Gesondheetsversécherungen,Expats verëffentlecht den 06.12.2024
Kollektiv Krankeversécherung: Nei zu Lëtzebuerg, Är aussergesetzlech Virdeeler zu Lëtzebuerg bäibehalen

Dir hutt Iech grad zu Lëtzebuerg installéiert oder sidd um Punkt, e Kontrakt bei Ärem neien Employeur hei ze ënnerschreiwen. Elo wëllt Dir wëssen, vu wéi engen aussergesetzleche Virdeeler Dir profitéiere kënnt, a virun allem, wéi Dir déi, déi Dir an Ärem Heemechtsland hat, bäibehale kënnt. Wéi gesäit et besonnesch am Beräich vun der Gesondheet aus?

  • DKV Luxembourg

    Fannt Är Ofdeckung

    Och wann de Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg zu deene leeschtungsstäerksten op der Welt gezielt gëtt, gi verschidde Gesondheetsleeschtunge guer net oder nëmmen deelweis vun der obligatorescher Krankeversécherung ofgedeckt. Aus deem Grond hu vill Entreprisen zu Lëtzebuerg hiert Vertrauen an DKV Luxembourg gesat, fir hire ronn 35.000 Mataarbechter eng betriblech Krankeversécherung unzebidden.

    Wéi gesäit et an där Entreprise aus, an där Dir geschwënn ufänke wäert?

    Zielt si zu deenen, déi sech ëm d’Gesondheet vun hire Mataarbechter këmmeren?

    Perfekt, dann hutt Dir warscheinlech direkt Usproch op eng breet Gamm vu Gesondheetsleeschtungen an hutt vläicht souguer d’Chance, datt och d’Membere vun Ärer Famill dovunner profitéiere kënnen.

    Informéiert Iech bei Ärem Employeur iwwer all d’Detailer vum besteeënde Kontrakt an iwwer déi digital Tools, déi Iech zur Verfügung stinn, fir dovunner ze profitéieren.

    Et gëtt nach keng betriblech Krankeversécherung?

    Zéckt net, Ären neien Employeur dorop hinzeweisen oder se bei Ärer Arrivée anzeféieren, wann Dir d’Méiglechkeet hutt. En Avantage, déi déi jonk an och déi manner jonk Mataarbechter wierklech schätzen, an dee si reegelméisseg drun erënnert, datt d’Entreprise, zu där si gehéieren, hir Gesondheet eescht hëlt. Dir kënnt Iech domat um Aarbechtsmarché als engagéierten, opmierksamen Employeur vun deenen aneren Entreprisen ofhiewen. Är Mataarbechter gi fideliséiert an de Rekrutement vun neien Talenter ass méi einfach. Entdeckt all d’Virdeeler vun der betrieblecher Krankenversécherung de DKV Luxembourg.

    Alternativ kënnt Dir natierlech och selwer eng individuell Zousazkrankeversécherung ofschléissen, fir Är Gesondheet an déi vun Äre Léifsten ze schützen. Entdeckt mat 4 einfach Froen op dkv.lu wéi eng Zousazkrankeversécherung bei Iech passt.

    Egal fir wéi eng Léisung Dir Iech entscheet, zéckt net, Äre Versécherungsagent ëm Rot ze froen, hie beréit Iech gären.

    DKV Luxembourg

    Fannt Är Ofdeckung