Expats,Auto verëffentlecht den 01.01.1970
Bonus-Malus: de Wee fir méi verantwortungsbewosst Fueren!

Wëllkomm zu Lëtzebuerg! Wann Dir Iech grad an dësem wonnerschéine Land niddergelooss hutt, dann hutt Dir Iech bestëmmt och scho mat verschiddenen Aspekter vum deegleche Liewen hei auserneegesat. Zu de villen Eegenaarte vum Lëtzebuerger Land gehéiert och de Bonus-Malus-Konzept vun der Autosassurance. Dëse Mechanismus kann, jee no Ärem Fuerverhalen, e groussen Afloss op d’Käschte vun Ärer Assurance hunn. Mee keng Panik, mir erklären Iech hei, wéi e funktionéiert!

  • easyPROTECT Auto

    Méi dozou

    Wat ass iwwerhaapt dee Bonus-Malus-System?

    Wann Dir aus engem Land kommt, wou et dee System net gëtt, dann ass et elo un der Zäit, Iech dat op eng einfach an effikass Manéier ze erklären.

    Mat dësem Bonus-Malus-System soll haaptsächlech, duerch en direkten Impakt op Är Assurancëprimm, e verantwortungsbewosst Verhale beim Fuere gefërdert ginn. Dat bedeit, kuerz gesot, datt gutt Chauffere belount a schlecht Chauffere bestrooft ginn.

    Ënne fannt Dir eng Illustratioun vun der Bonus-Malus-Skala, déi zu Lëtzebuerg gëllt. D’Skala geet vum Grad -3 bis 22, woubäi de Grad -3 dee beschten ass. Wann Dir eng nei Assurance ofschléisst a virdrun nach ni e Bonus-Malus-System hat, fänkt Dir un der Basis, beim Grad 11, un. Och wann Dir e weidert Gefier kaaft, fänkt Dir beim Grad 11 un, well Dir Äre Grad net op aner Gefierer duplizéiere kënnt.

    Wann Dir aus engem anere Land kommt, wësst Dir vläicht, datt d’Autosassurancësystemer an Europa net iwwerall d’selwecht sinn. Fir Är Fuerpraxis zu Lëtzebuerg unerkennen ze loossen, braucht Dir eng Attestatioun vun Ärem viregte Bonus-Malus-Status an eng sou genannten „Attestation de sinistralité”, d. h. en Historique vun Äre Schied an deene leschte 5 Joer.

    Wéi funktionéiert de Bonus-Malus-System?

    Wann et wärend dem Beobachtungszäitraum* net zu engem Schued kënnt, geet Äre Bonus-Malus ëm 1 Grad erof. Och Är Primm geet dann erof.

    Wann et awer zu engem Schued kënnt, klëmmt Äre Grad ëm 3 Punkten, d. h., datt och Är Primm an d’Luucht geet.

    Stellt Iech elo vir, Dir wiert an engem Grad iwwer 11, also am roude Beräich, am Fall vun engem Schued. Wann Dir 4 Joer hannerteneen net fir e Schued verantwortlech sidd, da kommt Dir zeréck op de Grad 11, de Basisniveau.

    De rouden Deel stellt déi Graden duer, bei deenen Är Primm méi héich ass ewéi d’Basisprimm. Hei geet et drëm, schlecht Chaufferen ze bestrofen. De gréngen Deel, bei deenen Är Primm méi niddereg ass ewéi d’Basisprimm, ass do fir gutt Chaufferen ze belounen.

    Stellt Iech vir, Dir sidd um Basisniveau, d. h. um Niveau 11:

    • Bonus: Wann Dir wärend dem Beobachtungszäitraum vun engem Joer* kee Schued mellt, da klammt Dir op der Bonus-Malus-Skala 1 Grad erof. Dir befannt Iech dann am gréngen Deel vun der Skala an de Montant vun Ärer Primm läit vum Grad 9 un ënnert deem vun der Basisprimm.

    • Malus: Wann Dir awer fir en Accident verantwortlech sidd an engem aneren e Schued verursaacht, klëmmt Äre Grad ëm 3 Punkten an Dir kommt an de rouden Deel vun der Skala. De Montant vun Ärer Primm läit dann iwwert der Basisprimm

    * Beobachtungszäitraum = déi 12 Méint, déi dem 1. Dag vum Joresdag vun der Echeance ëm ee Mount virausginn

    Den Afloss vun deene verschiddene Formelen op de Bonus-Malus

    Dir hutt nach ni vun easyPROTECT Auto héieren? Kee Problem, hei ass de perfekte Guide, deen och d’Informatiounen, déi Dir uewe gesinn hutt, nach eng Kéier opgräift. Elo läit et un Iech, fir de Fall vun engem Mëssgeschéck de richtege Partner un Ärer Säit erauszesichen!

    Fir d’éischt muss een déi 2 Komponente vun der Assurancëprimm verstoen, op déi de Bonus-Malus-Grad en Afloss huet:

    Deen Deel, dee mat der Haftflichtversécherung verbonnen ass:

    Déi obligatoresch Haftflichtversécherung ass an alle Formelen abegraff. Bei alle Fäll vu Schied, bei deenen eng Drëttpersoun betraff ass a fir déi Dir verantwortlech sidd, geet Äre Bonus-Malus erop a bewierkt eng Hausse vun Ärer Primm.

     Deen Deel vun de materielle Schied: Hei ginn et jee no Formel Ënnerscheeder:

    • Sécurité: net betraff, well d’Garantie fir materiell Schied net enthalen ass

    • Confort: limitéierten Impakt, dank dem Joker

    • Performance: keen Impakt

     Formel Sécurité : kee Schutz vum Bonus

    Ären Auto huet schonn e puer Joer um Bockel a steet kuerz virun der Pensioun? Dann ass dës Formel dee beschte Choix fir déi zu Lëtzebuerg obligatoresch Assurance.

    Formel Confort : Kasko-Joker

    Wann Dir fannt, Dir wiert allgemeng zwar relativ virsiichteg, mee Dir wëllt trotzdeem am Fall vu klengen Accrochagë verséchert sinn, dann ass d’Formel „Confort” de beschte Bäifuerer fir Iech. Dëse Choix ass net nëmme frëndlech mat Ärem Portmonni, e bitt Iech och eng ideal Ofsécherung – genee dat, wat Dir braucht. Fir all materielle Schued, deen Dir mellt, klëmmt Äre Bonus-Malus-Grad fir materiell Schied ëm 3 Grad. Wann Dir 3 Joer laang kee materielle Schued mellt, profitéiert Dir vun engem Joker zu Äre Gonschten. An dësem Fall klëmmt Äre Bonus-Malus fir materiell Schied net bei deem nächste materielle Schued, deen Dir mellt. Duerno geet en awer nees erop.

    Formel Performance : kee Malus

    Dir hutt Iech grad Ären neien Dramauto kaf an Dir wëllt e wéi dee wäertvollste Bijou op der Welt schützen, dann ass dës Formel genee déi richteg fir Iech. Genee ewéi bei der viregter Formel ass och hei d’Garantie fir materiell Schied, déi Dir vläicht ënnert dem Numm Kasko, Omnium (Belsch) oder Tous-risques (Frankräich) kennt, abegraff. Bei dëser Formel geet Är Primm am Fall vun engem reng materielle Schued net an d’Luucht. Äre Bonus ass deemno geschützt. Dëst ass a bleift d’Liblingsformel vun 78 % vun den easyPROTECT Auto-Clientë bei LALUX. Är Rou ass méi wäert wéi all déi komplizéiert Bonus-Malus-Rechnungen, oder? Mat LALUX fuert Dir egal ënnert wéi engen Ëmstänn garantéiert gutt ofgeséchert.

    Gutt ze wëssen: e Gefier importéieren

    Wann Dir mat Ärem Auto aus engem anere Land op Lëtzebuerg kommt, hutt Dir 6 Méint Zäit fir Ären Auto ze immatrikuléieren. Dir wëllt méi driwwer gewuer ginn, wéi Dir Ären Auto, deen Iech esou wichteg ass, op Lëtzebuerg importéieren an do immatrikuléiere kënnt? Da kuckt Iech hei eise Guide mat all den Erklärungen un!

    Wichteg ass et ze wëssen, datt all Gefier, dat op de Lëtzebuerger Stroossen zirkuléiert, obligatoresch eng Auto-Haftflichtversécherung muss hunn.

    Fir esou eng Assurance ofzeschléissen, musst Dir eng Bonus-Malus-Attestatioun, en Dokument, aus deem Är 5 lescht Joer als Assuré ervirginn, virleeën. Och wann d’Versécherungssystemer an Europa ënnerschiddlech sinn, et ginn Equivalenzen, besonnesch mat Frankräich, der Belsch, Däitschland a Portugal.

    easyPROTECT Auto

    Méi dozou