LALUX Taxi - Konditiounen
Conditions d’assurance
Wann Dir net an der Lag sidd, selwer Auto ze fueren, rembourséiert Iech d’Gesellschaft d’Taxiskäschten, fir Iech sécher heemzebréngen. Dëse spezielle Service gëtt u private Clienten ugebueden (Personnes morales net mat abegraff) ënner de follgende Konditiounen a Limitten:
- d’Garantie ass limitéiert op Autoen, déi bei LALUX ënnert der Versécherungsformel „Performance” (verséchert Gefier) verséchert sinn
- vum Service LALUX Taxi kënne follgend Persounen profitéieren: de Preneur d’assurance, säi Partner an/oder seng Kanner (verséchert Persounen)
- d’Interventioun vun der Gesellschaft beschränkt sech op den Heemwee
- déi verséchert Persoune sinn tatsächlech mam versécherten Auto komm
- fir de Réckwee waren déi verséchert Persounen net méi an der Lag, fir selwer ze fueren
- d’Transportkäschte sinn op 200 EUR fir en Trajet vun héchstens 70 Kilometer limitéiert
Dir hutt Usproch op 3 LALUX Taxi-Trajete pro versécherten Auto iwwer déi ganz Lafzäit vun der Campagne.