Dir wëllt en neien Auto kafen? Mir gratuléieren! Ee vun den éischte Schrëtt, déi Dir ënnerhuele musst, ass d’Umeldung vun Ärem Gefier. Dat ass näischt Komplizéiertes, mee et ass besser, et ass ee virbereet, fir all Schrëtt richteg ze maachen. Hei ënnendrënner fannt Dir all d’Detailer vun de 5 Schrëtt vun dëser Demarche.
Déi giel Placke waarden op Iech!
Wann Dir en neien oder en Occasiounsauto kaaft, sollt deen esou séier wéi méiglech ugemellt ginn. Wann Dir awer grad eréischt op Lëtzebuerg geplënnert sidd an Äert Gefier nach ëmmer an Ärem Hierkonftsland immatrikuléiert ass, hutt Dir sechs Méint vun deem Dag, wou Dir Iech hei installéiert hutt, un, fir déi néideg Demarchë fir seng Umeldung ze ënnerhuelen. Dir musst wëssen, datt e Gefier eréischt op de Lëtzebuerger Stroosse fueren däerf, wa seng Umeldung ofgeschloss ass. Bei Occasiounsautoen oder neien Autoen, déi bei engem Autoshändler zu Lëtzebuerg kaaft ginn, ënnerhëlt den Händler normalerweis all dës Schrëtt fir Iech.
Schrëtt 1: Ufroe vun enger Plackennummer
Den éischte Schrëtt, fir Äert Gefier zu Lëtzebuerg unzemellen, ass d’Ufroe vun enger Nummer fir Är nei giel Placken. Dir hutt zwou Optiounen:
- eng Nummer aus der lafender Serie: Dës besteet aus 2 Buschtawen a 4 Zuelen an ass u sech de Standard.
- eng personaliséiert Plack: Dir kënnt eng speziell Zuel auswielen, wann dës dann nach ze kréien ass.
Wéi mécht een d’Demande?
D’Ufroe vun enger Plackennummer ass einfach a séier. Dir kënnt:
- se online iwwer de Site MyGuichet.lu oder d’App MyGuichet.luufroen.
- e Formulaire per E-Mail eraschécken: luet de Formulaire „Demande d’attribution d’un numéro d’immatriculation“ erof a fëllt en aus a schéckt en dann op nplaques@snca.lu.
Et dauert normalerweis 1-2 Aarbechtsdeeg, fir Är Ufro ze traitéieren.
Wann Dir Iech fir eng Nummer aus der lafender Serie entscheet, ass d’Reservatioun gratis. Fir eng personaliséiert Plack entstinn awer zousätzlech Käschten.
De klengen Extra vun der Personaliséierung!
Wëllt Dir Är Placke personaliséiere loossen? Wéi vill Lëtzebuerger kënnt Dir eng eenzegaarteg Nummer wielen, virausgesat, déi gewënschte Plackennummer ass net schonn engem anere Gefier zougewisen. Dir hutt dräi verschidden Optiounen:
- Placke mat 2 Buschtawen a 4 Zuelen
- Placke mat 5 Zifferen
- Placke mat 4 Zifferen. Bedenkt, datt et bei deene leschtgenannten eng extrem héich Nofro gëtt an Dir e puer Joer waarde musst, ier eng Plack mat 4 Ziffere fräi gëtt.
Fir eng personaliséiert Plackennummer ze reservéieren, musst Dir e Steiertimber vun 200 Euro bezuelen.
Schrëtt 2: Bestellt Är giel Placken
Dir kritt Är Plackennummer:
- Nodeems Dir Är Demande eraginn hutt, kritt Dir d’Plackennummer, déi Ärem Gefier zougewisen ass, per Post op Är offiziell Adress.
- An dësem Bréif gitt Dir opgefuerdert, e Steiertimber, deen „Droit de chancellerie“ genannt gëtt, vu 50 € ze bezuelen.
- Dësen Timber ass elektronesch; Dir kritt dofir kee Pabeierdokument. Dir braucht einfach just de Beweis vun Ärer Bank dofir, datt Dir e bezuelt hutt, virzeleeën.
Är Placke ginn hiergestallt:
- Mat der zougewisener Nummer kënnt Dir Är Placke vun engem agreéierten Hiersteller ufäerdege loossen.
- Ofhängeg vum gewielten Déngschtleeschter sinn d’Placke bannent 12 bis 48 Stonne fäerdeg.
- Wann Dir Äert Gefier bei engem Händler kaaft hutt, këmmert dee sech ëm d’Placken. Dir braucht him just d’Nummer matzedeelen.
Schrëtt 3: Verséchert Äert Gefier virun der Umeldung
Zu Lëtzebuerg ass et obligatoresch, säi Gefier mat enger Haftflichtversécherung géint Persounen- a Materialschied, déi Drëtten entstinn, ze versécheren. Opgepasst, dës Versécherung deckt kee Schued un Ärem Gefier, an och net un Iech selwer… Fir e komplette Schutz, wennt Iech un ee LALUX-Agent a gitt méi iwwer Versécherungsléisunge gewuer, déi un Är perséinlech Besoinen ugepasst sinn.
Wat ass déi „gréng Kaart“?
Wonnert Iech net, wa vun enger „grénger Kaart“ geschwat gëtt. Fréier hunn d’Versécherungscertificate missen op gréngem Pabeier gedréckt ginn. Zënter Januar 2021 ass et méiglech, dës international Autosversécherungskaart schwaarz-wäiss ze drécken, ouni datt se hir Gültegkeet verléiert. De Begrëff „gréng Kaart“ gëtt awer weiderhin am alldeegleche Gebrauch benotzt.
Gutt ze wëssen: Richteg verséchert!
D’Wichtegkeet vun enger Kaskoversécherung:
Dir hutt vläicht scho vun der Kaskoversécherung héieren, an der Belsch och „Omnium“ oder a Frankräich „tous risques“ genannt. Dës Formel deckt d’Schied un Ärem Gefier, och déi, déi vun Iech selwer verursaacht ginn.
Och wann d’Kaskoversécherung zu Lëtzebuerg net obligatoresch ass, gëtt se staark recommandéiert, besonnesch, wann Dir e komplette Schutz fir Ären Auto wëllt. Am Géigesaz zu verschiddenen Nopeschlänner ass et zu Lëtzebuerg éischter rar, datt Franchisë fir materiell Schied applizéiert ginn. Fir sécher ze sinn, datt Dir keng zousätzlech Käschten no engem Schued bezuelt, kontrolléiert dëse wichtege Punkt mat Ärem Versécherer.
Mat der Formel Performance vun easyPROTECT Auto vu LALUX Assurances profitéiert Dir vun enger ultra-kompletter Autosversécherung, an Äre Bonus-Malus ass och geschützt: Är Versécherungsprimm geet am Fall vu materielle Schied un Ärem eegene Gefier net erop.
Schützt och de Chauffer:
Wousst Dir, datt de Chauffer vun engem Gefier déi eenzeg Persoun ass, déi net duerch déi eegen Haftflichtversécherung geschützt ass? Hei kënnt d’Chauffersversécherung an d’Spill. Dës Garantie ass eng wesentlech Ergänzung fir all d’Chaufferen. Si deckt Verletzungen, déi de Chauffer erlidden huet, dorënner medezinesch Käschten, Gesondheetsversuergung, Akommesverloscht wéinst Aarbechtsonfäegkeet grad ewéi Invaliditéit oder souguer Doud.
Denkt drun, dës Garantie derbäi ze huelen, fir Ären eegene Schutz am Fall vun engem Accident ze garantéieren.
Schrëtt 4: Preparatioun vum Dossier fir d’Umeldung bei der SNCA
Wann Dir Är Plackennummer an Äre Versécherungscertificat (gréng Kaart) hutt, ass et un der Zäit, fir Ären Dossier zesummenzestellen, fir Äert Gefier bei der Société Nationale de Circulation Automobile (SNCA) unzemellen.
Hei d’Dokumenter, déi Dir dofir braucht:
- e gültegt Identitéitsdokument
- den ausgefëllten an ënnerschriwwene Formulaire „Demande en obtention d’un certificat d’immatriculation“
- de Beweis, datt Dir den Timber „Droit de chancellerie“ bezuelt hutt
- d’Original vun der Rechnung oder vum Kafkontrakt
- e gültege Versécherungscertificat (gréng Kaart)
- den europäesche Konformitéitscertificat, dee vum Hiersteller bei der éischter Mise en circulation ausgestallt gëtt (néideg, wann déi éischt Umeldung nom 1. Februar 2016 war)
- eng Foto vun der Constructeursplack, där hir Plaz um Auto am europäesche Konformitéitscertificat uginn ass
Besonnesch Fäll:
- Éischt Umeldung zu Lëtzebuerg (Import):
- d’Vignette „705“ :, déi Dir vun der Douane kritt, wann Dir d’Gefier importéiert
- Auslännescht Immatrikulatiounsdokument: muss op den Numm vun der Persoun ausgestallt sinn, déi d’Gefier zu Lëtzebuerg umellt
- Kaf vun engem Occasiounsauto:
- gültege Certificat vum Contrôle technique: muss vun engem zu Lëtzebuerg agreéierten Organ ausgestallt sinn.
- Wann d’Gefier am Ausland kaaft gouf, loosst d’Gültegkeet vum Contrôle technique bei engem Lëtzebuerger Organ kontrolléieren. Bei Länner aus dem Europäesche Wirtschaftsraum oder der Schwäiz kann e Certificat akzeptéiert ginn, wann d’Gültegkeet der Lëtzebuerger Gesetzgebung entsprécht.
- Immatrikulatiounscertificat: Deel 1 an Deel 2 (gro Kaart a gielt Duplikat) oder Accusé de réception vun der Mise hors cirulcation vum fréiere Besëtzer.
Areeche vum Dossier:
All d’Dokumenter mussen entweder per Post geschéckt oder beim Accueil vun der SNCA hannerluecht ginn. Fir Waardeschlaangen ze vermeiden, huelt am beschten e Rendez-vous online um Site vun der SNCA.
Schrëtt 5: Genéisst Ären Auto a vill Spaass beim Fueren!
Soubal Dir e kompletten Dossier agereecht hutt an alles kontrolléiert gouf, stellt d’SNCA Iech Ären Immatrikulatiounscertificat aus. Mat dësem offiziellen Dokument kënnt Dir legal op de Lëtzebuerger Stroosse fueren. Dir kritt och Är gro Kaart, op där all déi weesentlech Informatiounen iwwer Äert Gefier stinn, wéi z. B. d’Plackennummer, d’Mark, de Modell an aner technesch Detailer.