Versécherunge fir Familjen,easyPROTECT Haus & Wunneng verëffentlecht den 03.05.2024
Firwat ass d'Familljenhaftflicht esou wichteg?
  • Familljenhaftflicht

    Méi dozou

    Sécherheet fir d’Famill a finanziell Entspaantheet

    Si ass zwar zu Lëtzebuerg net obligatoresch, an awer ass d’Familljenhaftflicht e wichtege Pilier fir d’finanziell Ofsécherung vun Iech an Ärer Famill. Dëse Versécherungsschutz ass effektiv immens wichteg, wann Dir, d’Membere vun Ärer Famill, Är Hausdéieren oder esouguer Géigestänn, déi Iech gehéieren, onbeabsichtegt kierperlechen oder materielle Schued bei anere verursaachen.

    E kruziale Schutz am deegleche Liewen

    Bei de gewinnten deeglechen Aktivitéite kënnen zu all Moment kleng Accidenter geschéien. En typescht Beispill ass dat vun Ärem Jong, deen dobausse Basket spillt an ongewollt de Réckspigel vun engem an der Strooss geparkten Auto futti mécht. Et ginn awer och nach aner Virfäll. Sou kann et och virkommen, datt Dir bei der Aarbecht am Gaart den Zonk vun Ärem Noper beschiedegt oder datt Äert Meedchen op Silvester bei Äre Frënn ongewollt iwwer dem Spillen eng wäertvoll Vas ëmgeheit.

    A priori sinn dat vläicht kleng Virfäll, d’Käschte fir d’Reparatur oder d’Ersetze kënnen awer richteg héich sinn. Ëmsou méi wichteg ass et, gutt verséchert ze sinn, fir all onerwënscht finanziell Auswierkungen ausschalten ze kënnen.

    Véierbeeneg Frënn ënnert Ärer Verantwortung

    Är Hausdéieren – mat Fiederen oder Pelz – sinn en integrale Bestanddeel vun Ärer Famill. Dir sidd frou mat hinnen an och fir hiert Wuel verantwortlech, mee genee esou gutt musst Dir fir Schied opkommen, déi si eventuell verursaachen.

    Är dänesch Dogg, déi – matzen an der Pubertéit – ongewollt beim Rolzen e klengt Beagle-Weibche bäisst oder Är vun engem Villchen ofgelenkt siameesesch Kaz, déi dem Noper säi Blummendëppen ëmgeheit, kënne Reparatur- a souguer Dokteschkäschten oder aner Indemnisatiounskäschte verursaachen. Mat enger Familljenhaftflichversécherung kënnt Dir dës finanziell Onanneemlechkeeten oder sozial Spannungen, déi sech aus dëse Mëssgeschécker erginn, aus der Welt schafen.

    Einfach Ënnerstëtzung direkt bei Hand

    D’Familljenhaftflichtversécherung kann an Ärem easyPROTECT Haus a Wunneng-Kontrakt abegraff sinn an deckt dee Moment automatesch all d’Membere vum Stot of – e komplette Versécherungsschutz am Fall vun onerwaarte Virfäll.

    D’Agente vu LALUX stinn Iech zur Säit, wann Dir Froen hutt oder Hëllef braucht, a bidden Iech esou eng perséinlech Ënnerstëtzung a wäertvoll Berodung, fir datt Dir Äre Kapp a Rou leeë kënnt.

    Familljenhaftflicht

    Méi dozou