Entdeckt all eis Rotschléi, wéi Dir Äre Constat richteg ausfëllt
Méi dozou

Constat Amiable

Egal wéi virsiichteg mir als Chauffer och sinn, et besteet ëmmer e Risiko, datt een um Steier an en Accident verwéckelt gëtt.

Ob deen elo op eng geféierlech Fuerweis vun enger anerer Persoun, op d'Wiederkonditiounen oder op Oflenkung zeréckzeféieren ass, et ass wichteg, datt ee sech drop virbereet, roueg ze bleiwen an de Problem esou gutt ewéi méiglech ze geréieren. Wann Dir Iech frot, wéi een e Constat ausfëllt, da sidd Dir hei genee richteg.

Informatiounsvideo

Wat ass e Constat bei engem Autosaccident?

De Constat ass en Dokument, dat et de Chaufferen, déi an en Autosaccident verwéckelt sinn, erlaabt, den Oflaf vum Accident an d'Schied, déi entstane sinn, genee ze beschreiwen. Op der Basis vun dësem Constat leet d'Versécherungsgesellschaft déi jeeweileg Responsabilitéit fest.
 De Constat besteet aus zwee Blieder, déi beim Ausfëllen iwwertenee geluecht musse ginn, fir datt béid Chaufferen eng Kopie vun der Beschreiwung kënne kréien.

Wéi fëllt een e Constat aus?

Entdeckt hei déi verschidden Abschnitter

Allgemeng Informatiounen iwwer den Accident

  • 1 Datum an Auerzäit vum Accident
  • 2 Plaz vum Accident: Gitt d'Land an déi genee Plaz un. Wann den Accident op enger Kräizung geschitt ass, musst Dir den Numm vun deenen zwou Stroossen uginn.
  • 3 Verletzter: Och wann Dir nëmmen eng kleng Schréips hutt, musst Dir dat uginn.
  • 4 Materiell Schied: Gitt déi aner materiell Schied un, also net déi, déi un de betraffene Gefierer entstane sinn: Schied u geparkten Autoen, un der Strooss oder esouguer u Géigestänn am Auto, déi beim Accident beschiedegt goufen.
  • 5  Zeien: Wann et Zeie gëtt, musst Dir hir Coordonnéeën uginn.

Angaben iwwer d'Gefier

Um Constat ginn et zwee Felder mat ënnerschiddleche Faarwen a mat der Iwwerschrëft „Gefier A” a „Gefier B”. All Feld bezitt sech op ee Gefier.

  • 6 Assuré: Vergiesst net, datt den Titulaire vun der Assurance ënner Ëmstänn net de Chauffer ass
  • 7 Angaben iwwer d'Gefier
  • 8  Coordonnéeë vum Assureur: Dir fannt se op Ärem Certificat vun der Assurance (gréng Kaart)
  • 9 Coordonnéeë vum Chauffer
  • 10 Opprallpunkt: Gitt mat engem Feil un, op wéi enger Plaz vum Auto et zum éischte Kontakt koum
  • 11 Siichtbar Schied: All Schued, deen opgrond vum Accident um Gefier festgestallt gouf

Ëmstänn vum Accident

  • 12 Ëmstänn: Hei geet et ëm d'Kolonn an der Mëtt vum Dokument. Dësen Deel ass ganz wichteg, fir datt d'Assureure verstoe kënnen, wat wierklech geschitt ass. Och hei sinn d'Informatiounen op d'Gefier A an d'Gefier B opgedeelt, all Chauffer fëllt deen Deel aus, dee säi Gefier betrëfft. Um Enn muss jiddereen d'Casen zielen, déi e virdrun ugekräizt huet.
  • 13 Skizz vum Accident: An dësem eidele Feld musst Dir eng Skizz vum Oflaf vum Accident zeechnen. Loosst e bësse Plaz, fir datt Dir eventuell nach en Text fir Erklärungen dobäisetze kënnt.
  • 14 Meng Remarken: Béid Chauffere kënnen déi Commentairen hannerloossen, déi si als wichteg ugesinn. Wann Dir d'Aussoe vun deem anere Chauffer contestéiert, da kënnt Dir dat op dëser Plaz uginn.
  • 15 Ënnerschrëften: De Constat ass nëmme gëlteg, wann e vun deenen zwou betraffene Parteien ënnerschriwwen ass. Soubal en ënnerschriwwen ass, dierft Dir näischt méi dobäisetzen oder änneren. D'Ënnerschreiwe vum Constat engagéiert Iech a Bezuch op all d'Angaben, déi doranner enthale sinn, och déi vun deem anere Chauffer. Huelt Iech dofir Zäit, fir all d'Informatiounen duerchzeliesen. 
    Wichteg: Wann Dir net mat de Beschreiwungen oder Aussoe vum Constat averstane sidd, musst Dir en net ënnerschreiwen!

D'Récksäit vum Constat

D'Récksäit muss vun all Chauffer separat ausgefëllt ginn. Et handelt sech hei ëm eng ergänzend Deklaratioun, an där d'Ëmstänn vum Accident kënne preziséiert ginn. Wann d'Angaben op der Récksäit deenen op der viischter Säit widderspriechen, kënne se net géint de géigneresche Chauffer geltend gemaach ginn.

Nëtzlech Informatiounen

Wou kritt een e Constat?

En Accident ass eppes Ongeplangtes, Dir musst deemno ëmmer e Constat fir Accidenter an Ärem Auto hunn.
Wann Dir awer méi Exemplairë braucht, kënnt Dir déi bei Ärem LALUX-Agent oder direkt bei LALUX ufroen.
Wann Dir eng easyPROTECT Auto-Versécherung ofschléisst, kritt Dir e Constat, op deem Är Donnéeë schonn agedroe sinn. Mat e puer Klicke kënnt Dir iwwer eis mobil App easyAPP oder am Clientsberäich vun easyAPP Home en neien ausgefëllte Constat ufroen, Dir kritt deen da per Post zougeschéckt.

De Constat ass ausgefëllt. Wat elo?

Wann de Constat ausgefëllt ass, geet et duer, deem anere Chauffer een Exemplaire vum Formulaire auszehändegen. Duerno musst Dir d'Dokument entweder direkt un den Département Indemnisation oder un Äre LALUX-Agent schécken, oder de Schued iwwer Är easyApp mellen. Déi betraffen Assureuren halen da matenee Récksprooch, fir unhand vun den Informatioune vum Constat ze bestëmmen, wien haftbar ass.

Méi dozou

easyPROTECT Auto

Assurancë fir Autoen, Motoen an aner Gefierer

 

D'Assurance easyPROTECT Auto vu LALUX séchert Iech ëmfaassend of a schützt net nëmmen Äert Gefier, mee och all d'Passagéier an Äert Gepäck. Personaliséiert Äre Versécherungskontrakt mat deenen Optiounen, déi fir Iech interssant sinn.

 

Entdeckt easyPROTECT Auto