Tipps,Auto verëffentlecht den 17.02.2025
De Fürerschäin zu Lëtzebuerg: alles, wat ee wësse muss
Blog/De Fürerschäin zu Lëtzebuerg: alles, wat ee wësse muss

De Fürerschäin ass en offiziellt Dokument, dat Iech erlaabt, mat engem Gefier zu Lëtzebuerg an an allen EU- an EWR-Memberlänner ze fueren. All d’Kategorië vu Gefierer, mat deenen Dir fueren däerft, stinn op Ärem Führerschäin.

Nei zu Lëtzebuerg? Musst Dir Ären auslännesche Fürerschäin enregistréiere loossen?

Dir hutt Iech grad zu Lëtzebuerg installéiert an Ären Auto importéiert? Wann Äre Fürerschäin an engem Memberstaat vun der Europäescher Unioun oder dem Europäesche Wirtschaftsraum (EWR) ausgestallt gouf, ass en och zu Lëtzebuerg gülteg. Et gëtt awer recommandéiert, Ären auslännesche Fürerschäin enregistréieren ze loossen. Sou spuert Dir Iech Ierger, besonnesch wann Äre Fürerschäi futti ass, Dir e verluer hutt oder e geklaut gouf, well Dir da méi séier a méi einfach en neien ufroe kënnt.

Dofir braucht Dir einfach nëmmen Äre Fürerschäi beim Service des permis de conduire vun der „Société Nationale de Circulation Automobile“ (SNCA) enregistréieren ze loossen.

 

Enregistréierungsprozedur

Wann d’Demande ugeholl gëtt, fält Ären neie Fürerschäin ënner den 12-Punkte-System, deen zu Lëtzebuerg gëllt.

Ëmschreiwe vun engem Fürerschäin, deen ausserhalb vun der EU oder dem EWR ausgestallt gouf

Wann Dir Äre Fürerschäin ausserhalb vun der EU oder dem EWR gemaach hutt, virun allem wann d’Sprooch, an där en ausgestallt gouf, zu Lëtzebuerg net bekannt ass, hutt Dir ee Joer vun deem Zäitpunkt un, wou Dir zu Lëtzebuerg ukomm sidd, fir en ëmschreiwen ze loossen. No dësem Delai verléiert Ären auslännesche Fürerschäi seng Gültegkeet zu Lëtzebuerg, an Dir musst en neien theoreeteschen a prakteschen Test maachen, fir en erëmzekréien.

 

Hei d’Dokumenter, déi Dir virleeë musst, fir den Ëmtausch vun engem Fürerschäin bei der SNCA unzefroen:

Gültegkeet vum Fürerschäin

Äre Lëtzebuerger Fürerschäin ass systematesch gülteg:

  • fir 10 Joer, bis Dir 70 Joer al sidd

  • vu 70 Joer un: Verlängerung all Kéier fir 5 Joer

  • vun 80 Joer un: Verlängerung all Kéier fir 2 Joer

D’SNCA schéckt Iech, ier Äre Fürerschäin ofleeft, matzäit e Bréif, fir en ze erneieren. Vu 60 Joer u muss der Demande fir d’Erneierung e Certificat vum Dokter, dee viru manner wéi 3 Méint ausgestallt gouf, bäigeluecht ginn. Mat dësem Dokument certifiéiert den Dokter, datt d’Persoun kapabel ass fir ze fueren.

Wéi funktionéiert de 12-Punkte-System fir de Fürerschäin zu Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg applizéiert e Punktefürerschäin-System, fir verantwortungsvollt a séchert Fueren ze fërderen. All Chauffeur fänkt mat engem Kapital vun 12 Punkten un. Dës Punkte ginn ofhängeg dovun, wéi schwéier de Verstouss ass, ofgezunn. Wann Dir all Är 12 Punkte verluer hutt, gëtt Äre Fürerschäi fir 12 Méint ausgesat. Dir däerft also 1 Joer laang net méi op der Strooss fueren. Fir Äre Fürerschäin an Är 12 Punkten no dësem Joer zréckzekréien, musst Dir eng Formatioun vu 6 Deeg am Centre de Formation zu Colmer-Bierg maachen. Dobäi geet et drëm, d’Chauffere fir d’Geforen op der Strooss ze sensibiliséieren an nees ze responsabiliséieren.

Et ka virkommen, datt Dir e puer Punkte verléiert. An dësem Fall kritt Dir Är 12 Punkten erëm, wann Dir Iech bannent 3 Joer hannerteneen näischt méi am Verkéier zu Scholde komme loosst.

Wann Dir manner ewéi 12 Punkten hutt an Är Punkten zréckkréie wëllt, ouni 3 Joer mussen ze waarden, kënnt Dir e Sensibiliséierungscours am Centre de formation zu Colmer-Bierg maachen.

De Punktefürerschäi gëllt fir jiddereen, deen am Stroosseverkéier ënnerwee ass, och fir Leit, déi net zu Lëtzebuerg wunnen. Dës kréien e virtuelle Fürerschäi mat 12 Punkten.

Op MyGuichet.lu kënnt Dir kucken, wéi vill Punkten Dir nach hutt.

E puer Beispiller fir Verstéiss am Verkéier

Verloscht vu 6 Punkten:

  • Fueren ënner dem Afloss vun Drogen

Verloscht vu 4 Punkten:

  • Fueren ouni Versécherung

  • Fueren, ouni am Besëtz vun engem gültege Fürerschäin ze sinn

  • Benotze vum Handy wärend dem Fueren

Verloscht vu 2 Punkten:

  • Ze séier fueren:
    • 15 km/h an der Uertschaft
    • 20 km/h iwwer Land
    • 25 km/h op der Autobuhn
       
  • Net anhale vun der Virfaart oder engem Virfaartszeechen (rout Luucht, Stoppschëld asw.)

Dës Opzielung ass net komplett, et gëtt och nach aner Verstéiss. Eng komplett Lëscht mat alle Verstéiss fannt Dir op guichet.public.lu.

Lëtzebuergesche Code de la route

Lëtzebuerg hält sech strikt un den Europäesche Code de la route a setzt héich Normen, fir d’Sécherheet op der Strooss ze garantéieren. Hei e puer vun de wichtegste Virschrëften, déi ee kenne muss:

  • Verkéiersrichtung a Geschwindegkeetsbegrenzungen: D’Chauffere mussen op der rietser Säit vun der Strooss fueren. Maximal Geschwindegkeete variéieren: 20 km/h, 30 km/h oder 50 km/h an den Uertschaften (jee no Schëld), 70 km/h oder 90 km/h op de Landstroossen a bis zu 130 km/h op den Autobunnen.

  • Ekipement a Sécherheet vun de Gefierer: All Gefierer mussen ugemellt sinn an op d’mannst mat enger Haftflichtversécherung verséchert sinn. Vir an hannen am Gefier muss e sech ustrécken. Am Wanter si Wanterpneuen obligatoresch, wann d’Wiederkonditiounen et verlaangen.

  • Tirettesystem: Fir de Verkéier méi flësseg ze maachen, gëtt zu Lëtzebuerg den Tirettesystem benotzt. All Chauffer muss en anert Gefier eraloossen, dat d’Spuer wëll wiesselen, ier e selwer fiert.

Net anhale vun de Virschrëften aus dem Code de la route

Wien d’Virschrëften aus dem Code de la route net anhält, ka bestrooft ginn, ënner anerem mat enger Geldstrof (déi bannent 45 Deeg, nodeem de Verstouss matgedeelt gouf, ze bezuelen ass), mam Verloscht vu Punkte vum Fürerschäin oder mat geriichtleche Poursuitte bei méi schwéiere Verstéiss.

Am Fall vun enger Aussetzung vum Fürerschäi muss de Chauffer och, wéi uewen erkläert, e Stroossesécherheetscours am Centre de formation zu Colmer-Bierg maachen.

Opgepasst, den Autosfürerschäin ass och mam Vëlo verbonnen! Wann Dir voll mam Vëlo erwëscht gitt, kënnt Dir Punkte verléieren, wéi wann Dir mam Auto ënnerwee wäert. Dat ass op d’Formuléierung vum Code de la route zréckzeféieren, deen allgemeng vum „Chauffer vun engem Gefier“ schwätzt. Et gëtt keen Ënnerscheed tëscht motoriséierten an net-motoriséierte Gefierer gemaach. Zesummegefaasst ass et also och méiglech, de Fürerschäi mam Vëlo ze verléieren.

Autosassurance zu Lëtzebuerg

Dir hutt elo e lëtzebuergesche Fürerschäin a kennt all gutt Praktiken, déi Dir sollt un den Dag leeën! Dir hutt nach keng Assurance fir Ären Auto a wësst näischt iwwer d’Assurancen zu Lëtzebuerg? Klickt hei, fir méi iwwer de Bonus-Malus System an déi verschidde Formule vun easyPROTECT Auto, déi LALUX ubitt, gewuer ze ginn.

 

Gutt ze wëssen

Dir hutt Äert Gefier nach net importéiert a wëllt wëssen, wéi Dir dat maache kënnt? Entdeckt eise Guide.