D’Pensioun ass eng entscheedend Etapp vum Liewen an et ass wichteg, sech gutt drop virzebereeden. Zu Lëtzebuerg baséiert de Pensiounssystem op dräi Pilieren: Den drëtte Pilier erlaabt Eenzelpersounen, hiert Spuerverméige flexibel a besoinsgerecht opzebauen, a gläichzäiteg – dank de Pensiounszousazversécherungen – direkt vu steierleche Virdeeler ze profitéieren. Dës Zort vun Assurance ass besonnesch interessant fir déijéineg, déi hir finanziell Situatioun laangfristeg optiméiere wëllen.
Wéi funktionéiert eng individuell Zousazpensiounsléisung?
Wann Dir Iech fir eng Léisung ewéi easyLIFE Pension entscheet, kënnt Dir elo direkt mat Spueren ufänken, an zwar mat erschwéngleche Cotisatioune vu 25 € de Mount un, déi zu all Ament un Är Besoine kënnen ugepasst ginn. Dir hutt de Choix tëscht zwou Formelen:
Sécurité: E garantéiert Kapital mat enger Gewënnbedeelegung vum drëtte Joer un
Performance: Eng Optioun, fir a Fongen ze investéieren, déi e potenziell méi héije Rendement bitt, woubäi e gewësse Risikoniveau a Kaf geholl muss ginn.
D’Virdeeler vun der Altersvirsuerg
Mat easyLIFE Pension kënnt Dir vun enge sëllege Virdeeler profitéieren:
Attraktiv steierlech Virdeeler: Dem Artikel 111bis vum Akommessteiergesetz (L.I.R.) no kënnt Dir all Joer bis zu 3.200 € pro Persoun vun de Steieren ofsetzen. Jee no Ärem Akommes kënnt Dir doduerch bis zu 45 % vun den investéierte Primme spueren. Mat anere Wierder, en net onweesentlechen Avantage, fir Är finanziell Situatioun ze stäerken a gläichzäiteg och Är Steieren ze reduzéieren.
Äert Spuerkapital ass a verschiddene Forme verfügbar: Am Pensiounsalter kënnt Dir decidéieren, ob Dir Är Erspuernesser a Form vu Kapital oder all Mount a Form vun enger liewenslaanger Rent ausbezuelt wëllt kréien, woubäi och eng Kombinatioun vun dësen zwou Optioune méiglech ass.
Ofsécherung vun Äre Léifsten: Am Stierffall ginn Är Erspuernesser direkt un Är Beneficiairen iwwerdroen a garantéieren esou hir finanziell Sécherheet.
Verfügbarkeet fir Frontalieren: Dës Léisung ass och fir Grenzgänger disponibel, sou datt si och vun de Lëtzebuerger steierleche Bedéngunge profitéiere kënnen.
Wichtegen Tipp: Fänkt esou fréi ewéi méiglech un, Är Pensioun ze plangen.
Mat dëser proaktiver Virbereedung entscheet Dir Iech fir Suergefräiheet a profitéiert gläichzäiteg vu reelle steierleche Virdeeler. Kuckt Iech elo schonn d’Spueroptiounen un, déi Iech net nëmmen erlaben, eng zolidd, roueg Zukunft opzebauen, mee och vu steierlechen Ofzich ze profitéieren, déi Är Steierlaascht reduzéieren. Fir Är Pensioun gutt virzebereeden, sollt Dir haut schonn aktiv gi mat easyLIFE Pension.
Frot bei Ärem LALUX-Agent no, hie beréit Iech gären!