Säi Fürerschäin zu Lëtzebuerg maachen ass e wichtege Schrëtt a Richtung Selbststännegkeet. Egal ob Dir e jonken Erwuessene sidd, dee säin éischte Fürerschäi wëll maachen, en Elterendeel, dee säi Kand begleet, oder en Expat, dee legal wëll fueren: An dësem ausféierleche Guide erkläre mir Iech déi weesentlech Schrëtt an d’Reegelen, déi een anhale muss, gradewéi d’Formalitéiten, fir en auslännesche Fürerschäin enregistréieren ze loossen.
De Fürerschäin zu Lëtzebuerg: d’Grondlagen
De Führerschäin zu Lëtzebuerg entsprécht den europäeschen Normen an ass an e puer Kategorien ënnerdeelt, woubäi dës déi heefegst sinn:
Kategorie B: fir en Auto (bis zu 3,5 Tonnen an 8 Passagéier maximal nieft dem Chauffer)
Kategorie AM: fir Vëlomotore bis 50 cm³
Kategorie A1, A2, A: fir Motorrieder, jee no Leeschtung.
Déi meescht nei Chauffere maache fir d’éischt de Fürerschäin an der Kategorie B, wat hinnen erlaabt, mat hirem éischte Gefier ze fueren. D'Léier kann ab dem Alter vu 17 an en halleft ufänken.
Fir jonk Chaufferen: Wéi mécht een de Fürerschäin?
Plangt Äre Budget: De Fürerschäi kann Iech tëschent 1.200 an 2.000 € kaschten, d’Versécherung an d’Immatrikulatioun vum Gefier net abegraff.
Bei den Dokter goen: Fir sécherzestellen datt Dir fäeg sidd fir ze fueren, ass eng medezinesch Untersuchung vun engem zougeloossenen Dokter obligatoresch. Dir braucht e medezineschen Zertifikat vu manner wéi 3 Méint.
Aschreiwung an enger Farschoul: D’Wiel vun der Farschoul ass wichteg, well et ass si, déi Iech wärend Ärer Formatioun begleet. Mat eisem Partner Drivelo.lu kënnt Dir einfach d’Präisser an d’Servicer vun den zougeloossene Farschoulen zu Lëtzebuerg vergläichen, d’Meenunge vun anere Schüler liesen an Är Formatioun direkt online reservéieren.
D’Theorie an den Examen iwwer de Code de la route maachen: Ier Dir fueren dierft, musst Dir als éischt de Code de la route kennen. Fir Kategorië A, A1, A2, AM, B a F muss de Kandidat op d'mannst 12 Stonne Theorie verfollegen. An der Farschoul suivéiert Dir d’Coursen a wann Dir fäerdeg sidd, musst Dir den Theoriesexamen packen, deen Dir an engem vun den Examenszentren zu Sandweiler, Esch-Uelzecht oder um Fridhaff maache kënnt.
Déi praktesch Ausbildung an engem Farschoulauto mat duebele Pedalle maachen: Wann Dir d’Theorie bis gepackt hutt, musst Dir op d’mannst 16 Farstonnen mat engem Farleerer fueren. Verschidde Leit brauche méi Stonnen, jee no hire Fortschrëtter. Huelt Iech d’Zäit, déi Dir braucht, fir Iech op dat eegestännegt Fuere virzebereeden.
De prakteschen Exame maachen: Wann Dir prett sidd, mellt d’Farschoul Iech fir de Fuerexamen un. Wann Dir dee packt, kritt Dir e Fürerschäin op Prouf fir bis zu 2 Joer.
Der Fürerschäin op Prouf an d’Zousazformatioun: Nodeem Dir Äre Fürerschäin op Prouf krut, musst Dir bannent 24 Méint am Centre de Formation pour Conducteurs zu Colmer-Bierg eng obligatoresch Zousazformatioun vun engem Dag maachen. Rechent mat ongeféier 250 € fir dës Formatioun, déi verschidde Fuerübungen enthält, bei deene méiglech geféierlech Situatioune simuléiert ginn. No dëser Formatioun kritt Dir Ären definitive Fürerschäin.
Wichtege Schrëtt: Eng obligatoresch Autosassurance ofschléissen
Ier Dir Iech hannert d’Steier setzt, musst Dir onbedéngt eng Autosassurance ofschléissen, déi op d’mannst déi obligatoresch Haftflicht ofdeckt. Ouni dës Versécherung ass et verbueden ze fueren an Dir kënnt Ären Auto net zu Lëtzebuerg umellen. Eppes wat een och net vergiessen däerf, ass d’Franchise fir jonk Chaufferen, déi am Fall vun engem Schued zousätzlech Käschte verursaache kann.
Bei LALUX Assurances gëtt bei jonke Chaufferen, déi op der grénger Kaart vun hirem Gefier agedroe sinn, keng Franchise fir jonk Chaufferen ugewannt, sou datt onerwaart Käschte bei engem Accident kënne vermeit ginn. Ausserdeem ass eng Versécherung am eegenen Numm e strategesche Choix: Sou kënnen déi Joer, an deenen Dir gutt fuert, gesammelt ginn, sou datt Dir spéider vu Remisen op Ärem Bonus-Malus profitéiert an d’Käschte vun Ärer Versécherung op laang Siicht reduzéiert ginn.
Entdeckt eisen Artikel “Alles iwwer d’Autosassurance zu Lëtzebuerg” an denkt drun, Äre LALUX Agent ze kontaktéieren, fir dee Versécherungsschutz ze fannen, deen am Beschte bei Är Situatioun passt.
Fir Elteren: Wéi kënnt Dir Äert Kand bei dësem Schrëtt begleeden?
Als Elterendeel oder Begleetpersoun spillt Dir eng wichteg Roll, fir Ärem Kand dobäi ze hëllefen, säi Fürerschäin ze maachen. Hei e puer Rotschléi:
Hëlleft em bei der Sich no enger zouverlässeger Farschoul: Renseignéiert Iech iwwer den Taux de réussite a liest d’Avisen
Encouragéiert et beim Léiere vum Code de la route: Et ass wichteg, datt et reegelméisseg léiert
Sidd gedëlleg a matfillend: Fuere ka fir ee Jonke stresseg sinn
Erkläert em d’Wichtegkeet vun enger gudder Autosassurance: De passende Schutz hëlleft, onerwaart Käschten ze vermeiden an am Fall vun engem Accident säi Kapp a Rou leeën ze kënnen
Gitt mam gudde Beispill vir: Fuert verantwortungsvoll a respektvoll.
A firwat net Conduite accompagnée?
Wann Äert Kand op d’mannst 17 Joer al ass, kann et sech fir d’Conduite accompagnée entscheeden, nodeem et den Theoriesexame gepackt huet. Dëst ass eng gutt Manéier, fir méi Erfarung ze sammelen, ier et de prakteschen Exame mécht. Sou kënnt Dir mat em fueren an em hëllefen, sech hannert dem Steier sécher ze fillen, an an engems de Risiko reduzéieren, datt et säi Fürerschäin net packt.
Follgend Schrëtt si bei der Conduite accompagnée ze ënnerhuelen:
Den Theoriesexame packen an e Certificat d’apprentissage bei der SNCA (Société Nationale de Circulation Automobile) ufroen, deen 3 Joer laang gülteg ass
Op d’mannst 12 Farstonnen an enger Farschoul huelen
Eng Begleetpersoun wielen, déi:
en noe Familljemember vum Kandidat muss sinn
säit op d’mannst 6 Joer e Fürerschäi vun der Kategorie B huet
an de leschten 3 Joer net wéinst engem Verstouss géint de Code de la route däerf verurteelt gi sinn oder d’Recht ze fueren net verluer däerf hunn
bei op d’mannst 2 Farstonne vum Kandidat mam Farleerer vun der Farschoul muss derbäi gewiescht sinn.
Déi praktesch Ausbildung absolvéieren, andeem ënner der Opsiicht vun der Begleetpersoun gefuer gëtt, déi vir am Gefier sëtze muss. Et däerf een nëmmen op Lëtzebuerger Territoire an net tëschent 23:00 a 6:00 Auer fueren. D’Gefier, dat benotzt gëtt, muss e Gefier vun der Kategorie B sinn, an hanne muss de Buschtaf „L“ op engem rouden Hannergrond ubruecht ginn.
Virum prakteschen Exame mussen op d’mannst 4 zousätzlech Farstonne beim Farleerer geholl ginn.
Pabeieren, déi ee fir d’Conduite accompagnée brauch
Am Fall vun enger Kontroll duerch d’ëffentlech Autoritéite mussen eng Partie Dokumenter am Gefier sinn:
de validéierte Certificat d’apprentissage
de Fürerschäi vun der Begleetpersoun
d’Pabeiere vum Gefier
de spezielle Versécherungscertificat, dee vum Versécherer ausgestallt gëtt a fir d’Léierzäit gülteg ass. Dëse kann einfach iwwer easyAPP oder easyAPP Home ugefrot ginn.
Fürerschäi fir Expats: Wat muss ee wëssen?
Wann Dir en Expat sidd a schonn en auslännesche Fürerschäin hutt, da musst Dir kucken, ob Dir en enregistréiere loossen oder géint e Lëtzebuerger Fürerschäin ëmtausche musst.
En europäesche Fürerschäin enregistréiere loossen
Wann Dir e Fürerschäin aus der EU oder dem EWR hutt, ass en och zu Lëtzebuerg gülteg.
Et gëtt awer recommandéiert, e bei der SNCA enregistréieren ze loossen, fir eng Erneierung am Fall vu Verloscht oder Déifstall ze vereinfachen.
Ëmtausche vun engem Fürerschäin, deen net aus der EU oder dem EWR ass
Wann Äre Fürerschäin an engem Land ausserhalb vun der Europäescher Unioun ausgestallt gouf, musst Dir en innerhalb vun engem Joer, nodeem Dir Iech zu Lëtzebuerg niddergelooss hutt, ëmtauschen.
Verschidden Nationalitéite mussen nach eng Kéier en theoreeteschen an/oder prakteschen Exame maachen.
Méi iwwer déi Demarche fannt Dir an eisem, Guide fir Leit, déi nei zu Lëtzebuerg ukomm sinn.