Gesondheetsversécherungen verëffentlecht den 31.05.2024
E Bléck op de lëtzebuergesche Gesondheetssystem: Effikassitéit a Limitten

De Lëtzebuerger Gesondheetssystem, bekannt fir seng universell Ofdeckung an Accessibilitéit, ass e wesentleche Pilier vun der Gesellschaft. Och wann en efficace ass, huet et Limite, besonnesch wat d'Remboursement vu bestëmmte medezineschen Ausgaben ugeet. Zousätzlech Krankeversécherung ass dacks néideg fir dës Lücken ze fëllen an optimale Schutz ze garantéieren.

  • Guide vun de Gesondheetsversécherungen

    Entdecken

    Kucke mer eis d’Welt vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem emol méi genee un: Et ass en immens wichtegen an effikasse Pilier vun der Gesellschaft, deen op fundamentale Wäerter wéi universelle Versécherungsschutz, Accessibilitéit a Gläichheet fir all d’Bierger baséiert.  Dëse System gëllt als ee vun deene beschten op der Welt. An awer huet e logescherweis och seng Limitten, besonnesch wat de Remboursement vu verschiddenen Dokteschkäschten ugeet. Eng performant Zousazkrankeversécherung kann dës Defiziter awer ausgläichen.

    Zougang zu de Gesondheetsleeschtungen a Finanzement

    Fir zu Lëtzebuerg Zougang zu de Gesondheetsleeschtungen ze hunn, muss een iwwer de Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) krankeverséchert sinn. D’Affiliatioun, déi den Employeur fir seng Mataarbechter an d'Weeër leet, garantéiert, datt all Eenzelen, onofhängeg vu sengem beruffleche Statut oder sengem Akommes, déi néideg Gesondheetsleeschtungen an Usproch huele kann. Finanzéiert gëtt de System iwwer d’Kombinatioun vun de Cotisatioune vum Patron a vum Salarié a staatleche Subventiounen, fir datt déi sou wichteg Solidaritéit a Bestännegkeet séchergestallt sinn.

    Äre Gesondheetsschutz optiméieren

    Zu de Gesondheetsleeschtungen zielt eng ganz Bandbreet vu Servicer, dorënner medezinesch Leeschtungen, Behandlunge fir d’Zänn, fir d’Aen, an och Medikamenter. An der Reegel ginn dës Leeschtunge vum Patient virgestreckt a vun der CNS rembourséiert. Servicer wéi Hospitalisatiounen, Labosanalysen a Medikamenter funktionéieren nom System vum Tiers payant. Dat bedeit, datt de Patient nëmmen deen Deel vun de Käschte bezilt, déi vun him ze droe sinn.

    Mee trotz dëser Couverture muss den Assuré awer fir verschidde Käschte selwer opkommen, zum Beispill eng Hospitalisatioun an engem Eenzelzëmmer, alternativ Behandlungsmethoden oder méi pousséiert Behandlungen un den Zänn. Fir dës Lächer ze stoppen, kann eng Zousazkrankeversécherung zousätzlech Remboursementer oder eng komplett Prise en charge vu verschiddene Leeschtunge bidden.

    Beim Choix vun där richteger Zousazversécherung geet et awer net nëmmen drëm, déi reschtlech Fraisen ofzedecken. Et geet och drëm, Zougang zu méi héichwäertege Fleegeleeschtungen, zu individueller Versuergung a Preventiounsservicer, déi am traditionelle Gesondheetssystem dacks vergiess ginn, ze kréien. Dës Virdeeler kënnen an Ärem Gesondheetsparcours entscheedend sinn, andeem se Iech erlaben, Äert Wuelbefannen ze erhalen a gesondheetleche Problemer virzebeugen.

    Léisungen, déi Äre Besoinen entspriechen

    DKV Luxembourg, Member vum Grupp LALUX, bitt vill verschidden Zorte vu Versécherungsschutz un, déi op déi jeeweileg Besoinen zougeschnidde sinn an dofir suergen, datt Dir Äre Kapp a Rou leeë kënnt, well Är Gesondheet optimal ofgeséchert ass, egal ob Dir Resident, Frontalier, Independant, EU-Fonctionnaire oder op der Rees sidd.

    Et ass deemno wichteg, Är Besoinen am Beräich Gesondheet gutt ze evaluéieren an Iech, wann néideg, fir déi passend Zousazversécherung ze entscheeden. Domat sidd Dir optimal ofgeséchert a musst keng Angscht virun eventuellen ongeplangte Käschten am Zesummenhang mat Ärer Gesondheet hunn.

    Fir erauszefannen, wéi e Produit am beschte bei Är individuell Situatioun passt, kënnt Dir gär de spezielle Questionnaire op dkv.lu benotzen. Mat dësem Tool kënnt Dir déi bescht Formel fir d’Versécherung vun Ärer Gesondheet ermëttelen, déi bei Är individuell Besoine passt.

    Dir kënnt och Äre LALUX-Agent kontaktéieren, fir perséinlech beroden ze ginn.

    Guide vun de Gesondheetsversécherungen

    Entdecken