Versécherunge fir Studenten verëffentlecht den 09.07.2024
Suergefräi studéieren: esou kënnt Dir wärend Ärer Studienzäit am Ausland Äre Kapp a Rou leeën

Am Ausland studéieren ass souwuel opreegend wéi och exigent. easyPROTECT Discover bitt eng komplett Versécherung fir Studente géint Imprevuen ze schützen. Dës Couverture beinhalt d'Haftflicht an och de Schutz vun der Wunneng, der Gesondheet an den IT-Geräter. Verwandelt d'Defien an Opportunitéiten a studéiert an aller Rou.

  • easyPROTECT Discover

    Méi dozou

    Dir sidd en zukünftege Student oder fänkt deemnächst eng Ausbildung un a prett, Iech an en neit akadeemescht Abenteuer ze stierzen? Mat engem exklusiven Assurancë-Package kënnt Dir Iech entspaant op eng erfollegräich Studienzäit konzentréieren. Mat sengem ëmfaassende Versécherungsschutz erlaabt easyPROTECT Discover Iech nämlech, dës spannend Etapp vun Ärem Liewe geloossen unzegoen.

    Eng wichteg Virbereedung op en neit Liewen

    Am Ausland studéieren ass eng beräicherend awer och usprochsvoll Erfarung. D’Freed, Är Exame gepackt ze hunn an eng nei Phas vun Ärem Liewen unzefänken, ass och mat logisteschen Erausfuerderunge verbonnen: eng Uni eraussichen, déi passend Wunneng fannen, sech an en neit Ëmfeld integréieren an den Alldag meeschteren. All dës Aufgabe kënnen een erschloen. 

    Fir datt dëst neit opreegend Liewe kee Stress ausléist, ass eng genee Virbereedung onëmgänglech, fir béis Iwwerraschungen am Zesummenhang mat de Finanzen oder der Wunneng ze vermeiden. LALUX huet dofir eng flexibel an innovativ Versécherungsléisung entwéckelt, déi souwuel de Studente wéi och hiren Elteren erlaabt, hire Kapp a Rou ze leeën.

    Schütz Iech géint Imprevuen

    Wann Dir doheem fortgitt, fir am Ausland ze studéieren, ass et immens wichteg, ob all Eventualitéite virbereet ze sinn. Wat geschitt, wann Dir onerwaart Problemer mat den Zänn hutt, wann Äre Laptop futti geet oder Ären Handy geklaut gëtt? Wéi geet ee mat dëse Situatiounen ëm, wann een eng begrenzt medezinesch Ofsécherung a wackeleg Finanzen huet? 

    easyPROTECT Discover vu LALUX gouf speziell fir Studenten a Léierbouwen a -meedercher vu manner ewéi 27 Joer entwéckelt, egal wou si an Europa studéieren. D’Basisversécherung deckt déi privat Haftflichtversécherung genee ewéi de Schutz vun Ärer Wunneng géint Waasser- a Brandschied, Glasbroch a Schied un de Miwwelen of. A verschiddene Länner ass dës Versécherung esouguer obligatoresch, fir en Zëmmer lounen ze kënnen.

    De Schutz, deen Dir verdéngt

    Dat ass awer nach net alles! D’Basisgarantie ka mat weidere Versécherungsoptiounen ergänzt ginn. Dozou gehéiert z. B. de weltwäite Schutz vun den IT-Geräter (Tabletten, Smartphonen asw.) géint Broch an Déifstall. Et gëtt och en zousätzleche medezinesche Versécherungsschutz, deen ideal ass a Länner, an deenen déi obligatoresch Assurance nëmmen en Deel vun de Käschte fir d’medezinesch Versuergung a Behandlungen un den Zänn iwwerhëlt. Am Fall vun enger schwéierer Krankheet oder am Stierffall vum Student oder engem Elterendeel kënnen d’Schoulkäschte rembourséiert ginn. Och d’Käschte fir de Récktransport sinn ofgedeckt. 

    Als Bonus ginn interessant Reduktioune vun den Tariffer ugebueden, wann d’Eltere scho Client bei LALUX sinn.

    A fir déi, déi d’Chance hunn, e Semester op engem anere Kontinent ze verbréngen, kann de Versécherungsschutz fir d’IT-Geräter an d’medezinesch Versuergung fir e begrenzten Zäitraum och iwwer Europa eraus ausgedeent ginn.

    D’Virdeeler vun easyPROTECT Discover

    Avec une bonne préparation, vous pouvez transformer les défis de cette nouvelle vie en opportunités d'apprentissage et de croissance personnelle. easyPROTECT Discover offre une protection globale qui couvre les imprévus du quotidien, que ce soient des incidents domestiques, des problèmes de santé ou des vols. Vous avez également la possibilité de personnaliser votre couverture en fonction de vos besoins spécifiques, assurant ainsi que vous êtes toujours protégés, peu importe où vous êtes. 

    Mat enger gudder Virbereedung kënnt Dir d’Erausfuerderunge vun dësem neie Liewen an eng richteg Chance verwandelen, fir ze léieren an Iech weiderzeentwéckelen. easyPROTECT Discover bitt e globale Schutz géint d’Imprevue vum Alldag, sief dat Tëschefäll doheem, gesondheetlech Problemer oder Déifstall. Dir hutt och d’Méiglechkeet, Äre Versécherungsschutz op Är spezifesch Besoinen ofzestëmmen an esou dofir ze suergen, datt Dir ëmmer geschützt sidd, egal wou Dir grad sidd. 

    De richtege Choix

    Dir wëllt méi doriwwer gewuer ginn? Maacht eng Tarifsimulatioun fir easyPROTECT Discover an entdeckt, wéi mir Iech hëllefe kënnen, datt Dir Är Studentenzäit a vollen Zich genéisse kënnt. Gitt och Dir Deel vun der Studentegemeinschaft, déi vu LALUX geschützt ass, a profitéiert onbeschwéiert vun Ärem akadeemeschen Abenteuer.

    easyPROTECT Discover

    Méi dozou