Tipps,easyPROTECT Haus & Wunneng verëffentlecht den 09.10.2024
Assurance géint Iwwerschwemmungen: Äre Rettungsreef bei staarkem Reen

Iwwerschwemmungen, déi ëmmer méi dacks virkommen, sinn eng eescht Bedroung fir eist Doheem. Egal ob si op de Klimawandel oder op aner Facteuren zeréckzeféiere sinn, si kënne beträchtlech materiell Schied verursaachen an d’Liewe vun de Bewunner a Gefor bréngen. Dëse praktesche Guide soll Iech dobäi hëllefen, d’Geforen, déi mat Iwwerschwemmunge verbonne sinn, ze verstoen, déi richteg Moossnamen am Virfeld ze ergräifen, fir Äert Haus ze schützen, an ze wëssen, wéi ee virun, wärend an no enger Iwwerschwemmung reagéiere soll. Zil ass et, Iech kloer Informatiounen zur Verfügung ze stellen, wéi Dir Äert Eegentum schützen an Äre Kapp a Rou leeë kënnt.

  • easyPROTECT Haus a Wunneng

    Entdecken

    D’Iwwerschwemmungsrisike verstoen

    Firwat kënnt et ëmmer méi dacks zu Iwwerschwemmungen? De Klimawandel, déi séier Urbaniséierung an d’Ofholze vun de Bëscher féieren dozou, datt et ëmmer méi heefeg zu Iwwerschwemmunge kënnt an datt dës och méi intensiv sinn. De staarke Ree ka beträchtlech Schied verursaachen, och souguer op Plazen, déi net no um Waasser leien.

    Awer déi spektakulär Iwwerschwemmungen, déi een op der Titelsäit vun den Zeitungen erëmfënnt, sinn net déi eenzeg Risiken, un déi een denke muss. Wann Ären Terrain an engem Hang oder op onstabillem Grond läit, kann et duerch Äerdrutscher zu schwéiere Schied kommen. Mat enger Garage, déi méi déif läit, kann Äre Sous-sol am Fall vu staarkem Ree séier iwwerschwemmt ginn. An da kann och de Réckstau vun den Egouten, besonnesch wann e puer Haiser sech déi selwecht Kanalisatioun deelen, dat knaschtegt Waasser bis an Äert Haus zeréckféieren.

    D’Follge vun dësen Iwwerschwemmunge si villfälteg: direkt Schied, wéi d’Zerstéierung vu perséinleche Géigestänn an d’Beschiedegung vun der Bausubstanz, mee och indirekt Auswierkungen, wéi d’Wäertminderung vun der Immobilie a staarke psychologesche Stress fir d’Bewunner.

    Preventivmoossnamen: Wat kann ee VIRUN Iwwerschwemmunge maachen?

    D’Preventioun ass immens wichteg, fir Schied bei Iwwerschwemmungen ze limitéieren. Och wann d’Gemengen an de Staat vill Mesurë virgesinn hunn, fir Iwwerschwemmungen a staarke Reen an de kommende Joren ze verhënneren, misst och all Bierger déi Mesurë kennen, déi him selwer zur Verfügung stinn, fir säin Eegentum ze schützen.

    Op dësen Niveaue kënnt Dir am Virfeld aktiv ginn:

    Wann Dir drun denkt, en neit Haus ze bauen, dann ass et wichteg, déi richteg Plaz auszewielen. Evitéiert, wa méiglech, Iwwerschwemmungsgebidder, déi op Spezialkaarten, z. B. déi vum Géoportail, ugewise ginn. An d’Héicht bauen ass och eng effikass Strategie, fir d’Risiken ze minimiséieren.

    Wann Dir schonn an engem Risikogebitt lieft, kënnt Dir verschidde Moossnamen ergräifen, fir Äert Haus besser ze schützen. Sou kann et sech zum Beispill als nëtzlech erweisen, dicht Fënsteren a Barriäre géint Iwwerschwemmunge virun den Dieren a virun der Garage installéieren ze loossen. Och den Asaz vu waasserfeste Materialie bei der Renovatioun vu Banneraim an d’Héichsetze vu kriteschen Installatiounen, wéi z. B. dem Heizungssystem, droen dozou bäi, potenziell Schied ze limitéieren.

    Staatlech Subventiounen

    Lëtzebuerg bitt Subventiounen un, mat deenen de Finanzement vu Schutzmoossname géint Iwwerschwemmungen ënnerstëtzt gëtt. D’Subventiounen decke bis zu 75 % vun de Käschte fir verschidde Verbesserungen of, dëst bannent de follgende Limitten:

    • 20 000 € fir Eefamilijenhaiser
    • 45 000 € fir Appartementshaiser
    • 75 000 € fir eng Firma, kulturell oder ëffentlech genotzen Haiser.

    Dës Subventioune sinn disponibel fir Proprietären, Gemengen, Betriber a Syndikater, souwäit en Iwwerschwemmungsrisiko nogewise ka ginn. D’Demande muss zesumme mat engem Noweis vum Iwwerschwemmungsrisiko, enger Beschreiwung vun de geplangte Mesuren an enger Präisoffer fir d’Aarbechten un de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit geriicht ginn.

    Perséinlech Virbereedung

    Nieft de strukturelle Mesurë gëtt och geroden, sech perséinlech virzebereeden. Sandsäck stockéieren, fir temporär Barriären opzeriichten, an eng Waasserpompel investéieren an en Noutfallkit mat wichtege Saache wéi Gummisstiwwelen, Medikamenter, Powerbanke fir Äre Smartphone an Täscheluuchten zesummestellen – all dat sinn einfach awer effikass Aktiounen. Denkt och drun, Är wichteg Dokumenter ze schützen, andeem Dir se op enger sécherer Plaz ënnerbréngt oder digitaliséiert.

    Informéiert bleiwen, fir besser reagéieren ze kënnen

    An der Reegel ginn iwwer déi staatlech Internetsitten an d’Medie Schlechtwieder- an Iwwerschwemmungswarnungen diffuséiert. Et ass deemno wichteg, d’Sitte mat zouverlässege Wiederprevisiounen, wéi inondations.lu oder meteoalarm.org reegelméisseg ze consultéieren.

    Fir de Fall vun enger imminenter Gefor huet d’Lëtzebuerger Regierung e Warnsystem per SMS ënnert dem Numm „LU-ALERT” an d’Liewe geruff. Dëse Service, dee vun de Mobilfunkbedreiwer geréiert gëtt, schéckt un all Persoun, déi sech um Lëtzebuerger Territoire befënnt, Warnungen eraus an erlaabt hinne sou, matzäiten déi néideg Mesuren ze ergräifen.

    Aus der Siicht vun den Assurancen

    Wann Dir gëeegent Mesuren ergräift, fir Ären Terrain an Äert Gebai ze schützen, kënnt Dir dës Gefore minimiséieren. An awer gëtt et keen honnertprozentege Schutz. Dofir gëtt geroden, eng Versécherung géint Iwwerschwemmungen ofzeschléissen, fir d’Reparaturkäschten ofzedecken an esou gréissere finanzielle Suergen aus dem Wee ze goen. Eng kleng Investitioun haut kann Iech muer grouss Problemer erspueren.

    De Package Klimagefore vun easyPROTECT Haus a Wunneng deckt déi verséchert iwwerschwemmungsbedéngt Schied of an dréit domat zu engem optimale finanzielle Schutz bäi:

    • Réckstau oder Iwwerlafe vun den Egouten
    • Usammele vu Reewaasser
    • Iwwerlafe vu Gewässer
    • Iwwerschwemmungen
    • Schnéi- oder Äismassen, déi a Beweegung geroden
    • Abrieche vun Terrainen, Äerdrutscher a Senkunge vun Terrainen

    An Ären Auto?

    Dee bleift leider och net verschount. Och Gefierer kënne vun esou Evenementer betraff sinn. D’Garantie Naturgewalte vun easyPROTECT Auto deckt Schied un Ärem Auto of, déi duerch eng Iwwerschwemmung, Schloreen, Iwwerlafe vun den ëffentlechen Egouten asw. entstane sinn. Dës Garantie ass vun der Formel Sécherheet un abegraff.

    Wat ass WÄREND enger Iwwerschwemmung ze maachen?

    • Befollegt ëmmer d’Instruktioune vun den Autoritéiten
    • Haalt Iech ëmmer um Lafende mat den Iwwerschwemmungswarnungen op www.inondations.lu, de Wiederwarnungen op www.meteolux.lu an de Meldungen am Radio oder op der Tëlee
    • Schalt de Gas, d’Waasser, de Stroum of ...
    • Raumt Är Wäertsaachen op méi héich Plazen
    • Gitt, wa méiglech, net eraus a fuert net mam Auto
    • Hëlleft Ären Noperen, passt awer op, Iech net selwer an eng geféierlech Situatioun ze bréngen
    • Rufft nëmmen am Noutfall den 112!

    Wat ass NO enger Iwwerschwemmung ze maachen?

    • Evakuéiert déi geféierlech Gebidder a suergt dofir, datt Dir an Är Léifsten a Sécherheet sidd
    • Dokumentéiert d’Schied, éier Dir mat de Raumaarbechten ufänkt
    • Schalt de Stroum oder de Gas net virun enger professioneller Inspektioun nees an
    • Schützt Iech wärend de Botzaarbechten: Stiwwelen, Händschen, Schutzbrëll ...
    • Desinfizéiert d’Wunneng, fir ze verhënneren, datt Mikrobe sech verbreeden
    • Kontaktéiert d’Pompjeeën, fir d’Waasser no der Iwwerschwemmung ofpompelen ze loossen

    Am Fall vun engem Schued

    Wann Äert Haus vun enger Iwwerschwemmung betraff war, musst Dir séier reagéieren. Hei sinn déi wichtegst Etappe fir eng séier an adequat Indemnisatioun:

    • Dokumentéiert d’Schied: Éier Dir Äert Haus nees an d’Rei setzt, sollt Dir Fotoen a Videoe maachen an eng detailléiert Lëscht vun de Schied opstellen. Markéiert d’Héicht, déi d’Waasser erreecht hat.
    • Informéiert Äre Versécherungsagent esou séier wéi méiglech, fir de Schued ze mellen a him déi gesammelt Beweiser zur Verfügung ze stellen.

    Är Sécherheet geet vir

    Iwwerschwemmunge sinn eng eescht Bedroung, mee wann Dir déi richteg Preventivmoossnamen ergräift an eng entspriechend Assurance ofschléisst, kënnt Dir Äert Haus an Är Famill géint hir finanziell Konsequenzen ofsécheren. D’Onsécherheet vum Klima soll Är eege Sécherheet an déi vun Ärem Besëtz net a Gefor bréngen. Fir all Froen oder eng personaliséiert Hëllef kënnt Dir Iech gären un Äre LALUX-Agent wenden. Hie steet Iech zur Säit, fir Iech bei den néidegen Demarchen ze guidéieren.

    easyPROTECT Haus a Wunneng

    Entdecken