D’Autosassurance kann Iech heiansdo komplex virkommen, si ass awer do, fir Iech op an ausserhalb vun der Strooss ze schützen. Egal, ob Dir en erfuerene Chauffer sidd, grad eréischt de Fürerschäi gemaach hutt oder Iech geschwënn op d’Stroossen zu Lëtzebuerg wot – hei ass e kloren an einfache Guide, deen Iech alles zum Theema Autosassurance verréit.
1. D’Haftflichtversécherung: e Must!
Dolaanscht kënnt een net: D’Haftflicht ass d’Basis vun all Autosassurance. Si ass zu Lëtzebuerg obligatoresch a schützt Drëtter viru Persounen- a Materialschied, déi Dir verursaache kéint. Dozou ziele Foussgänger, Passagéier oder Chauffere vun anere Gefierer an deenen hir Gidder (Gefierer, stättesch Ausstattung, Verkéiersschëlder asw.).
Dir sidd zum Beispill liicht an en aneren Auto geknuppt an hutt dee beschiedegt? Keng Panik, d’Haftflicht ass do, fir d’Reparaturen un dem betraffene Gefier ze bezuelen. Opgepasst awer, dës wichteg Assurance deckt weeder Är eege Verletzungen nach d’Schied un Ärem Auto of. Dofir decidéiere sech vill Leit fir zousätzlech Garantien.
2. A wat ass mat de Schied un Ärem Gefier?
Ären Auto ass wichteg, e begleet Iech dagdeeglech op Ären Trajeten oder Ausflich. Schützt e mat deene richtege Versécherungsléisunge virun Imprevuen:
- Brand: deckt Schied of, déi duerch Feier verursaacht goufen, sief et ongewollt, z. B. duerch e Kuerzen, oder duerch eng kriminell Handlung.
- Glasbroch: Dir krut e Steen an d’Scheif? D’Reparatur oder d’Ersetze vu Glasflächen, och esouguer Réckspigelen a Pharen, ginn iwwerholl.
- Déifstall: Am Fall vun Déifstall oder versichtem Déifstall gitt Dir indemniséiert, och fir Schied un den Autosschlässer oder -dieren. Souguer am Fall vun Déifstall duerch Hackerugrëff schützt Är Assurance Iech.
- Kollisioun mat engem Déier op der Strooss: Dës Garantie deckt Schied un Ärem Auto of, wann Dir an e wëllt Déier, zum Beispill e Wëllt Schwäin, oder en anert Déier, dat op der Strooss rennt, wéi dat dacks op de Landstroosse virkomme kann.
- Naturgewalt: Knëppelsteng, Stuerm oder Iwwerschwemmungen? Schied, déi duerch dës wiederbedéngt Ëmstänn entstinn, sinn ofgeséchert.
- Schied u Gefierer: Well och Dir net virun engem Verkéiersaccident sécher sidd: D’Kaskoversécherung deckt Schied un Ärem eegenen Auto of, och wann Dir schold um Accident sidd.
Wärend Ären Auto reparéiert gëtt, profitéiert Dir vun engem Ersatzgefier, fir datt Dir Äre gewinnten Aktivitéiten ouni Ënnerbriechung nogoe kënnt.
Tipp: Wann Ären Auto nei oder deier ass, sollt Dir Iech am beschte fir eng ëmfaassend Garantie entscheeden. Bei engem alen Auto kënnen déi méi einfach Garantien duergoen.
LALUX passt sech mat der Assurance easyPROTECT Auto un all Är Besoinen un, andeem se dräi Versécherungsformelen ubitt: Sécurité, Confort a Performance. Si alleguer bidde personaliséierbar Optiounen, déi Äre spezifesche Besoine gerecht ginn.
Mat der Top Assistance, déi an alle Formelen abegraff ass, profitéiert Dir am Fall vun enger Pann oder engem Accident vun engem Depannage-Service, Assistance-Leeschtunge fir d’Passagéier an engem Ersatzgefier, an dat ronderëm d’Auer, 7 Deeg op 7, souwuel virun Ärer Hausdier, zu Lëtzebuerg, wéi och am Ausland an alle Länner aus der „grénger Kaart“-Zon.
Vun der Confort-Formel u gitt Dir am Fall vun engem versécherte Schued integral rembourséiert, ouni Franchise zu Äre Laaschten. Ausserdeem gëtt och keng speziell Franchise fir jonk Chaufferen applizéiert, wann dës am Kontrakt als Chauffer genannt ginn. Domat kënnt Dir Äre Kapp komplett a Rou leeën, onofhängeg vum Profil vum Chauffer.
A mat der Formel Performance ass Äre Bonus-Malus geschützt, wann et nëmmen zu Materialschied komm ass: Hei geet Är Primm no materielle Schied un Ärem Gefier net an d’Luucht.
3. An Dir als Chauffer?
Et denkt een dacks un den Auto, mee wat ass mam Chauffer? Wann Dir an engem Accident blesséiert gitt oder dofir verantwortlech sidd, kann de Fuererschutz de ganzen Ënnerscheed maachen.
Dëse Schutz iwwerhëlt:
- Är Doktesch- oder Spidolskäschten
- eng Indemnisatioun am Fall vun Invaliditéit
- e Kapital fir Är Famill am Stierffall.
Gutt ze wëssen: Dës Garantie ass net automatesch an alle Formelen abegraff. Huelt Iech Zäit, fir mat Ärem Agent driwwer ze schwätzen, hie wäert Iech e komplette Service ubidden!
Am Resümmee: Geschützt fueren, heescht entspaant fueren.
Eng Autosassurance ass net nëmmen eng gesetzlech Verflichtung: Et ass eng Sécherheet fir Iech, fir Är Léifsten an all déi, deenen Dir op der Strooss begéint. Mat deem richtege Choix kënnt Dir och Imprevue geloosse meeschteren. Wéi wier et also mat engem vollen Tank Entspaantheet?