Infoen & Tools/FAQ/Wat soll ech maachen, wann ech mech net (méi) alogge kann?

Wat soll ech maachen, wann ech mech net (méi) alogge kann?

Dir musst ëmmer déi Coordonnéeë benotzen, déi Dir bei Ärer éischter Umeldung/dem Ariichte vum Kont benotzt hutt.
Bei Ärem Passwuert ass d'Kleng- a Groussschreiwung wichteg. Grouss Buschtawen, kleng Buschtawen, Espacen asw. mussen deemno richteg benotzt ginn, fir datt d'Alogge funktionéiert.

Dir kënnt Äert Passwuert beim Login-Prozess oder zu all Moment op easyAPP (an der Rubrik „Paramètres / Mon compte” (Astellungen / Mäi Kont)) änneren.
Wann Dir d'E-Mail-Adress fir Iech anzeloggen ännere musst, da kontaktéiert wgl. eise Support-Service vun easyApp op der Nummer (+352) 4761 - 6147 an Ären Interlocuteur begleet Iech dann duerch déi nächst Etappen.

Wann Dir Feelermeldunge kritt oder wann technesch Problemer optrieden (Maintenance-Aarbechten, Funktioun net disponibel), geet et dacks duer, e puer Stonnen ze waarden an et dann nach eng Kéier ze probéieren.

Wann Dir Iech dann awer nach ëmmer net alogge kënnt, da kontaktéiert wgl. de Support-Service vun easyAPP op der Nummer: (+352) 4761 – 6147.