Versécherunge fir Studenten verëffentlecht den 26.07.2024
Am Ausland studéieren: Alles wat Dir iwwer Är gesondheetlech Ofsécherung wësse musst

Am Ausland studéieren ass eng spannend a beräicherend Erfarung, et ass awer wichteg, datt Dir Iech gutt iwwer Är gesondheetlech Ofsécherung informéiert, fir onangeneem Iwwerraschungen ze vermeiden. Studenten, déi zu Lëtzebuerg wunnen an op enger Uni am Ausland ageschriwwe sinn, fannen hei eng Zesummefaassung vun allem, wat ee wësse muss, fir gutt ofgeséchert ze sinn, dat Ganzt laut den Informatiounen um Site vun der CNS.

  • easyPROTECT Discover

    Méi dozou

    Affiliatioun zu Lëtzebuerg

    All Lëtzebuerger Student muss bei enger Lëtzebuerger Krankekeess ugemellt sinn. Dir hutt zwou Optiounen:

    1. Coassurance: D’Studente kënne bei hiren Eltere matverséchert bleiwen. Zu den zoustännege Keesen zielen:
      • D’Gesondheetskeess (CNS) fir d’Salariéen aus dem Privatsecteur.
      • D’Krankekeess vun de Staatsbeamten an Employéën am ëffentlechen Déngscht (Caisse de maladie des fonctionnaires et employés publics).
      • D’Krankekeess vun de Gemengebeamten an Employéen am kommunalen Déngscht (Caisse de maladie des fonctionnaires et employés communaux).
      • D’Krankekeess vun der CFL (Entraide médicale des CFL) fir d’Salariéë vun der Lëtzebuerger Eisebunnsgesellschaft.
    2. Perséinlech Affiliatioun: Wann d’Coassurance bei den Elteren net méiglech ass, mussen d’Studente sech perséinlech iwwer de Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) versécheren.
    3. Zousazversécherung: Fir optimal verséchert ze sinn, gëtt recommandéiert, eng Zousazgesondheetsversécherung ofzeschléissen. easyPROTECT Discover, den Assurancë-Package fir d’Studenten am Ausland, gesäit fir dësen Zweck eng Gesondheetsversécherung vir. Si deckt d’Dokteschkäschten of, déi nom Remboursement vun der Lëtzebuerger Krankekeess nach opstinn, a bitt en ideale Schutz wärend Ärem Studium an der Europäescher Unioun.

    Behandlungen am Studieland

    Studien am Ausland gëllen als temporären Openthalt. Wann Dir wärend dësem Openthalt eng medezinesch Behandlung braucht, sinn hei déi wichteg Punkten, op déi Dir, jee no Ärem Studieland, oppasse musst.

    1. Land aus der Europäescher Unioun (EU), dem Europäesche Wirtschaftsraum (EWR) a Schwäiz

    Fir Studenten, déi an engem Land vun der EU, dem EWR oder an der Schwäiz liewen a studéieren, ass d’Europäesch Krankeversécherungskaart (EKVK) wichteg. Fir Persounen, déi zu Lëtzebuerg verséchert sinn, steet d’EKVK op der Récksäit vun der nationaler Krankeversécherungskaart.

    D’EKVK attestéiert, datt een am Openthaltsland Usproch op déi néideg medezinesch Versuergung huet. Esou kann ee sech behandele loossen, ouni den Openthalt ënnerbriechen an op Lëtzebuerg zeréckkommen ze mussen. Wann Dir net aus engem EU-Land staamt, dann deckt d’EKVK d’Dokteschkäschten net an Dänemark, Island, Liechtenstein an an der Schwäiz of.

    • Wat ee virum Depart iwwerpréiwe muss :
      • Vergewëssert Iech, datt Är EKVK gülteg ass.
      • Wann net, frot e provisoreschen Ersatzcertificat iwwer myguichet.lu un.
      • Denkt drun, datt verschidde Leeschtungen, déi zu Lëtzebuerg net rembourséiert ginn, och am Ausland net rembourséiert ginn (z. B. Orthodontie fir Erwuessener, Osteopathie).
    • Lokal Umeldung: Et gëtt recommandéiert, sech am Studieland bei enger Sozialversécherungsariichtung unzemellen. Dat vereinfacht d’Remboursementsdemarchen. Wann eng Umeldung net méiglech ass, geet d’EKVK duer, fir no de lokale Reegele medezinesch versuergt ze ginn.
    • Remboursement vun de Behandlungskäschten :
      • Am Openthaltsland: D’Behandlunge gi vun der lokaler Krankekeess no de lokalen Tariffer rembourséiert.
      • Zu Lëtzebuerg: D’Rechnunge kënnen un d’Lëtzebuerger Krankekeess geschéckt ginn, déi no de lokalen Tariffer rembourséiert. Op Ufro kann e Remboursement no de Lëtzebuerger Tariffer erfollegen.
      • Bei Behandlungen ouni EKVK: Hei mussen d’Käschte virgestreckt an de Remboursement beim Retour op Lëtzebuerg ugefrot ginn.

    Vergiesst net, de Remboursement vun de reschtleche Käschten unzefroen, deen Iech dank easyPROTECT fir Behandlungen an der EU zousteet.

    2. Länner baussent der EU, dem EWR an der Schwäiz mat engem bilateralen Ofkommes

    Verschidde Länner baussent der EU, dem EWR an der Schwäiz hunn e bilateraalt Ofkommes mat Lëtzebuerg ofgeschloss, dat eng Gesondheetsversécherung ënner gewësse Konditiounen erméiglecht: Bosnien-Herzegowina, Cap Vert, Mazedonien, Marokko, Montenegro, Québec, Serbien, Tunesien, Tierkei.

    • Am Virfeld:
      • De Formulaire fir dat jeeweilegt Land, mat deem den Usproch op Naturalleeschtunge wärend dem Openthalt attestéiert gëtt, muss op d’mannst fofzéng Deeg virum Depart ugefrot ginn.
      • Gitt dëse Formulaire bei der Sozialversécherungsariichtung vun Ärem Studieland of, fir Iech unzemellen a genee ewéi d’Residentë vu medezinescher Versuergung ze profitéieren.
      • Informéiert Iech iwwer d’Konditioune vun der Prise en charge a vum Remboursement bei der jeeweileger Ariichtung vum Studieland.
    • Remboursement vun Dokteschkäschten :
      • Dir gitt Är Facturen direkt bei der zoustänneger Ariichtung op der Plaz of, fir no hiren Tariffer rembourséiert ze ginn.
      • Oder Dir schéckt Är Facturen un d’Lëtzebuerger Keess, fir no de lëtzebuergesche Konditiounen an Tariffer rembourséiert ze ginn.
    • Privat Prestatairen: Privat Prestatairen akzeptéieren dëse Formulaire net. An deem Fall sollt Dir Är Käschte bezuelen an de Remboursement da bei der Lëtzebuerger Keess ufroen.

    3. Länner baussent der EU, dem EWR an der Schwäiz ouni Ofkommes mat Lëtzebuerg

    Fir Länner ewéi d’USA, Australien asw., déi keen Ofkommes mat Lëtzebuerg ofgeschloss hunn, gëllen aner Konditioune fir de Remboursement.

    • Remboursement :
      • D’Facturë sinn un d’Lëtzebuerger Keess ze schécken. D’Remboursementer baséieren op de lëtzebuergeschen Tariffer, souwäit dës uwendbar sinn.
      • D’Facturë mussen acquittéiert sinn, kloer medezinesch Informatiounen (keng Coden) enthalen an op Englesch, Franséisch oder Däitsch verfaasst sinn.
    • Zousazversécherung: D’Dokteschkäschte kënne méi héich sinn ewéi zu Lëtzebuerg, an esou kann eng gréisser Differenz tëscht de reelle Käschten an dem Remboursement entstoen. Et gëtt staark recommandéiert, eng speziell Zousazversécherung ofzeschléissen. Wann Dir am Kader vun Ärem Studium ee Semester an deem Land verbréngt, kann d’medezinesch Ofsécherung vun easyPROTECT Discover fir dësen Zäitraum ausgedeent ginn.
    • Lokal Informatiounen: Informéiert Iech bei de lokale Sozialversécherungsariichtunge vun Ärem Studieland iwwer de Fonctionnement vum Gesondheetssystem, d’Käschten an d’Prise en charge vun der medezinescher Versuergung.

    4. Spezialfall: Vereenegt Kinnekräich

    Zanter dem 1. Januar 2021 ass d’Vereenegt Kinnekräich net méi Member vun der EU. An engem Handels- a Kooperatiounsofkommes goufen awer Mesurë fir d’Koordinatioun vun der sozialer Sécherheet bei temporären Openthalter festgehalen.

    • Openthaltstitel: Lëtzebuerger Studenten, déi ufänken, am Vereenegte Kinnekräich ze studéieren, mussen en Openthaltstitel hunn. Méi Informatioune fannt Dir um Site vun der Regierung vum Vereenegte Kinnekräich
    • Fir medezinesch néideg Behandlunge wärend dem temporären Openthalt am Vereenegte Kinnekräich kann d’EKVK benotzt ginn.
    • Limitten: Net dréngend awer geplangte Behandlunge wéi Brëller a Kontaktlënsen, Krounen un den Zänn oder einfach Consultatioune ginn net rembourséiert.

    Am Resumé

    Fir eng adequat gesondheetlech Ofsécherung wärend Ärem Studium am Ausland ze garantéieren, sollt Dir dofir suergen, datt Dir richteg bei enger Lëtzebuerger Krankekeess affiliéiert sidd, jee no Studieland iwwer eng EKVK oder den entspriechende Formulaire verfüügt a mat deene spezifesche Remboursementsprozedure vertraut sidd. Detailléiert Informatioune fannt Dir och op: cns.public.lu/de/assure/vie-privee/etudiant/etudier-etranger.html

    Wann Dir an engem EU-Memberland studéiert, kann eng Zousazgesondheetsversécherung wéi easyPROTECT Discover Är Finanzen entlaaschten. Si deckt d’Dokteschkäschten of, déi nom Remboursement vun der gesetzlecher Keess iwwereg bleiwen, a garantéiert Iech esou, datt Dir suergefräi studéiere kënnt. A wann Dir d’Chance hutt, e Semester baussent der EU ze studéieren, ass och eng Extensioun méiglech. Renseignéiert Iech bei engem vun eisen Agenten. Si hëllefen Iech, dee richtege Choix en fonction vun Ärem Studieland ze treffen.

    easyPROTECT Discover

    Méi dozou