Versécherungsléisungen fir professionnel Clienten verëffentlecht den 25.09.2024
Mat deem richtege Schutz den Erfolleg vum Betrib sécheren

Onofhängeg vum Secteur, an deem Dir täteg sidd, oder vun der Gréisst vun Ärem Betrib ass et immens wichteg, mat engem optimale Schutz den dagdeegleche Risiken entgéinttrieden ze kënnen. Problemer mat der Fäerdegstellung vun Aarbechten, Wueren, déi Feeler hunn, d’Ewechfale vun enger Schlësselpersoun oder gréisser Evenementer wéi e Brand oder eng Iwwerschwemmung – Een eenzegen Tëschefall geet duer, fir den Erfolleg oder esouguer de Fortbestand vun Ärem Betrib a Gefor ze bréngen.

  • Wëllt Dir berode ginn?

    Fannt Äeren Agent?

    Schutz am Beräich vun der zivilrechtlecher Haftung

    E Betrib féiere bedeit heiansdo, perséinlech haftbar ze sinn. Déi finanziell Konsequenzen aus der zivilrechtlecher Haftung kënnen ënner Ëmstänn hefteg sinn, besonnesch wann Dir mat Feeler am Kader vu Geschäftsbezéiungen, mat Concurrence déloyale oder mat Feeler am Zesummenhang mat den Aarbechtsbedéngunge konfrontéiert sidd. Fir sech géint dës Risiken ofzesécheren, ass et immens wichteg, eng Responsabilité Civile Dirigeant d’entreprise (D&O – Directors & Officers) ofzeschléissen. Dës Assurance bitt Schutz viru Reklamatiounen, déi mat Gestiounsfeeler a Verbindung stinn.

    A verschiddene Secteuren, wéi z. B. bei den Architekten oder Ingenieuren, ass et esouguer gesetzlech virgeschriwwen, eng berufflech Haftflichtversécherung ofzeschléissen. Fir aner Secteure sti verschidde Garantien am Beräich vun der Betribshaftflicht zur Verfügung. Baufachleit kënne sech zum Beispill fir eng Zéngjores-Haftflichtversécherung entscheeden, fir sech géint Schied um Gebai nom Ofschloss vun den Aarbechten ofzesécheren.

    De Besëtz erhalen, d’Aktivitéit weiderféieren

    Äre Besëtz ze schützen, sief dat Gebaier, Wueren oder professionell Ekipementer, ass immens wichteg, fir de finanziellen Impakter vu Schied aus dem Wee ze goen. Mat enger Multirisk-Assurance wéi easyPROTECT PRO kann ee sech komplett ofséchere géint Käschten, déi entstinn, wann een no Tëschefäll wéi dem Broch vu Material, versichtem Déifstall oder Brandschied gezwongen ass, déi beschiedegt Saachen nees hierzestellen, ze reparéieren oder ze ersetzen.

    Är Mataarbechter ofsécheren a motivéieren

    D’Wuelbefanne vun Äre Mataarbechter ass e wichtege Pilier fir den Erfolleg vun Ärem Betrib. Employee Benefits an Är modern RH-Politik anzebannen ass en entscheedende Facteur, fir hinne laangfristeg Sécherheet ze bidden. Eng Zousazpensiounsversécherung, déi vum Employeur finanzéiert gëtt, suergt fir zousätzleche Schutz am Fall vum Antrëtt an d’Pensioun, am Stierffall oder bei Invaliditéit, a bitt donieft och bedeitend steierlech Virdeeler. Eng kollektiv Krankeversécherung verbessert och de Remboursement vun den Dokteschkäschten an ënnerstëtzt d’Fidelisatioun vun den Talenter.

    Déi digital geséchert Plattform easyPENSION PRO vereinfacht dank hirer Transparenz a verbesserter Effikassitéit d’Gestioun an d’Kommunikatioun ronderëm d’Zousazpensiounsversécherungen.

    Doriwwer eraus ass eng betriblech Onfallversécherung eng excellent Ergänzung zu der gesetzlecher Aarbechtsonfallversécherung. Si bitt e bessere Versécherungsschutz am Fall vun Invaliditéit oder am Stierffall, genee ewéi en zousätzleche Remboursement vun Dokteschkäschten am Zesummenhang mat Aarbechtsaccidenter, déi wärend der Ausübung vum Beruff virkommen.

    Fir selbstänneg Dirigeantë bitt eng Léisung fir Zousazpensiounen, déi mat där vun de Salariéë vergläichbar ass, och gréisser steierlech Virdeeler.

    Begleedung op d’Mooss

    Mat enger breeder Gamm u verfügbare Versécherungsoptiounen engagéiert LALUX sech, Iech mat erfuerenen Agenten eng personaliséiert Begleedung ze bidden. Mir bidde flexibel, héichwäerteg Léisungen, déi un Är Situatioun an Äre Secteur ugepasst sinn. Entdeckt de komplette Package easyPROTECT PRO an eis breet Gamm un Employee Benefits, fir de Schutz an de Wuesstem vun Ärem Betrib ofzesécheren.

    Wëllt Dir berode ginn?

    Fannt Äeren Agent?