Expats,Auto verëffentlecht den 01.01.1970
Mobil bleiwen zu Lëtzebuerg

Am Groussherzogtum ass den Auto bal genee esou wichteg wéi Ären Telefon. Esou goufen am Januar 2024 iwwer 678 Autoe pro 1.000 Awunner gezielt. Wéinst der grousser Zuel u Frontalieren erënnert d’Haaptstad, besonnesch an der Woch, un eng Schildkrötecourse, bei där kee vum Fleck kënnt.

  • easyPROTECT Auto

    Découvrir

    Package Duuss Mobilitéit

    Méi dozou

    Den Transport zu Lëtzebuerg

    Am Groussherzogtum ass den Auto bal genee esou wichteg wéi Ären Telefon. Esou goufen am Januar 2024 iwwer 678 Autoe pro 1.000 Awunner gezielt. Wéinst der grousser Zuel u Frontalieren erënnert d’Haaptstad, besonnesch an der Woch, un eng Schildkrötecourse, bei där kee vum Fleck kënnt. 

    Zielt Dir och zu de Passionéierten, fir déi d’Wuel vun eisem Planéit un éischter Stell steet? Da fannt Dir hei d’Moossnamen, déi d’Lëtzebuerger Regierung en place gesat huet, fir Är Trajete méi ëmweltfrëndlech ze gestalten :

    • Wat gëtt et Besseres, wéi vun A op B ze kommen, ouni de Portmonni mussen opzemaachen? Wousst Dir, datt Lëtzebuerg dat éischt Land war, dat am Mäerz 2020 den ëffentlechen Transport gratis gemaach huet an esou zu engem Pionéier am Beräich vun der nohalteger Mobilitéit ginn ass? Jo, Dir hutt richteg héieren, gratis! Dir kënnt Iech deemno gratis deplacéieren an um ganze Gebitt vum Land tëschent Bus, Zuch, Funiculaire an Tram jongléieren.

    • Zu den alternativen Offeren zielen de Covoiturage an den Ausbau vun de Vëlospisten. Wat de Covoiturage ubelaangt, kënnt Dir Iech um Site vu Klaxit by BlaBlaCar Daily, e Portal fir de Covoiturage, dat vun der Regierung ënnerstëtzt gëtt, informéieren. Et ginn och aner Covoiturage-Sitten, wéi zum Beispill blablacar.fr oder pendlerportal.de

    • Dir hutt schonn ëmmer dovu gedreemt, mat engem Elektroauto ze fueren? Kee Problem, d’Netz vun de Luedstatioune gëtt permanent erweidert, fir de motoriséierten Transport un d’Erausfuerderunge vum Klimawandel unzepassen an d’Integratioun vun Elektrogefierer an den Alldag vun den zukünftege Generatiounen ze erliichteren. De Lëtzebuerger Staat subventionéiert a ville Fäll déi privat Bornen, stellt der awer och op ëffentleche Plazen zur Verfügung, z. B. op Parkingen, Autobunn-Raststätten asw. Informéiert Iech op chargy.lu, fir déi ëffentlech Bornen ze geolokaliséieren. Hei fannt Dir d’Adressen an Dir gitt gewuer, ob d’Statioune besat sinn oder net.

     

    D’Schéinheet vum Land am Privatauto entdecken

    Dir hutt schonn e Gefier, dat Dir mat op Lëtzebuerg bréngt? Da braucht Dir nëmmen nach e puer Demarchen ze ënnerhuelen, fir datt Ären Auto legal op der Strooss fuere kann.

    Eng aner typesch Léisung wier, en neien oder en Occasiounsauto bei engem Autohändler oder bei enger Privatpersoun ze kafen. Wann Dir éischter en neien Auto kafe wëllt, rode mir Iech, dat am Januar oder Februar ze maachen. Do leeft nämlech den Autofestival, bei deem all d’Autohändler zu Lëtzebuerg matmaachen. Mir wëllen all gutt Affäre maachen, also näischt wéi lass! Wann Dir awer léiwer eng Occasioun kafe wëllt, dat waart léiwer bis de Juni, fir vun den Avantagë vum AutoOccasiounsFestival ze profitéieren. 

    Egal, ob Dir en neien oder en Occasiounsauto hutt, d’Assurance easyPROTECT Auto bitt Iech 3 verschidde Formelen, fir Är obligatoresch Haftflichtversécherung ze ergänzen. Mat der Formel Performance musst Dir Iech keng Suerge méi ëm d’Ofsécherung vun Ärem Auto maachen. Dir braucht Iech just nach unzestrécken an déi schéi Landschaft ze bewonneren. Wourop waart Dir also nach? 

    Dir hutt ëmmer Loscht op Verännerungen?

    Dir wiesselt Ären Auto gär wéi Äert Hiem? Dann ass de Leasing déi richteg Alternativ fir Iech. Verschidden Employeure bidden hire Mataarbechter dës Léisung un, et ginn awer och Leasing-Offere fir Privatleit. Nach séier e puer nëtzlech Optiounen derbäigebucht (Entretien, Pneuewiessel), a schonn ass ee viru béisen Iwwerraschungen an ongeplangte Reparature geschützt. Mëttlerweil ginn et flexibel Kontraktoptiounen, déi un déi perséinlech Besoinen ugepasst kënne ginn. An dat ass nach net alles, hei ass nämlech d’Kiischt um Kuch: D’Agente vu LALUX schaffe mat Leasing-Partner zesummen a kënnen Iech esou besonnesch gënschteg Offeren ubidden, fir datt och Dir déi rar Pärel fannt. Dir behaalt ausserdeem all d’Avantagë vun Ärer easyPROTECT Auto-Versécherung bäi a profitéiert vun de Servicer a vun der Begleedung duerch Äre gewinnten Agent. 

    Entscheet Iech fir déi ëmweltfrëndlech Mobilitéit a weist Äert gréngt Häerz

    Iech läit vill un der Natur an dorunner, eise schéine Planéit ze retten? 

    Dann ass de Vëlo eng interessant Alternativ, déi manner deier ass wéi den Auto a besser fir Är Gesondheet. Et si virun allem déi nei Liewens- a Mobilitéitsformen, déi dës Zort vu Fortbeweegungsmëttel fërderen. Mam Vëlo vermeit Dir déi riseg Stauen, déi zu Stousszäiten duerch déi grouss Mass un Autoen entstinn. Vergiesst de Mythos, datt den Auto méi séier ass. Den Trajet mam Vëlo dauert net onbedéngt méi laang. Mat deenen neien Elektrovëloe kënnt Dir Iech séier a mat wéineg Effort deplacéieren. 

    Momentan ëmfaasst de Lëtzebuerger Reseau u Vëlospiste 600 km an e gëtt an deenen nächste Jore souguer op 950 km ausgebaut. A wann den Trajet ze laang oder ze ustrengend sollt sinn, d’Vëloe kënnen och gratis am ëffentlechen Transport matgeholl ginn, wa genuch Plazen disponibel sinn. Zu Lëtzebuerg kann ee mam Vëlo grouss Distanzen zeréckleeën, an dat dank der Multimodalitéitvun de Pôle-d’échangen. Hei huet de Staat Vëlosparken, och „bikebox” (fréier MBoxes) genannt, ageriicht, an deenen Dir Äre Vëlo parke kënnt. Op de sou genannte Pôle-d’échangë kënnen d’Benotzer einfach a séier op en anert Transportmëttel ëmklammen. 

    Hei ass e Beispill vun engem Pôle d’échange: Dir huelt de Bus oder den Tram op der Statioun „Luxexpo”, fuert de Kierchbierg erof a klammt op der Statioun „Rout Bréck” eraus. Da klammt Dir an de Funiculaire, deen Iech erof op d’Gare „Pafendall-Kierchbierg” bréngt. Vun do aus kënnt Dir da mam Zuch an den Norde vum Land oder op d’Stater Gare fueren. Wann Dir léiwer mam Vëlo weiderfuert, kënnt Dir déi ëffentlech Vëloe benotzen, fir Ären Trajet op de Vëlospiste fortzesetzen, oder Dir kënnt Ären an enger bikebox geparkte private Vëlo nees ofhuelen. 

    Vergiesst all Ausrieden a puncto Déifstall oder aner Geforen am Zesummenhang mat der duusser Mobilitéit an entdeckt elo de Package „Vëlofueren an duuss Mobilitéit” vun easyPROTECT Haus a Wunneng, deen Iech am Fall vun Déifstall/versichtem Déifstall schützt, genee ewéi am Fall vu materielle Schied. Wousst Dir, datt zu der duusser Mobilitéit och d’Trottinetten, d’Hoverboards oder all anert Fortbeweegungsmëttel, dat net méi séier ewéi 25 km/h fiert, gehéieren? Mat dëser Optioun kënnt Dir Äert nohaltegt Fortbeweegungsmëttel géint Déifstall, materiell Schied an eventuell Verletzunge bei der Benotzung ofsécheren.

    easyPROTECT Auto

    Méi dozou

    Package Duuss Mobilitéit

    Méi dozou