Versécherunge fir Familjen,Liewensversécherungen verëffentlecht den 24.04.2024
D'Liewensversécherungen erkläert

Entdeckt wat een iwwert Liewensversécherunge wësse muss: Choix vum Kontrakt bis zur Determinatioun vun de Beneficiairen. Schützt Är Léifsten a séchert Är finanziell Zukunft schonn ab haut.

  • D'Liewensversécherungen

    Méi gewuer ginn

    Är Prioritéit ass virun allem Är Léifsten oder Äre Betrib virun de finanziellen Turbulenze vun Ärem Doud ze schützen? Dann ass eng Liewensversécherung déi ideal Léisung. Si bitt Iech och d’Méiglechkeet Virsiicht mat Spueren ze kombinéieren.

    Wat fir eng Zort vu Versécherung soll ee wielen?

    Eng Liewensversécherung erlaabt et, dass am Fall vun Ärem Doud eng definéiert Zomm un Är Léifsten ausbezuelt gëtt. Si kann awer och dozou déngen Iech e Verméigen iwwer eng laang Dauer opzebauen. Heibäi ginn et verschidden Zorte vu Liewensversécherungen:

    • Versécherungen am Stierffall: dëse Kontrakt gesäit vir, dass d’Kapital un déi designéiert Beneficiairen ausbezuelt gëtt, wann déi verséchert Persoun stierft.
    • Versécherungen am Erliewensfall: dëse Kontrakt gesäit vir, dass den Assureur d’Kapital nëmmen dann ausbezilt, wann déi verséchert Persoun um Enn vum Kontrakt nach lieft.
    • Gemëscht Versécherungen: dës Form vu Kontrakt kombinéiert Virsiicht mat Spueren. Egal wat geschitt, déi verséchert Persoun oder hir Beneficiairë kréien e Kapital ausbezuelt.

    Wisou ass eng Liewensversécherung iwwerhaapt wichteg?

    Wéi leet ee seng Versécherungszomm fest?

    D’Versécherungszomm hänkt staark vun Ärer perséinlecher Situatioun a soumat vu verschiddene Facteuren of, wéi:

    • der Unzuel an dem Alter vun Äre Kanner
    • de lafende Käschten
    • de bestoende Kreditter
    • anerem Akommes vun der Famill
    • oder den disponibelen Erspuernisser

    Jonk Famille brauchen allgemeng eng méi héich Ofsécherung wéi eng Koppel ouni Kanner. An der Reegel sinn 3 Joresakommes e gudde Startpunkt.

    Wat den Deel vum Spueren ugeet, ass et virun allem un Iech perséinlech festezleeën, op wéi ee Kapital Dir wëllt kommen oder wéi vill Dir bereet sidd regelméisseg an de Spuerplang anzebuezuelen.

    Wéi wielt ee seng Beneficiairen aus?

    De Beneficiaire ass déi Persoun, déi d’Recht op d’Kapital, also op dee gespuerte Montant, huet:

    • am Erliewensfall vun der versécherter Persoun ass et ganz dacks dës Persoun selwer, also déi déi de Kontrakt ofgeschloss a gespuert huet.
    • am Stierffall vun der versécherter Persoun kritt en Drëtten d’Kapital ausbezuelt. De Choix vun dëser drëtter Persoun ass meeschtens mat enger grousser emotionaler Charge verbonnen.

    De Choix vum Beneficiaire ass eleng dem Preneur d’assurance säin, keng aner Persoun ass autoriséiert Ännerunge virzehuelen. Dëse Choix kann zu all Moment gemaach ginn: beim Ofschloss vun der Versécherung oder wärend der Lafzäit vum Kontrakt. De Preneur d’assurance ka säin oder seng Beneficiairen esou oft ännere wéi hien oder si wëll, an dat ouni zousätzlech Käschten.

    Am Allgemenge leet sech de Beneficaire aus enger klassescher Devolutioun of, et handelt sech dobäi also dacks ëm de Partner oder ëm d’Kanner. Et gëtt gerode vun dëser Designatioun nëmmen dann ofzewäichen, wa se wierklech net gewënscht ass!

    An dësem Fall ginn et dann zwou verschidde Méiglechkeeten e Beneficiaire ze bestëmmen:

    • nominativ, d.h. spezifesch d’Beneficiairë benennen
    • qualitativ, andeems een eng Roll (wéi de Partner oder d’Kanner) definéiert, ouni Nimm ze nennen.

    Eng nominativ Bezeechnung muss reegelméisseg kontrolléiert gi fir sécher ze sinn, dass de Choix nach ëmmer der aktueller Situatioun entsprécht. Eng qualitativ Bezeechnung evoluéiert, ouni dass de Kontrakt ugepasst muss ginn.

    Dir kënnt ganz einfach d’Beneficiairë vun Ärer Liewensversécherung an der easyAPP vu LALUX kucken. An am Fall vun engem Bestietnis, enger Scheedung oder der Gebuert vun engem Kand, ass et wichteg, dass Dir drun denkt Äre Choix ze kontrolléieren, fir dass d’Beneficiairë vun Ärem Kontrakt nach ëmmer déi sinn, déi Dir wëllt hunn.

    Mat dësen Tipps evitéiert Dir fir Är Léifst an onbequeem oder delikat Situatiounen ze versetzen.

    D'Liewensversécherungen

    Méi gewuer ginn