easyPROTECT Haus & Wunneng verëffentlecht den 14.10.2024
Firwat sollt Dir Är Gefierer fir duuss Mobilitéit ofsécheren?

An de leschte Joren huet déi duuss Mobilitéit sech eng fest Plaz op eise Stroossen erobert. Elektresch Trottinetten, E-Biken, Hoverboards ... alles Transportmëttelen, déi net nëmme praktesch mee och ëmweltfrëndlech sinn. Egal ob fir schaffen ze fueren, akafen ze goen oder och einfach nëmmen e bëssen an der Stad ronderëm ze fueren, dës Gefierer hu sech zu onverzichtbare Begleeder entwéckelt. Mee hutt Dir schonn dru geduecht, wat geschitt, wa si geklaut oder beschiedegt géife ginn?

  • Entdeckt de Package

    Duuss Mobilitéit

    En Investissement, dat et ze schütze gëllt

    Dacks muss ee vill Suen an elektresch Trottinetten, Vëloen an aner Gefierer fir duuss Mobilitéit investéieren. Am Duerchschnëtt kann eng elektresch Trottinette e puer honnert Euro kaschten, bei engem E-Bike läit een do scho gäre bei iwwer dausend Euro. Do mécht ee sech scho Kappzerbrieches, wann een dës Gefierer geklaut oder beschiedegt kritt, ouni d’Méiglechkeet ze hunn, se séier gefléckt oder ersat ze kréien. Nieft de finanzielle Käschte geheit dat och Ären Alldag op d’Kopp, besonnesch wann dës Gefierer fir Är reegelméisseg Deplacementer wichteg sinn.

    Ënnerschat Risiken

    Duuss Mobilitéit ass ouni Zweiwel praktesch, et ass een awer och hei net virun ongeplangten Tëschefäll sécher. Och gutt geséchert kann Äre Vëlo, deen op der Strooss geparkt ass, zu der Zilscheif vun engem Déif ginn.

    Ausserdeem kënnen och Chutten oder e klengen Accrochage deier Schied verursaachen, sief et um Gefier selwer oder u sengen Accessoiren.

    De Kapp a Rou leeë mat easyPROTECT Haus a Wunneng

    Hei ka sech déi speziell Optioun vum Kontrakt easyPROTECT Haus a Wunneng als méi wéi nëtzlech erweisen. De Package Duuss Mobilitéit ergänzt d’Basisgarantië vum Kontrakt, déi schonn Är Familljenhaftflichtversécherung fir Materialschied oder Persouneschied, déi Dir bei anere Leit verursaache kéint, ëmfaasse kënnen, an erlaabt Iech, e Schratt méi wäit ze goen, andeem Dir Äert spezifescht Gerät géint Déifstall a Beschiedegung verséchert.

    Firwat ass dëse Versécherungsschutz indispensabel?

    1. Déifstall a Materialschied: Ob wéinst engem Accident, versichtem Déifstall oder Vandalismus, d’Reparaturkäschte vun Ärem Gefier fir duuss Mobilitéit ginn iwwerholl. An dat ass nach net alles! Och Är Accessoirë wéi Ären Helm, Är Schutzekipementer oder esouguer Är speziell Kleedungsstécker ginn am Fall vun enger Beschiedegung rembourséiert.

    2. Persouneschied: Dir sidd engem Foussgänger ausgewach a gefall? Dir hutt d’Gläichgewiicht op der glater Strooss verluer? Är Sécherheet ass eis Prioritéit. Wann Dir eng Versécherung fir Persouneschied ofschléisst, profitéiert Dir am Fall vu Verletzunge vun enger kompletter Prise en charge. Et ass e gutt Gefill ze wëssen, datt een déi néideg Ënnerstëtzung fir säi Wuelbefanne kritt.

    3. Entspaant am Alldag: Mam Package Duuss Mobilitéit kënnt Dir ganz berouegt lassfueren, well Dir wësst, datt Dir – an och Är Gefierer – beschtens geschützt sidd. Schluss mat de Suergen iwwer d’finanziell Konsequenzen!

    Tipps fir méi eng sécher Mobilitéit

    Hei sinn e puer Praktiken, déi Dir gären iwwerhuele kënnt, fir Är Gefierer fir duuss Mobilitéit méi sécher ze notzen:

    • Investéiert an e certifiéiert Schlass: E gudden Antivol ass de beschte Schutz géint Déifstall.

    • Dot en Helm un a suergt mat Luuchten dofir, datt Dir gutt siichtbar sidd.

    • Suergt fir e reegelméissegen Entretien vun Ärem Gefier, fir seng Liewensdauer ze verlängeren an optimal Sécherheet ze garantéieren.

    Profitéiert ouni Stress vun Äre Gefierer fir duuss Mobilitéit

    Är Gefierer si méi wéi just Gadgeten, si erliichteren Ären Alldag. Mat där richteger Assurance kënnt Dir Är duuss Mobilitéit a vollen Zich genéissen, ouni Iech iwwer ongeplangt Tëschefäll musse Suergen ze maachen. Well am Endeffekt ass déi richteg Fräiheet déi, entspaant fueren ze kënnen.

    Entdeckt d’Assurance easyPROTECT Haus a Wunneng a maacht Iech ganz entspaant op de Wee!

    Entdeckt de Package

    Duuss Mobilitéit