Versécherungsléisungen fir professionnel Clienten verëffentlecht den 27.09.2024
Mat Employee Benefits op d’Mooss d’Attraktivitéit vun Ärem Betrib boosten

Op engem Aarbechtsmaart, deen ëmmer méi staark ëmkämpft ass, ass et fir all Betrib eng gréisser Erausfuerderung, Talenter unzezéien an ze fideliséieren. Well mir bei LALUX dës Noutwendegkeet verstanen hunn, bidde mir eng vollstänneg Gamm un Employee Benefits un. Mat dëse Virdeeler kënnen Employeure sech vun der Konkurrenz ofhiewen an hiren Ekippe gläichzäiteg optimale Schutz a finanziell Sécherheet bidden. Dës Léisunge si méi ewéi just Lounergänzungen, si sinn e wichtege Pilier vu modernen RH-Strategien, déi zum nohaltege Wuelbefanne vun de Mataarbechter bäidroen.

  • Wëllt Dir berode ginn?

    Fannt Äeren Agent?

    Zousazpensiounsversécherung

    D’Pensioun ass fir all Salarié e wichtegt Uleies. Eng Zousazpensiounsversécherung, déi vum Employeur finanzéiert gëtt, suergt fir laangfristeg finanziell Sécherheet. Si deckt net nëmmen d’Pensioun of, mee och de Stierffall oder d’Invaliditéit a bitt esou den Employéeën an deenen, déi hinnen no stinn, e komplette Versécherungsschutz.

    Dem Employeur bréngen dës Versécherunge substanziell steierlech Virdeeler a si spillen och eng wichteg Roll bei der Fidelisatioun an beim Unzéie vun Talenter.  easyPENSION PRO, eng speziell entwéckelt digital Plattform, vereinfacht de Suivi an d’Gestioun vun dëse Versécherungen. Dësen intuitiven Tool erlaabt den Employeuren, d’Affiliatioune vun hiren Employéeë ganz einfach ze geréieren, an de Mataarbechter, d’Entwécklunge vun hiren Uspréch an aller Transparenz ze suivéieren. D’Employéeë kënnen och decidéieren, hiert Pensiounskapital mat perséinleche Cotisatiounen ze ergänzen en esou vun zousätzleche steierleche Virdeeler ze profitéieren.

    Mat dëser Approche kënnt Dir de Salaires-Package optiméieren a gläichzäiteg de spezifesche Besoine vun Äre Mataarbechter Rechnung droen.

    Betriblech Krankeversécherung

    D’Gesondheet vun den Employéeën ass fir all Patron, dee sech ëm seng Ekippe këmmert, eng Prioritéit. Mat der betriblecher Krankeversécherung vun DKV Luxembourg, Member vum Grupp LALUX, profitéieren Är Mataarbechter vun enger zousätzlecher Ofsécherung fir hir Dokteschkäschten, Consultatiounen, Traitementer an Hospitalisatiounen. Dat erlaabt hinnen, sech ouni finanziell Suergen op hir Aarbecht ze konzentréieren, wat net nëmmen hir Zefriddenheet mee och hiren Engagement fir de Betrib erhéicht.

    Virdeeler, déi den Ënnerscheed maachen

    Investissementer an d’Sécherheet an an d’Wuelbefanne vun hire Mataarbechter erlaben de Betriber net nëmmen, den Turnover ze reduzéieren, mee och d’Motivatioun an d’Produktivitéit vun hiren Ekippen ze boosten. Ausserdeem kënne mat dëse Léisungen d’Käschte reduzéiert an déi intern Sozialpolitik gestäerkt ginn.

    Eng Léisung fir all Betrib

    Déi vum Grupp LALUX ugebueden Employee Benefits-Assurancë kënne komplett op d’Besoinen an op de Budget vun all Entreprise ofgestëmmt ginn. D’Virdeeler kënne flexibel a geziilt fir verschidde Gruppe vun Employéeë konfiguréiert ginn an esou eng Léisung op d’Mooss garantéieren.

    E komplette Schutz fir Äre Betrib

    Onofhängeg vun der Gréisst vun Ärer Entreprise ass en optimale Schutz vun Ärem Besëtz, vun Ärer zivilrechtlecher Haftung a vun Ärem Personal vu gréisster Wichtegkeet, fir den dagdeegleche Risiken entgéinttrieden ze kënnen. Vun der Fäerdegstellung vun Aarbechte bis zu Wueren, déi Feeler hunn, vum Ewechfale vun enger Schlësselpersoun bis zu engem gréisseren Accident, all Risiko kann de Fortbestand vun Ärer Aktivitéit a Gefor bréngen. LALUX proposéiert dofir gëeegent Versécherungsléisungen a personaliséiert Berodung, fir Äre Betrib effikass ze schützen. Kontaktéiert eis Beroder, fir déi Léisung ze entdecken, déi Äre Besoinen entsprécht.

    Wëllt Dir berode ginn?

    Fannt Äeren Agent?