Tipps,RSE verëffentlecht den 26.02.2025
E méi nohaltegt, gutt verséchert Liewen
Blog/E méi nohaltegt, gutt verséchert Liewen

Duerch d’Erausfuerderunge vum Klimawandel kënnt bei ville Leit d’Fro op, wéi si hiert deeglecht Liewe méi ëmweltfrëndlech gestalte kënnen. Déi gutt Noriicht ass, datt all Gest zielt an datt Dir Äert Liewen net vun haut op muer revolutionéiere musst!

  • Eng vun eise Versëcherungsléisungen interesséiert Iech ?

    All d'Assurancë vun der LALUX

    Matmaache bei der grénger Revolutioun an der Fortbeweegung

    Vun elo un zirkuléiert Dir reegelméisseg mam Elektrovëlo op de Lëtzebuerger Vëlospisten an drot esou dozou bäi, den Ausstouss vu Kuelendioxid ze reduzéieren. Parallel profitéiert Dir och nach vun engem gesonden an erfrëschende klengen Ausfluch. Mat iwwer 600 km Pisten, déi Iech zur Verfügung stinn, hat Dir séier verstanen, dass dës ekologesch Alternativ net schwéier ëmzesetzen ass. Mam Package Vëlofueren an duuss Mobilitéit, deen als Optioun an Ärem Kontrakt easyPROTECT Haus a Wunneng ugebuede gëtt, ass Äert Transportmëttel komplett ofgeséchert, egal ob et sech ëm e Vëlo, eng elektresch Trottinette oder en Hoverboard handelt. Mat dëser Optioun kënnt Dir dat vun Iech gewielt nohaltegt Fortbeweegungsmëttel géint Déifstall a Materialschied an esouguer géint Verletzungen, déi duerch seng Benotzung entstoe kéinten, ofsécheren.

    Entspaant mam Elektroauto ënnerwee

    Och wa Lëtzebuerg duerch d’Ubidde vum gratis ëffentlechen Transport Pionéieraarbecht geleescht huet an Dir esou dacks wéi méiglech vu Bus, Tram an Zuch profitéiert, fir laanscht déi grouss Stauen ze kommen an net grad wéineg Suen ze spueren, sidd Dir ënner Ëmstänn trotzdeem weiderhin op en Auto ugewisen.

    Dann denkt Dir sécher och drun, op en Elektroauto ëmzeklammen, fir den ekologesche Wandel ze ënnerstëtzen. Zouversiichtlech an d’Zukunft fuere mat engem méi ëmweltfrëndlechen Auto, an Iech dobäi weeder iwwer den Akafspräis nach iwwer de Verkafswäert Gedanken ze maachen, dat wier et dach, oder? All dat ass méiglech mat Time2Lease, der Leasing-Léisung, déi d’LALUX-Agenten an Zesummenaarbecht mat spezialiséierte Partner ubidden. Si bitt Iech vill méi ewéi déi klassesch Avantagë vum Leasing andeems  z. B. eng Assurance, déi op Är Besoinen zougeschnidden ass, an e personaliséierte Suivi vun Ärem gewinnten Agent mat dran ass.

    Käschte reduzéieren, d’Ëmwelt entlaaschten

    Dir hutt a Solarpanneauen, eng Wäermepompel oder e Wandrad investéiert a freet Iech driwwer, datt Dir esou net nëmmen Är Facturen erofsetzen, mee virun allem och Ären ekologesche Foussofdrock reduzéiere konnt. Bei LALUX ënnerstëtze mir Ären Engagement fir ëmweltbewosst Wunne mat engem komplette Versécherungsschutz. Dir sidd berouegt, well Är Wunnengsassurance Är Ekipementer géint Feier a Stuerm ofséchert. Doriwwer eraus kënnt Dir optional och nach eng Versécherung géint Materialbroch an den Akommesverloscht, deen domat verbonnen ass, ofschléissen. Dës kënnt och op fir Materialschied un den Opluedstatioune fir Elektroautoen, déi vu Privatleit installéiert goufen.

    Wann Dir dat nach net gemaach hutt, wousst Dir, datt de Lëtzebuerger Staat eng Rei vu Primme fir d’Installatioun vun ekologesche Léisunge wéi Opluedstatiounen a Solarpanneauen ubitt? Fir all Typ vun Installatioun ginn et speziell Primmen. Onofhängeg vun der Léisung, fir déi Dir Iech entscheet, kënnen dës finanziell Ureizer bis zu 25 % vum Gesamtbetrag vun der Facture ausmaachen.

    Op Entdeckungsrees, awer mat manner Emissiounen

    Dir wëllt gär nei Horizonter entdecken, dobäi awer och Ären ekologesche Foussofdrock reduzéieren. An Ärer Géigend ginn et wonnerschéin Destinatiounen, déi Dir zum Beispill mam Auto erreeche kënnt. Mat den erweiderte Garantië vun easyPROTECT Auto kënnt Dir berouegt lassfueren. Och an der Vakanz ënnerstëtzt LALUX Ären Engagement fir d’Ëmwelt mat engem komplette Versécherungsschutz.

    Egal op wéi eng Manéier Dir gär reest – mam Auto, mam Zuch oder mam Fliger – LALUX bitt speziell Reesversécherungen un, fir Iech, Är Famill an Äert Gepäck bei Ären Deplacementer ze schützen.

    An eng nohalteg Zukunft investéieren

    Den Impakt vun Ären Investissementer op d’Ëmwelt läit Iech um Häerz? easyLIFE Invest for Future bitt Iech eng verantwortungsbewosst Alternativ, déi sech mat Ären eetheschen, sozialen an ekologesche Wäerter deckt. Mam Label „LuxFLAG ESG Insurance Product” sidd Dir sécher, datt eng onofhängeg Ariichtung iwwerpréift huet, ob déi ekologesch, sozial a Gouvernance-Krittäre vun Ären Investissementer agehale goufen.

    Souguer am Kader vun Ärem Kontrakt fir d’Altersvirsuerg hutt Dir d’Méiglechkeet, Är Primmen an nohalteg Fongen ze investéieren.

    Eng nohalteg an ofgeséchert Zukunft

    Dir kënnt op LALUX an op hir speziell Versécherungsléisungen zielen, fir Iech an Ärem eegenen Tempo um Wee zu engem méi nohaltege Liewensstil ze begleeden. Zesumme kënne mir voller Vertrauen an d’Zukunft goen.

    Eng vun eise Versëcherungsléisungen interesséiert Iech ?

    All d'Assurancë vun der LALUX