Versécherunge fir Familjen,easyPROTECT Haus & Wunneng verëffentlecht den 24.05.2024
D’Haftflichtversécherung vun Ärem Hond: Alles wat Dir doriwwer wësse musst

Entdeckt all legal Obligatoiunen, déi ze erfëlle si, wann Dir en Hond zu Lëtzebuerg haalt. Vum Identifikatiounschip bis zum Ofschloss vun enger Haftflichtversécherung, stellt sécher, dass Dir d'Wuelbefannen an d'Sécherheet vun Ärem véierbeenege Kolleeg garantéiert.

  • Familljenhaftflicht

    Entdecken

    Gesetzlech Verflichtunge fir Hondsbesëtzer

    Soubal Dir Iech zu Lëtzebuerg en neie véierbeenege Frënd an d’Haus huelt, musst Dir fir d’éischt kucken, ob hien en elektroneschen Chip fir d’Identifikatioun huet, oder dofir suergen, datt en ee kritt. Vergiesst net, en an der Gemeng an där Dir wunnt, bannent véier Méint no senger Gebuert oder senger Adoptioun unzemellen. Wann Dir plënnert oder wann eng aner Persoun Proprietär vum Hond gëtt, hutt Dir ee Mount Zäit, fir dës Deklaratioun ze maachen.

    Dir braucht dofir:

    • e Certificat vun Ärem gewinnte Veterinär mat Informatiounen iwwer d’Rass, d’elektronesch Identifikatioun an d’Impfunge vun Ärem Mupp
    • eng Bescheinegung vun der Haftflichtversécherung, mat där eventuell Schied duerch Ären Hond ofgedeckt ginn

    Nieft der Umeldung vun Ärem treie Begleeder ass et och wichteg ze wëssen, datt Dir eng Hondssteier vu mindestens 10 € bezuele musst, déi jee no Gemeng variéiere kann. Hei gëtt drop higewisen, datt Blannen- oder Déngschthënn (wéi déi vun der Police, der Arméi oder der Douane) vun dëser Steier befreit sinn.

    Wann Dir vergiesst, dës Virschrëft ze erfëllen, kann et zu enger Geldstrof kommen. Gitt deemno kee Risiko an an ënnerhuelt déi néideg Schrëtt, fir d’Sécherheet an d’Wuelsi vu jiddwerengem ze garantéieren.

    Schützt Äre véierbeenege Frënd mat enger Haftflichtversécherung

    Wann Dir en Hond hutt, ass et wichteg, eng Haftflichtversécherung ze hunn, fir sech am Fall vun engem Schued keng Suerge maachen ze mussen. Stellt Iech vir, Ären Hond buddelt am Gaart vun Ärem Noper e Lach a beschiedegt seng Planzen, oder, nach méi schlëmm, e provozéiert en Accident, wann en enger Kaz aus dem Quartier noleeft. An dësem Fall kënnt Dir fir de Schued haftbar gemaach ginn an Dir musst déi betraffe Persounen entschiedegen. An hei trëtt déi obligatoresch Haftflichtversécherung fir Hënn op de Plang. Si deckt Virfäll of, bei deenen Ären Hond materiell oder kierperlech Schied bei anere Leit verursaacht, andeem en zum Beispill eng Persoun um Vëlo ëmgehäit oder de Bréifdréier bäisst. Fir finanziell Iwwerraschungen ze vermeiden an Är Haftung ofzesécheren, ass deemno eng gutt Assurance onëmgänglech!

    Wann d’Familljenhaftflicht an Ärem LALUX-Kontrakt abegraff ass, an dat ass an der Reegel de Fall bei Ärer easyPROTECT Haus a Wunneng, da sinn Är Déieren automatesch matverséchert. De Versécherungscertificat kënnt Dir ganz einfach iwwer Är easyAPP ufroen. Wann Ären Hond zum Beispill beim Spadséieregoen en aneren Hond bäisst, iwwerhëlt Är Haftflichtversécherung d’Veterinärskäschten.

    Wat een iwwer potenziell geféierlech Hënn wësse muss

    Wann Dir en Hond hutt, deen an d’Kategorie „potenziell geféierlech“ agestuuft ass, da gëllen nieft den übleche Formalitéiten nach e puer weider Reegelen.

    Dat betrëfft spezifesch Rasse wéi de Staffordshire Bullterrier, de Mastiff, den American Staffordshire Terrier, den Tosa Inu, de Pitbull an de Boerboel. Fir en Hond vun enger vun dëse Rasse besëtzen ze kënnen, muss een eng Besëtz- oder Importatiounserlabnes vum Landwirtschaftsministère kréien.

    All weider Detailer zu dësem Theema fannt Dir op der Websäit vu Legilux

    Fir déi néideg Autorisatioun ze kréien, musst Dir déi follgend Dokumenter virweisen:

    • en Diplom, dee beweist, datt Dir spezifesch Formatiounscoursen an enger agreéierter Hondsschoul, wéi zum Beispill dem Hondsclub Gaasperech oder der LAK, matgemaach hutt
    • e Certificat vum Veterinär, datt d’Déier kastréiert ass
    • e weidere Certificat, aus deem ervirgeet, datt den Hond d’Erzéiungscoursen (mindestens 24 Stonnen) gepackt huet
    • an en eidele Casier, wann Dir groussjäreg sidd

    Dir musst och wëssen, datt Hënn, déi als potenziell geféierlech ugesi ginn, iwwerall un der Léngt gefouert musse ginn.

    Mir roden Iech, Ärem LALUX-Agent matzedeelen, datt Dir en Hausdéier hutt, besonnesch wann et sech ëm en Hond aus der sougenannter geféierlecher Kategorie handelt. Hie kann dann Äre Kontrakt ënnert d’Lupp huelen an, wann néideg, eng Extensioun vun der Garantie fir en optimale Schutz vun Ärem treie véierbeenege Begleeder virschloen!

    Familljenhaftflicht

    Entdecken