Liewensversécherungen verëffentlecht den 24.10.2024
D’ Limitte vum gesetzleche Pensiounssystem zu Lëtzebuerg

De Pensiounssystem zu Lëtzebuerg zielt allgemeng zu deene generéisten. An der Moyenne kréien d’Pensionäre 75 % vun hirer duerchschnëttlecher Pai. An den Nopeschlänner ass dëse Prozentsaz vill méi niddreg: 58 % a Frankräich, 44 % an Däitschland. Och den Alter fir an d’ Pensioun ze goen ass méi niddreg wéi bei eisen Noperen.

  • easyLIFE Pension

    Méi

    Leider stéisst den aktuelle System awer u seng Grenzen a muss an Zukunft mat Sécherheet ugepasst ginn.

    Mir erklären, wéi dës Limitten ausgesinn a firwat d’ Diskussiounen um Niveau vun der Politik nees opkommen.

    Momentan ginn d’ Cotisatioune vun der aktiver Bevëlkerung benotzt, fir d’ Renten, déi un d’Pensionären ausbezuelt ginn, ze finanzéieren. Dëse System vun der „Verdeelung” steet an direktem Zesummenhang mat eisem Liewensstil.

    Agefouert goufen d’ gesetzlech Pensiounen zu enger Zäit, wou déi aktiv Bevëlkerung mat 15 Joer ugefaangen huet mat schaffen a mat 60 Joer an d’ Pensioun gaangen ass. Mat 40 bis 45 Joer Cotisatioune konnten deen Ament 5 bis 10 Joer Pensioun finanzéiert ginn. Haut läit den Duerchschnëttsalter fir den Antrëtt an d’ Beruffsliewe bei 20 bis 25 Joer, an och d’ Liewenserwaardung ass an d’Luucht gaangen. 25-30 Joer Pensioun mussen deemno mat nëmme 35 Joer Cotisatioune finanzéiert ginn.

    Och tëscht dem cotiséierte Betrag an der ausbezuelter Pensioun besteet en Ongläichgewiicht: All Pensionär kritt bal duebel esou vill wéi dat, wat en am Laf vu sengem Beruffsliewe cotiséiert huet.

    Wéi konnt de System bis elo fonctionéieren?

    Et ass de grousse Wuesstem vun der aktiver Bevëlkerung, deen dem System erlaabt huet, bis elo nach net u seng Grenzen ze stoussen. Bis haut ass d’ Zomm vun de Cotisatiounen, déi vun der aktiver Bevëlkerung agezu ginn, méi héich ewéi de Montant vun de Pensiounen, déi un d’Pensionären ausbezuelt ginn. Am Laf vun der Zäit konnt deemno eng gewësse Reserv ugeluecht ginn.

    Vun 2027 un ass dat awer net méi de Fall. De Betrag vun den ausbezuelte Pensiounen ass da méi héich ewéi dee vun de Cotisatiounen, esou datt d’ Reserve muss an Usproch geholl ginn.

    A vun 2047 u sinn dës Reserve komplett opgebraucht.

    Fir datt den aktuelle System weiderbestoe kann, misst déi aktiv Bevëlkerung sech bis 2070 verdräifachen… Dat ass awer onrealistesch a géif och aner Problemer verschäerfen, wéi zum Beispill déi vum Logement.

    D’Dirigentë sinn deemno mat gréisseren Erausfuerderunge konfrontéiert, fir de laangfristege Fortbestand vum gesetzleche Pensiounssystem ze garantéieren. Et ass kloer, dass et an deem Beräich zu Entwécklunge komme muss.

    Fir dëse virzegräifen an Är Pensioun ze sécheren, kënnt Dir selwer d’Saach an d’Hand huelen.

    Et ginn e puer Léisungen, fir Är Zukunft virzebereeden a vun elo u schonn e Complement opzebauen, deen am richtege Moment ganz nëtzlech wäert sinn. Individuell Assurancë wéi easyLIFE Pension sinn e gudde Wee, fir dëst Zil ze erreechen. Si kënnen ausserdeem steierlech ofgesat ginn an erlaben Iech esou all Joer, Steieren ze spueren.

    Och fir Selbstänneger a fir Betriber ginn et Léisungen. Jidderee kann deemno op sengem Niveau aktiv ginn a jee no senge Moyenen dozou bäidroen, den Erausfuerderunge vum Pensiounssystem entgéintzetrieden.

    Frot bei Ärem LALUX-Agent no, hie beréit Iech gären!

    easyLIFE Pension

    Méi