Expats,Auto verëffentlecht den 12.09.2024
Wéi importéiert ee säin Dramauto op Lëtzebuerg?

Dir sidd gutt zu Lëtzebuerg ukomm, mee Ären importéierten Auto ass nach net ugemellt? Dann ännert dat mat dësem Guide, dee grad zum richtege Moment kënnt! Hei kritt Dir déi verschidden Etappen erkläert, fir Ären Auto ze importéieren, a gitt gewuer, wéi eng Dokumenter néideg sinn.

Wéini umellen?

Dir hutt Villes mateneen ze erleedegen? Kee Problem, Dir musst Ären Auto bannent engem Zäitraum vu 6 Méint zu Lëtzebuerg unzemellen, soudatt Dir genuch Zäit hutt, fir Äert Doheem fäerdeg anzeriichten, éier Dir Iech ëm d’Autospabeiere këmmert. Den Zäitraum vu 6 Méint fänkt ab deem Dag un, wou Dir Iech an Ärer Wunngemeng zu Lëtzebuerg umellt.

Wichtegst Demarchen

1. Ufroe vun enger Autosplack

Dir kënnt d’Dokument „Demande d’attribution d’un numéro d’immatriculation” (Ufro fir eng Autosplack) op myguichet.lu eroflueden. Zu Lëtzebuerg ass et méiglech, d’Plackennummer ze personaliséieren oder sech eng verfügbar Nummer auszesichen. D’Personaliséierung kascht 200 €, d’Zoudeelung vun enger Nummer aus der lafender Serie ass dogéint gratis. Opgepasst, wann Dir eng Nummer zougedeelt krut, heescht dat net, datt den Auto ugemellt ass. Dat ass eréischt dann de Fall, wann all d’Demarchen, déi ënne beschriwwe ginn, ofgeschloss sinn. No der Confirmatioun vun der Reservatioun kënnt Dir Är Placke bei engem agreéierten Autosplackefabrikant drécke loossen. Hei ass e Link op eng Säit vum Site vun der SNCA, op där Dir all d’Fabrikante fannt. 

2. Ofschloss vun enger Haftflichtversécherung

Zu Lëtzebuerg ass et obligatoresch, op d’mannst eng Haftflichtversécherung ofzeschléissen. Dës Assurance muss bei enger Versécherungsgesellschaft gemaach ginn, déi zu Lëtzebuerg agreéiert ass. Dir hutt Chance, LALUX gehéiert zu dëse Gesellschaften! Matdeele musst Dir Är Lëtzebuerger Plackennummer an d’Chassisnummer vun Ärem Auto. D’Versécherungsgesellschaft stellt Är „gréng Kaart“ an e Versécherungscertificat aus, aus deem ervirgeet, datt Dir verséchert sidd. Keng Panik, déi gréng Kaart ass net méi gréng, mee hiren Numm bezitt sech op d’Faarf vun de Kaarten, déi fréier eebe gréng waren. Opgepasst, dës Haftflichtversécherung deckt nëmme Persounen- a Materialschied of, déi bei Drëtte verursaacht ginn, Dir selwer sidd leider net mat ofgedeckt. Dofir gitt Dir hei alles gewuer, wat Dir wësse musst, fir perfekt ofgeséchert ze sinn: ajouter lien vers l’article sur le sujet Dir kennt keng Versécherungsgesellschaft zu Lëtzebuerg? Kee Problem, mat engem Klick ass LALUX fir Iech do a bitt Iech d’Versécherung easyPROTECT Auto un. Dir braucht nëmmen déi Formel auszewielen, déi Iech am beschte gefält.

3. Dedouanement vum Gefier

Fir den Dedouanement musst Dir bei d’Douane goen (https://douanes.public.lu/fr/vehicules/acheter-voiture-etranger.html) an do déi follgend Dokumenter virleeën:

a. Immatrikulatiounscertificat
b. EG-Konformitéitscertificat (ausgestallt vum Constructeur beim 1. Verkaf)
c. Kafrechnung vun Ärem Auto

Jee nodeem, wou Ären Auto hierkënnt a wéi al en ass, mussen nach weider Dokumenter virgeluecht ginn.

Laut der aktueller Reglementatioun iwwer d’Verkafssteier:

 

  • gëllt e Gefier als Occasiounsauto, wa säi Kilometerstand bei iwwer 6.000 km läit a wann e viru méi ewéi sechs Méint déi éischte Kéier ugemellt gouf. 

  • gëllt e Gefier als nei, wann et manner ewéi 6.000 km huet oder wann et am Laf vun de leschte 6 Méint déi éischte Kéier ugemellt gouf.

Kaf an der EU:
  • Äert Gefier ass nei?

d. Deklaratioun 446L (Kaf vun neien Transportmëttel bannent der EU) als Download um Site vun der Douane (https://douanes.public.lu/fr/formulaires/vehicules/446L_Declaration_TVA_PRO.html)

  • Dir musst ausserdeem d’TVA vu 17 % un de Büro vun der Administration des douanes et accises bezuelen.
  •  

  • Äert Gefier ass net nei

d. Da braucht Dir keen zousätzlecht Dokument

Kaf baussent der EU:

Warscheinlech ass Äert Gefier iwwert en anert Land vun der EU op Lëtzebuerg komm (Transit). Hei ginn et zwou Méiglechkeeten

 

  • Umeldung vun Ärem Gefier direkt zu Lëtzebuerg (mat Transitformalitéiten)

d. Fir dës Formalitéite muss een ausdrécklech beim éischte Steierbüro (Flughafen oder Séihafen, wou Äert Gefier ukënnt) ufroen, datt een op déi extern Transitprozedur T1 zeréckgräife wëll.
Dëse Regimm erlaabt et, Transaktioune vun „Net-EU-Wueren” tëschent EU-Memberstaaten duerchzeféieren. Hei bezuelt Dir d’Importsteier vun 10 % an déi Lëtzebuerger TVA vu 17 %.

 

  • Umeldung vun Ärem Gefier am éischten EU-Land, an deem et ukënnt (ouni Transitformalitéiten)

d. Zolldokumenter vum éischten Importbüro

D’Importformalitéite mussen an dësem Fall am éischten Importbüro erleedegt ginn

Hei e Beispill, fir dës Situatioun besser duerzestellen:

Wann Dir Ären Auto an engem Net-EU-Land kaf hutt an e mam Schëff an Holland importéiert, musst Dir déi hollännesch Importsteier an TVA bezuelen. Wann den Auto zu Lëtzebuerg ukënnt, musst Dir d’Zolldokument vum Import, dat den éischten Importbüro ausgestallt huet, virweisen. An dësem Beispill wier dat d’Dokument, dat an Holland ausgestallt gouf.

=> Wann all dës Demarchen erleedegt sinn a wann alles bezuelt ass, stellt d’Douane Iech d’Vignette 705 aus, fir datt Dir Ären Auto bei der SNCA umelle kënnt.

4. Bezuele vum Steiertimber

Dësen Timber gëtt och nach Chancellerie-Steier oder Timbre fiscal genannt. Fir den Timber musst Dir 50 € virgesinn, déi dem Staat zeguttkommen. Wann Dir eng personaliséiert Plack geholl hutt, kann de Montant méi héich sinn. Den entspriechende Betrag ass op e spezielle Kont vun der Administration de l’enregistrement ze bezuelen. Méi Informatiounen iwwer d’Bezuelen an d’Kontosnummer fannt Dir um Portal vun der indirekter Besteierung

5. Areeche vum administrativen Dossier bei der SNCA

Den administrativen Dossier ass per Post anzeschécken oder am Accueil vun der SNCA ofzeginn. Dir musst dofir de Formulaire „Demande en obtention d’un certificat d’immatriculation”, deen Dir um Site vun der SNCA erofluede kënnt, ausfëllen an déi follgend Dokumenter am Original dobäileeën:

a. Kopie vun der Carte d’identité oder vum Pass
b. Kafrechnung vum Auto:

 

Dëst Dokument ass en Noweis dofir, datt den Auto Iech gehéiert. Et ass obligatoresch, wann aus dem Immatrikulatiounsdokument net ervirgeet, datt Dir de Proprietär vum Auto sidd.

c.Bescheinegung vun der Haftflichtversécherung (gréng Kaart)
d. Vignette 705
e. Auslänneschen Immatrikulatiounscertificat
f. Steiertimber fir d’Immatrikulatioun
g. Certificat vum Contrôle technique:

D’Gefier muss vum Contrôle technique zougelooss sinn. Wann Dir nach e Contrôle technique aus Ärem Hierkonftsland hutt, da kann deen ënner Ëmstänn nach gëlteg sinn. Seng Gëltegkeetsdauer gëtt dann un d’Lëtzebuerger Gesetz ugepasst.

Zil ass et, Är Sécherheet an déi vun den anere Chaufferen op der Strooss ze garantéieren. Hei gëllt de Prinzip, datt all Gefierer an engem perfekten techneschen Zoustand musse sinn an datt se och z. B. den CO2-Normen an der Loft entsprieche mussen.

Vergläicht d’Präisser vun deene verschiddene Kontrollstatiounen, déi zu Lëtzebuerg zougelooss sinn:

  • Dekra Automotive SARL

  • Luerenzweiler Kontrollstatioun SARL

  • Société Nationale de Contrôle Technique SA

Wéi dacks muss een an de Contrôle technique goen? Am Allgemenge gëllen déi follgend Reegelen:

h. Europäesche Konformitéitscertificat:

Dëst Dokument ass néideg, fir nozeweisen, datt Äert Gefier konform ass an déi europäesch Normen a Richtlinnen anhält. Normalwerweis gëtt dëse Certificat automatesch vum Autoshiersteller ausgestallt, wann Ären Auto d’Fabrick verléisst. En enthält Informatioune wéi d’Zuel vu Sëtzer, de Logo vum Hiersteller, d’Gewiicht am eidelen Zoustand an d’maximal Luedegewiicht asw. Dat gëllt allerdéngs nëmme fir Gefierer, déi aus engem EU-Memberstaat importéiert ginn.

Wann Äert Gefier aus engem Net-EU-Memberstaat kënnt, da ginn et zwou Méiglechkeeten:

  • D’Donnéeën um auslänneschen Immatikulatiounscertificat si komplett: D’SNCA iwwerpréift dann déi technesch Donnéeën.

 

  • D’Donnéeë sinn net komplett: Dir musst op eng zougeloosse Kontrollstatioun goen, fir en technesche Rapport vum Gefier ausgestallt ze kréien.

 

Wann alles an der Rei ass, stellt d’SNCA Iech en Immatrikulatiounscertificat (och „gro Kaart” genannt) an eng provisoresch Steiervignette fir 30 Deeg aus. De Service des Douanes et Accises deelt Iech dann d’Héicht vun der Autossteier (déi all Joer ze bezuelen ass) mat, woubäi dëse Montant vum CO2-Ausstouss a vum Immatrikulatiounsjoer ofhänkt. Bezuelt dës Steier bannent 60 Deeg an da kritt Dir Är definitiv Vignette per Post geschéckt.

Bravo, elo hutt Dir all dës Etappen iwwerstanen. Endlech kënnt Dir legal lassfueren! Bonne route!

Gutt ze wëssen

Bonus-Malus-System

An Ärem Land gouf et kee Bonus-Malus-System? LALUX bitt Iech eng einfach Erklärung vun dësem System un a weist Iech, wéi eng Auswierkungen en op de Choix vun Ärer Assurance kann hunn.

Parkvignette

Dacks ass et net einfach, eng Parkplaz an deene verschiddene Gemengen zu Lëtzebuerg ze fannen an Dir sidd es leed, all Dag e Parkticket um Automat an Ärer Strooss ze bezuelen? Informéiert Iech an Ärer Wunngemeng, ob Dir eng Parkvignette kréie kënnt, fir datt Dir Ären Auto bei Ärem Haus oder Appartement ofstelle kënnt. Dat ass méi bëlleg, wéi all Dag en neie Parkticket ze bezuelen. Fir d’Vignette ze kréien, musst Dir den Immatrikulatiounscertificat vun Ärem Gefier, deen Dir no den uewe genannten Etappe krut, virleeën.

Fürerschäin

Fürerschäin aus engem EU- oder EWR-Land

Gutt Nouvelle! Äre Fürerschäin ass och zu Lëtzebuerg gëlteg a gëtt hei unerkannt. Dir kënnt en awer bei der SNCA androe loossen, andeem Dir eng recto-verso-Kopie vun Ärem Fürerschäin an eng Kopie vun Ärer Carte d’identité oder Ärem Pass aschéckt, fir e Lëtzebuerger Permis ausgestallt ze kréien. Dat ass ëmsou méi praktesch, wann Dir Äre Fürerschäi geklaut kritt oder verléiert, well da braucht Dir kee Certificat an deem Land, dat Äre Permis ausgestallt huet, unzefroen. Dir musst dofir de Formulaire „Demande de transcription/échange/enregistrement d’un permis de conduire” um Site guichet.public.lu ausfëllen

Fürerschäin aus engem Land baussent der EU/dem EWR

Wann d’Sprooch vun Ärem Fürerschäin net zu Lëtzebuerg bekannt ass, ass et rotsam oder heiansdo esouguer obligatoresch, Äre Fürerschäi bannent engem Joer iwwerschreiwen ze loossen. Dat bedeit, datt Äre Fürerschäi géint e Lëtzebuerger Permis ausgetosch gëtt. Auszefëllen ass heifir de Formulaire „Demande de transcription/échange/enregistrement d’un permis de conduire” um Site guichet.public.lu.

Jonk auslännesch Chaufferen

Dir hutt grad eréischt Äre Fürerschäi gemaach? Felicitatioun, elo gehéiert d’Strooss Iech! Reservéiert en Dag am Centre de Formation zu Colmer-Bierg, fir eng obligatoresch Formatioun ze maachen, wann Äre Fürerschäi manner ewéi 2 Joer al ass. Maacht Iech keng Suergen, Dir wäert op dësem Dag vill léieren, fir d’Gefore vun der Strooss vun Ufank un ze erkennen. Wichteg ass och, datt Dir iwwer den 12-Punkte-Fürerschäi Bescheed wësst.