Den Autofestival, en Highlight zu Lëtzebuerg direkt am Ufank vum Joer, ass déi ideal Geleeënheet, fir en Auto ze kafen. Awer egal wéini an egal, ob Dir wëllt op Privatleasing wiesselen oder en neien Auto kafen, dëse Guide wäert Iech bei all Schrëtt begleeden.
Maximiséiert de Wäert vun der Reprise vun Ärem aktuellen Auto
Den éischte Schrëtt ass, de Wäert vun Ärem aktuelle Gefier ze schätzen. Vergläicht dofir seng Charakteristike mat änlechen Annoncen um Maart. Autosgarage bidden dacks Offere fir Reprisen un, wat de Prozess méi einfach mécht.
Behaalt awer am Hannerkapp, datt en direkte Verkaf un eng Privatpersoun dacks méi lukrativ ka si wéi eng Reprise bei engem Händler.
Kafen oder leasen: Fannt déi bescht Optioun fir Iech
Dir zéckt tëschent dem Kaf vun engem Auto a Privatleasing? Hei e puer Punkten, déi ze berücksichtege sinn:
- Kaf: Dir gitt de Besëtzer vum Gefier, ouni Restriktioune bei de Kilometer a mat totaler Fräiheet fir eng Personalisatioun. Wann Dir de Kaf mat engem perséinleche Prêt finanzéiert, kënnen d’Mensualitéiten allerdéngs héich sinn.
- Privatleasing: Dir profitéiert vun dacks méi bezuelbare Mensualitéiten, enger reegelméisseger Erneierung, fir Zougang zu rezente Modeller ze hunn, souwéi vu Virdeeler a puncto Entretien. Et ginn allerdéngs Restriktioune bei de gefuerene Kilometer, an d’Wiel vum Versécherer ka limitéiert sinn. Iwwerpréift och, ob Franchisen an der abegraffener Versécherung virgesi sinn.
Mat Time2Lease behaalt Dir d’Méiglechkeet, Äre Versécherer LALUX ze wielen, a profitéiert gläichzäiteg vun de finanzielle Virdeeler vum Leasing. Dëst bedeit, datt Dir vun enger effizienter Ofsécherung profitéiert a gläichzäiteg déi personaliséiert Servicer vun Ärem Versécherungsagent bäibehaalt.
Schlussendlech hänkt de Choix tëschent Kaf a Privatleasing vun Äre perséinleche Virléiften, Ärem Liewensstil an Äre laangfristege finanziellen Ziler of. Analyséiert dës Punkte grëndlech, fir déi bescht Optioun ze fannen, déi bei Är Besoine passt.
Wielt an aktualiséiert Är Autosversécherung clever
Zu Lëtzebuerg ass nëmmen d’Auto-Haftflichtversécherung obligatoresch. Déi deckt awer nëmme Schied, déi bei Drëtten entstinn. Fir Äert Gefier an Iech selwer komplett ze schützen, gëtt staark recommandéiert, eng Versécherung ofzeschléissen, déi Iech schützt, wann Dir hannert dem Steier sëtzt, an en neien Auto mat enger Kaskoversécherung ze versécheren.
Wann Dir Ären neien Auto ausgewielt hutt, freet Ären Händler den Numm vun Ärem Versécherer, fir déi „gréng Kaart“ ze kréien, dat heescht de Versécherungscertificat, deen Dir braucht, fir en règle ze sinn, soubal Dir de Garage verloosst. Denkt drun, Äre LALUX-Agent ze prevenéieren, fir datt hien d’Assurance vun Ärem ale Gefier annuléieren an de Wiessel organiséiere kann.
Déi selwecht Prozedur gëllt, wann Dir e Leasingauto mat Time2Lease wielt.
Transaktiounen tëschent Privatpersounen: dat musst Dir wëssen
Wann Dir eng Occasioun vun enger Privatpersoun kaaft, musst Dir déi follgend Schrëtt ënnerhuelen:
- Mise hors circulation (Ofmeldung) vum Gefier (wann de fréiere Besëtzer dat nach net gemaach huet)
- Umeldung vum Gefier bei der SNCA. Äre LALUX-Agent ënnerstëtzt Iech bei dëse Prozeduren a besuergt Iech den néidege Versécherungscertificat
Hei d’Dokumenter, déi Dir braucht:
- Europäesche Konformitéitscertificat (wann déi éischt Umeldung nom 1. Februar 2016 war)
- gültege Certificat vum Contrôle technique
- ausgefëllt an ënnerschriwwen Umeldungsformulairen
- Kafkontrakt mam fréiere Besëtzer
- Identitéitsdokument (Pass oder Carte d’identité)
Bei importéierte Gefierer sinn zousätzlech Schrëtt ze ënnerhuelen. Dir fannt dës an eisem Guide.
Fuert entspaant mat LALUX
Fir e fléissende Wiessel op Ären neien Auto, frot Äre LALUX-Agent ëm Rot an entdeckt d’Versécherungsléisunge vun easyPROTECT Auto, déi perfekt op Är Besoinen zougeschnidde sinn.
Wann Dir dës Rotschléi befollegt, genéisst Dir Äert Fuererliefnes zu Lëtzebuerg voll a ganz. Bonne route!