Dir hutt decidéiert, Är berufflech Karriär zu Lëtzebuerg weiderzeféieren an hutt Iech grad hei installéiert? Wëllkomm! Mee Dir frot Iech vläicht, wéi Dir weider vun den aussergesetzleche Virdeeler, déi Dir bei Ärem viregte Patron am Ausland hat, profitéiere kënnt, besonnesch vum Kontrakt fir d’Altersvirsuerg, deen hei Zousazpensiounsversécherung oder „Régime Complémentaire de Pension“ (RCP) genannt gëtt.
Bitt Äre Lëtzebuerger Employeur dësen Avantage un?
Wonnerbar, dann hutt Dir anscheinend de richtege Choix getraff. Är Pensioun ass geséchert an Dir profitéiert weiderhi vun alle Virdeeler, déi mat esou engem Kontrakt zu Lëtzebuerg verbonne sinn. Ënner Ëmstänn bitt Ären Employeur esouguer Stierffall- an Invaliditéitsversécherungen un, fir Iech an Är Léifste géint ongeplangten Evenementer am Liewen ofzesécheren.
Wann esou e Plang besteet, hutt Dir och d’Méiglechkeet, e mat perséinleche Cotisatioune vu bis zu 1.200 EUR d’Joer opzestocken. Doduerch kënnt Dir direkt vu verschiddene steierleche Virdeeler profitéieren: De Betrag, deen Dir abezuelt, reduzéiert all Mount Äert steierflichtegt Akommes an Dir profitéiert deemno all Mount vu Steierreduktiounen. Wann Dir zeréck an Äert Heemechtsland schaffe gitt, recuperéiert Dir Ären ugespuerte Betrag, deen net zu Lëtzebuerg besteiert gëtt.
Ären neien Employeur zu Lëtzebuerg bitt kee Pensiounsplang un
Dat mécht näischt, et ass eng gutt Geleeënheet, fir en dozou ze beweegen, esou e Plang anzeféieren, oder, wann Dir an enger féierender Positioun sidd, selwer ze decidéieren, esou e System anzeriichten. An engem Kontext, wou de gesetzleche Pensiounssystem u seng Grenze stéisst, kann dësen Avantage den Ënnerscheed maachen, fir Är Ekippen ze motivéieren, Är wäertvollst Mataarbechter ze fideliséieren oder nei Talenter unzezéien.
LALUX ass um nationale Plang Leader fir dës Zort vu Léisungen a verséchert haut ronn 40.000 Mataarbechter an 2.000 Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg niddergelooss sinn. E privilegiéierten Uspriechpartner deemno, fir dës Employee-Benefits-Léisung ëmzesetzen.
Entdeckt all d’Virdeeler vum Pensiounsplang lalux-Staff Protect
Individuelle Kontrakt
Onofhängeg dovunner, ob an Ärem Betrib eng Léisung ugebuede gëtt oder net, hutt Dir d’Méiglechkeet, am Kader vum Artikel 111bis vum Gesetz iwwer d’Akommessteier (LIR) en individuelle Kontrakt ofzeschléissen.
Och wann Dir (am Ufank) plangt, nëmmen e puer Joer zu Lëtzebuerg ze bleiwen, ass et ëmmer nëtzlech, fir d’Pensioun ze spueren. Dir profitéiert esou vun engem ganz favorabele Steiersystem, well d’Primmen, déi an esou e Kontrakt investéiert ginn, bis zu engem Betrag vun 3.200 EUR d’Joer vun de Steieren ofgesat kënne ginn. Jee no Steiersituatioun entspriechen d’Avantagen, vun deenen Dir profitéiere kënnt, bis zu 45 % vun Ärer Joresprimm. Wann Dir decidéiert, an Äert Heemechtsland zeréckzegoen, recuperéiert Dir déi accumuléiert Erspuernesser, ouni datt dës an iergendenger Form zu Lëtzebuerg besteiert ginn.
Entdeckt all d’Virdeeler vun der individueller Léisung easyLIFE Pension.
Wat geschitt mat der Zomm, déi Dir bei Ärem viregten Employeur ugespuert hat?
Bei Ärem Depart hat Dir vläicht d’Méiglechkeet, d’Pensiounserspuernesser vun Ärem viregten Employeur ausbezuelt ze kréien. Jee no Ärer Situatioun kann et interessant sinn, dëse Betrag zu Lëtzebuerg ze reinvestéieren. D’Situatioun muss hei vu Fall zu Fall analyséiert ginn. Déi professionell Agente vu LALUX hëllefen Iech erauszefannen, wéi eng Léisunge fir Iech am gënschtegste sinn.
Wann Dir als Independant an d’Land kommt
Och hei kritt Dir speziell Léisunge mat steierleche Virdeeler proposéiert. Entdeckt am Detail lalux-Safe Future.
Wéi och ëmmer Är perséinlech Situatioun ausgesäit, et gëtt eng Léisung, mat där Dir Är Altersvirsuerg fortsetzen an esou vermeide kënnt, datt dës nëtzlech Virbereedung am Laf vun Ärer Karriär ënnerbrach gëtt.
Zéckt net, Iech un e LALUX-Agent ze wenden, hie beréit Iech gären.