Versécherunge fir Studenten,easyPROTECT Haus & Wunneng verëffentlecht den 14.07.2024
An aller Rou am Ausland studéieren

Mat rouegem Gewëssen am Ausland studéiere mat easyPROTECT Discover. Dës Versécherung bitt eng komplett Ofsécherung fir Är privat Haftflicht, Är Gesondheet, Är Wunneng an Är Multimediageräter. Loosst Iech Är Experienz net vun Imprevue verdierwen a konzentréiert Iech op dat, wat wierklech wichteg ass: Är Studien an Entdeckungen.

  • easyPROTECT Discover

    Méi gewuer ginn

    Sidd Dir prett fir Äert Studium am Ausland unzegoen? Gléckwonsch! Dann erwaart Iech eng eenzegaarteg Erfarung. Mee hutt Dir och alles gutt duerchduecht?

    Ënnert engem Studium am Ausland versteet een dacks spannend Coursen, memorabel Renconteren a kulturell Entdeckungen. Allerdéngs sinn domat och vill Imprevuen an eng Rëtsch Risike verbonnen, op déi ee sech virbereede muss.

    Fir wat ass eng Haftflichtversécherung esou wichteg?

    An Ärem Alldag kënnt Dir mat Situatioune konfrontéiert sinn, an deenen d’Wichtegkeet vun enger  Haftflichtversécherung net vun der Hand ze weisen ass:

    • En ongléckleche Mëssel: Dir geheit Äre Kaffi ëm, an dat leider op de Laptop vun Ärem Matbewunner. De Stress klëmmt: Wie muss d’Reparatur bezuelen? Ouni Haftflichtversécherung wäert Dir perséinlech fir dës Onkäschte mussen opkommen.
    • Alldeeglech sozial Interaktiounen: Wann Dir am Ausland wunnt, kommt Dir verschiddenste Weeër mat ville Leit a Kontakt. En einfachen Accident kann héich Käschte verursaachen, wann Dir zum Beispill engem anere seng Saache beschiedegt oder eng aner Persoun blesséiert.

    Mat enger Haftflichtversécherung sidd Dir géint d’Konsequenze vun dëse Schied ofgeséchert a kënnt ongeplangt Ausgabe vermeiden.

    E komplette Schutz

    Dat modernt Studentelieweberout vill op der Technologie an dem perséinleche Confort. Dofir huet LALUX easyPROTECT Discover entwéckelt, eng Assurance, déi speziell op d’Besoine vu Studenten ausgeriicht ass. Si deckt dobäi net nëmmen d’Haftflicht of, mee gräift nach wäit doriwwer eraus!

    • Är Wunneng: An Ärer gelounter Studentewunneng kënnt et zu engem Waasserschued. D’Reparaturkäschte kënnen deier ginn. Mat easyPROTECT Discover braucht Dir Iech an dëser Situatioun keng Suergen ze maachen. 
    • Är Gesondheet a Wuelbefannen: Dir gitt krank oder blesséiert Iech beim Sport. D’Dokteschkäschte kënnen am Ausland ënner Ëmstänn ganz héich sinn. Mat där richteger Gesondheetsversécherung kritt Dir déi néideg medezinesch Versuergung, ouni dass de Stresslevel klëmmt. 
    • Är Schaff- a Kommunikatiounsgeräter: Wann de Smartphone oder de Laptop, deen Dir onbedéngt fir Äre Studium braucht, futti geet oder geklaut gouf, da kéint dat Äert Schouljoer schéin op d’Kopp geheien. easyPROTECT Discover schützt Är Multimedia-Geräter a garantéiert den Ersatz oder eng séier Reparatur vun Ären Ekipementer.

    Firwat easyPROTECT Discover wielen?

    Loosst Iech Äert Abenteuer net duerch Imprevue verdierwen. Wielt easyPROTECT Discover a fänkt Äert Studium an aller Rou un. LALUX ass fir Iech do a begleet Iech op Ärem Wee. 

    Sidd prett fir all Moment ze genéissen

    easyPROTECT Discover

    Méi gewuer ginn