Gesondheetsversécherungen verëffentlecht den 25.06.2024
Vereinfacht Är Demandë fir de Remboursement vu Gesondheetskäschten

Vereinfacht de Remboursement vun Äre Gesondheetskäschte mat DKV Luxembourg an easyAPP. Mat der Applikatioun vum Grupp LALUX kënnt Dir Är Dokumenter mat e puer Klicken areechen an de Status vun Ärer Demande ganz einfach suivéieren. Versuergt d’Originaler a befollegt eis Rotschléi, fir séier an onkomplizéiert rembourséiert ze ginn. DKV Luxembourg garantéiert en effikassen Traitement fir eng optimal Gestioun vun Äre Remboursementsdemanden.

Mat DKV Luxembourg kënnt Dir aus der Corvée vum Remboursement vu Gesondheetskäschten eng einfach a séier Erfarung maachen! Nach ni war et esou einfach, Är Remboursementsdemanden anzereechen, wéi mat easyAPP, der intuitiver Applikatioun vum Grupp LALUX. Entdeckt, wéi Dir Är Demarchë vereinfachen a mat nëmmen e puer Klicke séier zu Äre Remboursementer komme kënnt.

Virbereedung vun den néidegen Dokumenter

Hei sinn e puer Tipps, déi dofir suergen, datt Är Demande séier an effikass traitéiert gëtt:

Sidd Dir bei enger gesetzlecher Krankekeess (zu Lëtzebuerg oder am Ausland) ugemellt?

  • Wann net: Schéckt d’Originalfacturen oder e Scan dovunner an.

  • Wa jo a wann déi gesetzlech (lëtzebuergesch oder auslännesch) Krankeversécherung en Deel vun de Käschten iwwerholl huet: Schéckt de Relevé vum Remboursement an. 

Är Behandlung gëtt net vun der gesetzlecher Krankeversécherung rembourséiert? 

  • Reecht d’Originalfacturen oder e Scan dovunner an. 

Allgemeng gëllt: Wann déi gesetzlech Krankeversécherung hiren Deel iwwerholl huet, musst Dir de Relevé vum Remboursement aschécken. Wann dat net de Fall ass, da reecht d’Originalfacture an.

Accord am Viraus fir spezifesch Gesondheetsleeschtungen

Fir verschidde Behandlungen ass en Accord am Viraus noutwendeg. Fir Zännprotheesen an d’Orthodontie reecht wgl. den Devis, dee vun der obligatorescher Krankeversécherung accordéiert gouf, an der Rubrik „Remboursements DKV” ënnert „Soumettre devis” an. Wann eng Hospitalisatioun geplangt ass, da gitt wgl. d’Eenzelheeten iwwer d’Dauer, d’Plaz an de Grond fir den Openthalt och ënnert „Demande de prise en charge” un.

easyAPP benotzen: eng séier a praktesch Léisung

Vereinfacht Är Remboursementsdemarchë mat easyAPP! Esou geet et:

  1. Luet easyAPP am App Store oder iwwer Google Play erof.

  2. Leet e Kont un a loggt Iech an: Suivéiert d’Uweisungen, fir Äre Kont unzeleeën an Iech mat Ären Identifianten anzeloggen.

  3. Reecht Är Dokumenter an: Scannt déi gefroten Dokumenter (Facturen an/oder Relevé vun der gesetzlecher Krankeversécherung) direkt mat der Scan-Funktioun vun der App oder luet eng PDF-Versioun erop. Vergewëssert Iech, datt d’Dokumenter gutt lieserlech sinn.

  4. Och wann e Scan vun den Originaldokumenter an deene meeschte Fäll duergeet, rode mir Iech, d’Originalfacturen trotzdeem ze versuergen. DKV Luxembourg behält sech d’Recht vir, d’Facturen a Pabeierform unzefroen. Schéckt d’Demande an: Iwwerpréift d’Informatiounen a schéckt d’Demande direkt iwwer d’App an.

D’Benotze vun easyAPP bitt eng Rei Virdeeler

  • Séier: Demanden, déi iwwer d’App agereecht ginn, gi méi séier traitéiert.

  • Einfach: Déi intuitiv Interface mécht et ganz einfach, fir Dokumenter anzereechen.

  • Zougänglech: Dir kënnt de Status vun Ärer Demande direkt an der App suivéieren.

Demanden, déi per Post agereecht ginn, ginn awer nach ëmmer akzeptéiert, wann Dir déi traditionell Methode léiwer hutt. Gitt Är Versécherungsnummer un (Dir fannt se an de Kommunikatioune vun DKV Luxembourg), fir e gudde Suivi ze garantéieren. 

Schéckt Är Dokumenter un:

DKV Luxembourg S.A.
B.P. 845
L-2018 Luxembourg 

Rotschléi, fir de Remboursement ze vereinfachen

  1. Qualitéit vun den Dokumenter: Egal ob Dir Är Dokumenter iwwer easyAPP oder per Post areecht, gitt wgl. drop uecht, datt d’Kopië schaarf a lieserlech sinn.

  2. Iwwerpréift d’Detailer: Éier Dir d’Demande fortschéckt, iwwerpréift nach eng Kéier all d’Informatiounen, fir ze verhënneren, datt den Traitement sech an d’Längt zitt.

  3. Versuergt d’Originaler: Och wann Dir Kopien oder Scannen aschéckt, versuergt ëmmer d’Originaldokumenter. DKV Luxembourg kéint se zu engem spéideren Zäitpunkt ufroen, fir se ze iwwerpréiwen.

Onkomplizéiert Remboursementer

Egal ob Dir easyApp benotzt, fir Är Remboursementsdemandë séier a praktesch ze geréieren oder ob Dir Är Facturë léiwer per Post aschéckt, DKV Luxembourg garantéiert Iech en zäitnoe Remboursement vun Äre medezinesche Käschten. Wann Dir dës einfach Rotschléi befollegt a kloer a komplett Dokumenter areecht, vereinfacht Dir den Traitement vun Ären Demanden a kënnt esou vun engem onkomplizéierte Remboursement a vun deene ville Virdeeler am Gesondheetsberäich vun DKV Luxembourg profitéieren.