Expats verëffentlecht den 26.08.2024
Zu Lëtzebuerg seng Versécherung wielen

Dir plangt, Iech zu Lëtzebuerg ze installéieren? Fir Iech ze hëllefen, Iech heizuland am Versécherungssystem erëmzefannen an Iech, genee ewéi Är Gidder, ze schützen, faasst dëse Guide déi wichtegst Informatiounen iwwer déi lëtzebuergesch Spezifizitéiten am Verglach mat Ärem Hierkonftsland zesummen.

  • Wëllt DIr berode ginn?

    Fannt Ären Agent

    Autosassurance

    Zu Lëtzebuerg ass nëmmen d'Autohaftflichtversécherung fir all d'Chaufferen obligatoresch. Fir Äert Gefier awer méi komplett ofzesécheren, kënnt Dir Iech och fir eng Kasko-Versécherung entscheeden, déi am Frankräich ënnert dem Numm „Tout-risque” oder an der Belsch als „Omnium” bekannt ass. Dës erweidert Garantie géint Schied, déi un Ärem Gefier verursaacht ginn, bitt deemno méi en héije Versécherungsschutz. Si ass an der Formel Performance vun easyPROTECT Auto abegraff a schützt Äert Gefier an, wann Dir dat wëllt, esouguer Äert Gepäck, optimal.

    De Chauffer ass déi eenzeg Persoun, déi ni duerch seng eegen Auto-Haftflichtversécherung ofgeséchert ass. Hie muss deemno eng zousätzlech Versécherung ofschléissen, fir am Fall vun engem Accident vu finanzieller Hëllef profitéieren ze kënnen. D'Versécherunge fir Chauffere garantéieren en optimale Schutz an erlaben Iech esou, an aller Rou mam Auto ënnerwee ze sinn.

    Et ass och nëtzlech ze wëssen, datt de Bonus-Malus-System zu Lëtzebuerg an zwee opgedeelt ass: Een Deel betrëfft d'Haftflichtversécherung an den aner d'Materialschied. Mat der Formel Performance vun easyPROTECT Auto bleift, am Fall vu renge Materialschied, Äre Malus onverännert an d'Schied un Ärem Gefier ginn ouni Auswierkung op Är Primm iwwerholl. A mat der Formel Confort hutt Dir esouguer Usproch op en Joker: Wann et bannent 3 Joer net zu engem Kasko-Schued kënnt, gëtt Är Primm fir d'Materialschied beim éischte Kasko-Accident net an d'Luucht gesat.

    Assurance fir Haus a Wunneng

    Och wann se net obligatoresch ass, leeë mir Iech eng Versécherung fir Haus a Wunneng staark un d'Häerz. Dir musst wëssen, datt déi meescht Proprietären esou eng Versécherung verlaangen, fir Materialschied ofzedecken, déi wärend der Locatioun entstoe kéinten. Dës Assurance bitt dem Locataire oder Proprietär verschidden Optioune fir vill méi ewéi nëmmen hir Miwwelen ze versécheren, an esou hiert Doheem komplett ze schützen. Verschidden Assurancen, zum Beispill easyPROTECT Habitation, bidden esouguer d'Méiglechkeet, Är Reesen, Äre Vëlo oder Är Solarpanneauen ze versécheren.

    Wichteg ass ze wëssen, datt d'Familljenhaftflicht net ëmmer wéi am Frankräich an der Hausversécherung abegraff ass, denkt also drun, dono ze froen oder se ofzeschléissen, wann dir mat Ären Agent schwätzt.

    Nëtzlech Zousazversécherungen

    Fir Remboursementer vu Gesondheetskäschten, déi nëmmen deelweis oder guer net vun der Gesondheetskeess (CNS) iwwerholl ginn, ze ergänzen, kënnt Dir eng Zousazkrankeversécherung ofschléissen, déi d'Hospitalisatioun, Behandlungen un den Aen oder un den Zänn an Dokteschkäschten am Ausland ofdeckt.

    Wann Dir Äert Akommes an der Pensioun optiméieren oder Är Léifsten am Stierffall ofséchere wëllt, ass den Ofschloss vun enger Liewensversécherung eng interessant Optioun. Déi meescht vun dësen Assurancë kënne steierlech ofgesat ginn an erlaben Iech deemno all Joer Steieren ze spueren.

    Gutt ze wëssen

    Verschidden Assurancëcotisatiounen a -primme kënne bannent de gesetzlech festgeluechte Grenze vun Äre Steieren ofgesat ginn. Dat ass besonnesch de Fall fir all Assurancëprimmen, déi engPersoun oder hir Haftflichtversécherung ofdecken: Autohaftflicht, Hausversécherung, Liewensversécherung, Stierffallversécherung, Onfallversécherung, Gesondheetsversécherung, Altersvirsuerg asw. Entdeckt all d'Méiglechkeete fir Steieren ze spueren an dobäi beschtens verséchert ze sinn! 

    Äre Versécherungsagent

    Zu Lëtzebuerg ass et ni wäit bis bei Äre Versécherungsagent, deen Iech wärend der ganzer Geschäftsbezéiung begleet an Iech am Fall vun engem Schued wäertvoll Hëllef leescht. Duerch dësen enke Kontakt ass et méi einfach, sech auszetauschen an Är Assurancëkontrakter iwwer déi ganz Dauer ze geréieren.

    LALUX ass zanter iwwer 100 Joer zu Lëtzebuerg aktiv an domat kënnt Dir vun deem gréisste Reseau vu Versécherungsagenten am Land profitéieren. Et gëtt ganz bestëmmt een an Ärer Géigend, deen och Är Sprooch schwätzt. D'Qualitéit vum Service vun der Gesellschaft ass zanter laangem unerkannt a LALUX koum a puncto Qualitéit vum Service op déi éischte Plaz vun den Assurancen. Fannt hei den Agent, deen am nooste bei Iech ass.

    Virdeeler

    Och wann d'Assurancëprimmen zu Lëtzebuerg Iech vläicht héich virkommen, muss ee bedenken, datt d'Franchisen extreem rar sinn an datt Schied besser entschiedegt a méi séier ofgewéckelt ginn. Dat bedeit, datt Dir besser ofgeséchert sidd an Äre Kapp a Rou leeë kënnt.

    Am Resumé

    Als Expat zu Lëtzebuerg ass et wichteg, déi verschidde Versécherungsptiounen ze verstoen, an déi auszewielen, déi am beschte bei Är Besoinen a bei Är Situatioun passen. Wann Dir Iech mam Lëtzebuerger Versécherungssystem auserneesetzt a mat engem Versécherungsagent vun Ärem Vertrauen zesummeschafft, kënnt Dir sécher sinn, datt Dir selwer, Är Famill an Är Gidder adequat geschützt sinn. En Agent vu LALUX, d'Nummer 1 bei der Zefriddenheet vun de Clienten, beäntwert gären all Är Froen.

    Wëllt Dir berode ginn?

    Fannt Ären Agent