Tipps,Reesen verëffentlecht den 03.02.2025
Virbereedung op Är Schivakanz: Rotschléi a Preventioun
Blog/Virbereedung op Är Schivakanz: Rotschléi a Preventioun

Loscht, d’Schipisten ze eroberen? Eng Schivakanz ass vill méi wéi just e klengen Ausfluch an de Schnéi: Et ass Ären Ticket, fir aus dem Alldag zu Lëtzebuerg ze flüchten a ganz an eng opreegend Welt anzedauchen. Gesond frësch Loft, wonnerschéi Panoramaen, gemeinsam Momenter mat der Famill oder Laachkrise mat Frënn... Alles fänkt mat enger duerchduechter Virbereedung un, déi aus Ärem Openthalt eng onvergiesslech Erfarung maache wäert.

  • Package Reesen

    Entspaant verreesen

    Den Auto: Äre beschte Verbündete fir de Wee

    Ier Dir d‘Bierger erobert, verdéngt Ären treie Reesbegleeder Är voll Opmierksamkeet! E puer weesentlech Kontrolle sinn néideg, fir bei den heiansdo launesche Wiederkonditiounen am Wanter entspaant ze bleiwen:

    • Är Bremse mussen an engem impeccabelen Zoustand sinn

    • Är Servolenkung muss richteg agestallt sinn

    • Är Heizung muss funktionéieren, fir den Auto kënnen effikass ze entäisen

    • Är Luuchte musse perfekt funktionéieren

    E Bléck op Ären Uelegstand kann Iech vill Misär erspueren – vläicht ass et esouguer un der Zäit fir en Uelegwiessel. A vergiesst Är Batterie net, déi am Wanter vill muss schaffen a verdéngt, datt no hir gekuckt gëtt!

    Wanterpneuen an -ekipement – vu Land zu Land verschidde Virschrëften

    A propos Pneuen: Ären eenzege Kontakt mat der Strooss! All Land huet hei seng eege Virschrëften:

    • A Frankräich schreift d’Loi Montagne tëschent November a Mäerz Wanterekipement a bestëmmten Zone vir.

    • Éisträich verlaangt Wanterpneue vun November bis Abrëll, wann d’Wiederkonditiounen et erfuerderen.

    • An Italien ass d’Benotze vu Wanterpneuen net national reglementéiert - all Provënz huet eege Reegelen, déi mat entspriechende Schëlder ugewise sinn.

    • An Däitschland ass d’Obligatioun fir Wanterpneue mat de Wiederkonditioune verbonnen.

    • Wat d’Schwäiz ugeet, si Wanterpneuen zwar net gesetzlech virgeschriwwen, ginn awer staark recommandéiert, a Kette kënnen op bestëmmte Stroossen obligatoresch sinn.

    Op alle Fall gëtt geroden, datt Är Pneuen e Profil vu mindestens 4 mm hunn, fir datt eng adequat Haftung garantéiert ass. A wann Dir Äre Wanterpneue Schnéiketten oder -strëmp unditt, sidd Dir op der gewonnener Säit, fir bei wanterleche Konditiounen optimal ze fueren.

    Praktesch Rotschléi

    Virum groussen Depart

    1. Iwwerpréift d’zoulässegt Gesamtgewiicht am Handbuch vun Ärem Auto oder op der Plackett an der Chauffersdier. Dësen Detail ass weesentlech fir Är Sécherheet.

    2. Fir de Loftdrock an de Pneuen, kuckt op d’Etikett an der Dier oder an der Gebrauchsanweisung vum Hiersteller. Adaptéiert d’Loft an de Pneuen un Är Charge an déi spezifesch Recommandatioune fir d’Fueren am Wanter.

    3. Bereet dat weesentlecht Ekipement fir de Wanter vir: eng effikass Kraz, Anti-Gefréier-Flëssegkeet fir d’Glace ze botzen, eng zouverlässeg Täscheluucht, eng komplett ekipéiert Éischt-Hëllef-Këscht a waarm Decken.

    Um Wee fir op de Bierg erop

    1. Leet Är Schnéiketten oder -strëmp sou, datt Dir gutt drukommt, wann Dir se braucht – en Test doheem erspuert Iech de Stress um Summerwee!

    2. Wann d’Schnéiflacken ufänken ze danzen, gëtt Är Visibilitéit eng Prioritéit: D’Glace, d’Spigelen an d’Luuchte musse propper bleiwen. A vergiesst Är Nummereschëlter net: Déi mussen trotz Schnéi oder Bulli liesbar bleiwen.

    Et ass wichteg, datt Dir Iech virun allem un déi lokal Virschrëften haalt, déi an deenen Zone gëllen, wou Dir wëllt hifueren. Huelt Iech Zäit, fir Iech, ier Dir fortfuert, déi gesetzlech Ufuerderungen unzekucken. Zum Beispill um Site vum Centre Européen des Consommateurs France oder Europäisches Verbraucherzentrum Deutschland.

    Dokumenter, déi Dir op kee Fall vergiessen däerft

    Eng grëndlech administrativ Organisatioun ass indispensabel, fir entspaant ze reesen. Kontrolléiert, ob Är Autosversécherung all d’Länner ofdeckt, déi Dir passéiert, an haalt Är gréng Kaart grëffbereet. Kuckt och, ob Äre Fürerschäin nach gülteg ass.

    Wann Dir wëllt Schi oder Snowboard fueren, kann et sinn, datt Dir e Certificat vun der Haftflicht braucht. Dëst ass besonnesch de Fall an Italien, mee et ass ni schlecht, dëst Dokument bei Iech ze hunn. Dir kënnt et einfach iwwer Är easyAPP ufroen.

    Vergiesst Är Identitéitsdokumenter net! Dir braucht se net nëmmen, fir ze reesen, mee si kënnen och nëtzlech si beim Schilift, fir vun enger Altersreduktioun ze profitéieren.

    Versécherungsschutz: plangt am Viraus

    Wantersport ass immens flott, mee leider och mat Risike verbonnen. Mam Package Reesen vun easyPROTECT Haus a Wunnengkënnt Dir Äre Kapp a Rou leeën:

    • De Volet Annulatioun (Récktrëtt) vun der Rees schützt Iech am Fall vun engem Imprevu (Krankheet, Familljeproblem) virum Depart.

    • D’Optioun Gepäck deckt d’Ausrüstung, déi Dir lount oder déi Iech gehéiert, am Fall vun engem Schued (Vol, Broch, Kollisioun) of; dozou zielen och Är elektronesch Apparater an den Inhalt vun den Daachboxen.

    • D’Assistance Annuelle suergt fir Iech am Fall vun enger plëtzlecher Krankheet oder engem Accident an Ärer Vakanz oder bei Ären Ausflich an d’Ausland. Och de Récktransport, d’Sich an d’Rettung mam Helikopter ginn iwwerholl.

    Transport vun Ärem Hausdéier

    Wann Äre véierbeenege Frënd Iech begleet, musst Dir och seng Rees virbereeden. Vergewëssert Iech, datt hien en europäesche Pass huet an datt seng Impfungen, besonnesch déi géint Tollwut, aktuell sinn. Kuckt, datt Dir am Auto eng Transportbox oder speziellt Sécherheetsgeschier hutt. Leet reegelméisseg Pausen an, fir datt Äert Déier sech d’Féiss vertrëppele kann, a vergiesst seng Saachen net: Friess- an Drénkschossel, Iessen, Decken a Spillsaachen. Hei fannt Dir all d’Informatiounen a Rotschléi, wéi Dir Äert Hausdéier sécher mam Auto transportéiert.

    Lescht Virbereedungen

    Huelt genuch Boergeld mat; dat ass besonnesch nëtzlech op den héich geleeëne Schihütten, wou et net ëmmer méiglech ass, mat der Kaart ze bezuelen. Vergiesst net, déi néideg Autobunnsvignetten ze kafen, besonnesch fir Éisträich an d’Schwäiz. Kontrolléiert, wéi d’Wieder soll ginn, iert Dir fortfuert, fir datt Dir am Viraus wësst, mat wéi enge Konditiounen Dir op der Strooss an op de Piste musst rechnen. Denkt schlussendlech drun, d’LALUX-App erofzelueden, fir Är Kontrakter a Certificaten ëmmer bei Hand ze hunn.

    En Depart ouni Stress

    Wann Dir dës Rotschléi befollegt an all Aspekt vun Ärem Openthalt am Viraus plangt, stinn Är Chancë gutt, fir Är Vakanz an de Bierger a vollen Zich ze genéissen. D’Virbereedung ass zwar vläicht e bësse beschwéierlech, mee si ass de Schlëssel fir en gelongenen Openthalt, wou Dir Iech op déi wichteg Saache konzentréiere kënnt: d’Freed um Schifueren a gemeinsam Momenter an de Bierger.

    Also preparéiert Är Wallisse grëndlech: De Bierg waart op Iech fir eng onvergiesslech Vakanz!

    Package Reesen

    Entspaant verreesen