Gestioun vun Ären Assurancekontrakter an Är Echangë mat Ärem Agent/Ären Agente vereinfacht.
Soubal Dir net méi Client beim Grupp LALUX sidd, gëtt Äre Kont automatesch zougemaach.