Sécher heemkomme mat LALUX Taxi
Méi dozou

LALUX Taxi

D’Garantie, datt Dir sécher heemkommt

Är Sécherheet ass eng absolut Prioritéit. Mat der Optioun LALUX Taxi profitéiert Dir vun 3 Taxifaarten, wann Dir net an der Lag sidd, fir selwer ze fueren. Domat musst Dir Iech no engem festlechen Owend keng Gedanken iwwer d’Fuere maachen. Dir braucht einfach nëmmen eng Demande fir ee Remboursement iwwer easyAPP anzereechen, an da gëtt Ären Trajet iwwerholl.

Dir sidd op enger flotter Party, wou vill gelaacht a sech ameséiert gëtt. No e puer Glieser ass et keng gutt Iddi méi, sech hanner d’Steier ze setzen. Mat der spezieller Aktioun LALUX Taxi kommt Dir ouni zousätzlech Käschte sécher heem.

Virdeeler

LALUX Taxi

Profitéiert vun 3 Taxifaarte pro Joer, déi an der Formule Performance direkt mat dra sinn oder als Optioun ab der Formule Sécurité kënne gewielt ginn. All Retour bei Iech heem gëtt bis zu 200 € a 70 km rembourséiert.

Informatiounsvideo

Éischt Umeldung bei easyAPP

Wéi identifizéiert ee sech bei easyAPP an easyAPP Home?

 

easyAPP ass déi mobil Versioun vun Ärem espace Client beim Grupp LALUX. Éier Dir Iech umelle kënnt, musst Dir d’App fir d’éischt am App Store oder op Google Play eroflueden.

easyAPP Home ass d’Desktop-Versioun vun dësem perséinleche Beräich. Dir kommt iwwer den Internetsite vum Grupp LALUX ënnert der Adress easyAPPHome.lalux.lu eran a braucht keng Applikatioun erofzelueden.

Soubal Dir déi mobil Applikatioun easyAPP erofgelueden hutt oder wann Dir eng éischte Kéier op op der Connexiounssäit vun easyAPP Home sidd, musst Dir obligatoresch Äre Kont erstellen, dat heescht, „Iech aschreiwen”, fir datt de Grupp LALUX Iech als Client identifizéiere kann.

Hei sinn déi verschidden Etappe vum Aschreiwungsprozess:

  1. Gitt eng gülteg E-Mail-Adress un
  2. Gitt Är LALUX-Clientsnummer, Är DKV-Clientsnummer oder -Versécherungsnummer un (visibel direkt an Ärer E-Mail)
  3. Iwwerpréift/Gitt d’Nummer vun Ärem GSM/Smartphone un
  4. Vérifier/indiquer votre numéro de GSM/Smartphone
  5. Kreéiert e personaliséiert Passwuert

 

Identifizéiert Iech op easyAPP Home

Tutoriels d'inscription

easyAPP - Comment s'inscrire ?

easyAPP Home - Comment s'inscrire ?

easyAPP an easyAPP Home, fir wien ass dat geduecht?

 

LALUX easyAPP an easyAPP Home sinn zwee praktesch digital Tools, mat deenen Dir an Äre perséinleche Privatberäich beim Grupp LALUX erakommt. easyApp ass a Form vun enger mobiller Applikatioun disponibel (iOS an Android), easyAPP Home an der Desktop-Versioun. Dës si fir all aktuell Privatclientë vum Grupp LALUX zougänglech an erlaben hinnen, déi follgend Typpe vu Garantien ze visualiséieren:

  1. Schuedversécherungen (Auto, Haus a Wunneng, perséinlech Géigestänn asw.) 
  2. Haftflichtversécherungen (Familljenhaftflicht, Rechtsschutz, professionell Haftflichtversécherungen)
  3. Onfallversécherungen (Entschiedegung oder Forfait)
  4. Reesversécherungen (op Joresbasis oder punktuell, Assistance-Servicer)
  5. Gesondheetsversécherunge vun DKV Luxembourg (komplementär, integral, Reeskrankeversécherung)
  6. Liewensversécherungen (Pensioun, Virsuerg, Investissement, Reschtscholdversécherung)

 

Méi Informatioun iwwer easyAPP