Wëssen, wéi ee bei engem Accident de Constat richteg ausfëllt, ass wichteg, fir datt Dir Iech keng Suerge maache musst, an och fir Komplikatiounen am Fall vun engem Schued ze vermeiden. E falsch ausgefëllte Constat kann zu Verspéidunge bei der Entschiedegung oder Froen iwwer d'Haftung féieren. Hei e gutt verständleche Guide, fir Iech ze hëllefen, de Constat ouni Stress auszefëllen.
Fëllt de Constat genee aus
Fir Zweedeitegkeeten ze vermeiden, stellt sécher, datt Dir korrekt a komplett Informatiounen am Constat ugitt.
- Allgemeng Informatiounen: Ganz uewen um Constat musst Dir d'Informatiounen iwwer den Datum, d'Zäit, d'Plaz vum Accident an d'Presenz vu verletzte Persounen oder Zeien uginn.
- Informatiounen iwwer déi betraffe Parteien: Gitt an de Kolonnen A a B déi jeeweileg Donnéeë vum Chauffer, vum Gefier a vun der Versécherung fir all Partei un. Et ass egal, a wéi enger Kolonn Är Informatioune stinn, awer stellt sécher, datt d'Informatiounen, déi déi aner Partei ugëtt, richteg sinn.
- Zeechnung a Beschreiwung vun de Schied: Zeechent eng Skizz vum Oflaf vum Accident a weist d'Schied un de Gefierer mat Feiler un. Maacht och Fotoe vun de Schied a schéckt se Ärem Versécherer.
- Ëmstänn vum Accident: An der Kolonn an der Mëtt musst Dir déi Këschten ukräizen, déi der Situatioun entspriechen. Wa keng Këscht der Situatioun entsprécht, schreift eng Erklärung an d'Rubrik „Observations“.
Entdeckt weider Rotschléi, wéi Dir Äre Constat richteg ausfëllt an eisem Guide.
Mat Virsiicht ënnerschreiwen
Kontrolléiert d'Informatiounen um Constat gutt, ier Dir en ënnerschreift. Soubal en ënnerschriwwen ass, kënne keng Ännerungen op der éischter Säit méi gemaach ginn.
Wann Dir net mat den Informatiounen averstan sidd, déi do stinn, ënnerschreift de Constat net, och wann Drock gemaach gëtt. An dësem Fall wäerten d'Versécherer d'Situatioun analyséieren, fir d'Haftung ze bestëmmen.
Wat Dir Iech verhale sollt
- De Constat besteet dank dem Fuschpabeier an der Mëtt herno aus zwee identeschen Exemplaren. All Partei hält een dovu fir säi Versécherer.
- Fir all Accident muss en eegene Constat ausgefëllt ginn. Wa méi Gefierer an den Accident verwéckelt sinn, muss e separate Constat mat all betraffe Partei ausgefëllt ginn. Am Fall vun enger Massekarambolage heescht dat, datt ee Constat mam Chauffer vum Auto virun Iech an ee mam Chauffer vum Auto hannert Iech muss ausgefëllt ginn.
Maacht iech d'Liewe méi einfach mat easyAPP
Spuert Zäit, andeems Dir e Constat, dee mat Äre perséinlechen Informatioune virausgefëllt ass, iwwer easyAPP vu LALUX bestellt. Dëse Service ass séier, praktesch a gratis!
A fir en optimale Schutz, wielt déi passend Versécherung mat easyPROTECT Auto vu LALUX. Dräi personaliséierbar Formullen erlaben Iech, dee Versécherungsschutz ze fannen, dee perfekt op Är Besoinen ofgestëmmt ass.
Entspaant mam Auto ënnerwee mat LALUX!